COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 01. bis de 07. August

An der Woch vum 01. bis de 07. August ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.000 op 1.310 erofgaangen (-34%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 01. bis de 07. August duerchgefouert goufen, ass vu 7.787 op 6.314 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 17 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 18 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.401. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op de 07. August, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.966 erofgaangen (am Verglach zu 8.904 den 31.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 275.850 op 279.398 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 44,1 Joer.

An der Woch vum 01. bis de 07. August, goufen et 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 85 Joer.

An de Spideeler goufen et 14 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 17 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 65 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,78, géintiwwer 0,62 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 20,75%, géintiwwer 25,68% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 203 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 310 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an allen Altersgruppen erofgaangen. Déi gréisste Baisse gëtt et an den Altersgruppe vun den iwwer 45-Järegen (-39%) an dono bei den 0-14-Järegen (-38%), wärend et bei de 15- bis 44-Järegen eng Baisse tëscht -34% a -35% gëtt.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-14 Joer mat 124 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 358 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der Woch unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren, sou wéi nozevollzéie wéi vill vun de positive Fäll bannent de 14 Deeg virum Testresultat op enger Auslandsrees waren.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 01. bis de 07. August 2022 goufen am Ganze 5.491 Dosissen aginn. 15 Persoune kruten eng 1. Dosis, 52 kruten déi 2. Dosis, 325 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 5.067 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema a 32 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 08. August op 1.289.323.

474.409 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,9% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

RAPPEL: Den Impfzenter Victor Hugo mécht nom 13. August seng Dieren zou

Den Impfzenter Victor Hugo mécht den 13. August um 13:00 Auer zou. Persounen, déi sech impfe loosse wëllen, ginn dozou opgeruff, d'Impfméiglechkeeten an den Dokteschcabineten, Apdikten an dem Impfbus ze notzen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Kee Wocheréckbléck fir d'Woch vum 8. bis de 14. August 2022

Fir d'Woch vum 8. bis de 14. August bréngt de Gesondheetsministère kee Wocheréckbléck eraus. De nächste Réckbléck ass de 24. August 2022 verfügbar.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Fir d'Woch 31 gouf ausnamsweis kee CORONASTEP-Rapport opgestallt.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 17. August 2022 virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Wochen 31 an 32.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert