Informatiounen iwwert déi ab dem 01.08.2022 gëllent Neierunge bei der Loyerssubventioun

D'Gesetz, dat eng Upassung zur Erhéijung vun der Loyerssubventioun virgesäit an soumat een Deel vum Tripartitesaccord vum Fréijoer ëmsetzt, ass den 1. August a Kraaft getrueden. Bei der Ëmsetzung vun de neie Grenzwäerter huet sech allerdéngs erausgestallt, datt an der Versioun vum Text, deen an der Chamber deposéiert a gestëmmt an am Journal officiel verëffentlecht gouf, e materielle Feeler steet. Dëse Feeler betrëfft manner wéi 1% vun der concernéierter Bevëlkerung a gëtt sou séier wéi méiglech duerch een Entworf fir e réckwierkend op den 1. August gëllent Ännerungsgesetz korrigéiert an den 2. September 2022 dem Regierungsrot virgeluecht gëtt.

De materielle Feeler betrëfft d'Akommensgrenz fir den Zougang zum Héchstbetrag vun der Subventioun, deen op 400,00 pro Mount festgeluecht gouf, fir Famillen mat dräi oder méi Kanner . Dës Grenz ass an der Annex vum Gesetz an der Tabell mat de Berechnungsparameter festgehalen. Dës Akommesgrenz (Netto, pro Joer) fir den Zougang zum Héchstbetrag vun der Subventioun pro Mount sollt bei 8.937,00 Euro (Indexchiffer 100) leien. D'Akommesgrenz läit am Tableau aktuell bei 6.937,00 Euro.

D'Konsequenz vun dësem Feeler ass, datt déi betraffe Stéit mat dräi oder méi Kanner, déi ee järlecht Nettoakommes aktuell iwwer 58.269,00 Euro läit, e méi nidderege Montant vun der Loyerssubventioun kréie wéi virgesinn. Et sinn am ganzen 31 Stéit, déi aktuell d'Loyerssubventioun kréien, betraff. D'Héicht vun den bezuelten Subventiounen ass net méi niddereg wéi virum Akraafttriede vum neie Gesetz vum 22. Juli 2022. Nom Recalcul vun de betraffenen Dossieren, ginn déi concernéiert Stéit per Post iwwert de neie Betrag vun der Loyerssubventioun informéiert. De materielle Feeler huet keng Auswierkungen op d'Eligibilitéit vun de Stéit, déi d'Loyerssubventioun kréien.

Et ass virgesinn, datt d'Rektifikatioun vum materielle Feeler réckwierkend op den 1. August gëllt, sou datt all concernéierte Stot - deen opgrond vum materielle Feeler e méi nidderege Montant kritt hätt - d'Differenz ab der Publikatioun vum Ännerungsgesetz kritt. Sou kréien all d'Beneficiairen den initial vun der Regierung virgesinne volle Betrag vun der Aide. Déi concernéiert Beneficiaire brauche keng weider Schrëtt z'ënnerhuelen.

Communiqué vum Wunnengsbauministère

Aktualiséiert