COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 29. August bis de 4. September

An der Woch vum 29. August bis de 4. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 715 Persoune par Rapport zu 777 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 298 Re-Infektiounen, dat sinn 29% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 287 (27%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 29. August bis de 4. September duerchgefouert goufen, ass vu 4.937 op 4.904 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 7 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 9 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.451. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Op de 4. September, war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.821 erofgaangen (am Verglach zu 1.889 den 28.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 283.681 op 284.464 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 43,7 Joer.

An der Woch vum 29. August bis de 4. September, gouf et keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 4 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 8 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 54 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,87 géintiwwer 1,02 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 14,58%, géintiwwer 15,74% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 111 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 120 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an den Altersgruppe vun 0-9 Joer (-14%), vu 25-49 Joer (-10%) a vu 60-74 Joer (-34%) erofgaangen. An deenen aneren Alterstranchë gouf eng Hausse festgestallt.

Déi gréissten Hausse gëtt et bei der Alterstranche vu 85+ Joer (+63%) an an der Alterstranche vu 75-79 Joer (+38%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun den 0-19 Joer (tëscht 78 a 95 Fäll pro 100.000 Awunner). Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 35-59 Joer mat tëscht 226 an 240 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Déi 1.020 Fäll vu Residenten, déi an der Woch vum 29. August bis de 4. September 2022 positiv getest goufen, sinn analyséiert an ermëttelt ginn. D'Reesen an d'Ausland ass déi heefegst Source vun den Infektioune mat 36%. Duerno kommen de Familljekrees (19%) an d'Aarbecht (8%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (25%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 29. August bis de 4. September 2022 goufen am Ganzen 1.390 Dosissen aginn. 14 Persoune kruten eng 1. Dosis, 21 kruten déi 2. Dosis, 117 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.217 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 21 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 5. September op 1.290.223.

474.549 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

D’Impfungen am Impfbus ginn ouni Rendez-vous gemaach. Dat bedeit, dass ee waarde muss, bis een un der Rei ass. Virun allem bei groussem Undrang, kann dat zu längere Waardezäite féieren. Fir esou Waardezäiten ze vermeiden a fir méi Confort, hutt Dir och d’Méiglechkeet e passende Rendez-vous am Impfzenter, bei engem Dokter oder an enger Apdikt ze huelen.

Reouverture vum Impfzenter Victor Hugo Hal den 13. September 2022

Fir d'Bevëlkerung sou gutt wéi méiglech op eventuell Infektiounswellen am Hierscht a Wanter virzebereeden, mécht d'Lëtzebuerger Regierung den Impfzenter Victor Hugo an der Stad ab dem 13. September nees op. Den Impfzenter ass Dënschdes bis Freides vu 07:00 bis 19:00 Auer a Samschdes vu 07:00 bis 13:00 op.

Et sief drop higewisen, dass den Impfzenter de Samschdeg, 17. September wéinst dem Tour de Luxembourg ausnamsweis zou bleift.

Nieft den Impfzenteren, ass et méiglech sech an Dokteschpraxissen oder Apdikten, déi un der Impfcampagne deelhuelen, souwéi am Impfbus impfen ze loossen. D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu 

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 13. September virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 35 an 36.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert