-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli 2022
An der Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 4.485 op 5.741 geklommen (+28%).
-
COVID-19: Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert d'Impfflicht
Den 5. Juli 2022 presentéiert den Experterot säin zousätzlechen Avis iwwert d'Aféierung vun enger Impfflicht géint COVID-19. De Livestream fänkt géint 09:00 Auer un.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS a Sirenen
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 4. Juli 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun engem Test-Warnmessage, deen an enger bestëmmter Zon getest gëtt.
-
COVID-19-Impfung: Eng 4. Dosis fir Persounen ab 70 Joer, souwéi fir Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19
Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), kënne Persounen ab 70 Joer, souwéi Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19, eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien.
-
Den Tristan Willigsecker ass de Gewënner vun der 17. Editioun vum Virliesconcours
Am Kulturhaus zu Miersch hunn sech den 28. Juni 2022 am Nomëtteg déi 15 Finalistinnen a Finaliste vum Virliesconcours getraff. Dës Schüler aus dem Cycle 4, véier Jongen an eelef Meedercher, hate sech ënnert méi wéi 4.500 Participanten am ganze Land qualifizéiert, fir an d'Finall ze kommen an en Text iwwer "Déieren", d'Theema fir dës 17. Editioun vum Virliesconcours, ze presentéieren.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. Juni 2022
An der Woch vum 20. bis de 26. Juni ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 3.985 op 4.485 geklommen (+13%).
-
Zesumme fir d'Wuelbefanne vun de Jonken - Lancement vum Jugendpakt 2022-2025
De 27. Juni 2022 gouf den neie Jugendpakt, a Presenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, um Belval lancéiert.
-
Iwwergangszäit bis Enn dës Jores mat Bezuch op den Teletravail an déi entspriechend Affiliatioun bei der Sozialversécherung fir Frontalieren
Wéinst der aussergewéinlecher Situatioun am Kontext vun der COVID-19-Kris, war beschloss ginn d'Teletravail-Deeg, déi an deem Kader geholl goufen, net ze berécksiichtege beim Bestëmme vun der Legislatioun am Beräich vun der Sozialversécherung fir Frontalieren. Dës aussergewéinlech Dispositioun sollt am Prinzip den 30. Juni 2022 auslafen.
-
Nationalfeierdag 2022
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Livestream vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie
Livestream vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie 23 Juni 2022 Ufank géint 9h20
-
Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2022
Fannt hei de Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2022
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis den 19. Juni 2022
An der Woch vum 13. bis den 19. Juni ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.824 op 3.985 geklommen (+41%).
-
D'Gemengefinanze bleiwe resilient an d'Gemenge belaaschtbar!
3 Méint nom viregte "Conseil supérieur des finances communales" ass de Constat an där jéngster Réunioun vun haut deeselwechte gewiescht, nämlech dass d'Finanzsituatioun vun de Gemengen dynamesch, awer global gesi stabel ass!
-
Fuschnei! E frësche Look an erweidert Funktionalitéite fir den Lëtzebuerger Online Dictionnaire
D'Lëtzebuergescht spillt an eiser villsprocheger Gesellschaft eng wichteg Roll an den Interessi un der lëtzebuerger Sprooch wiisst zënter Joren konstant. All Dag benotzen Dausende vu Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
- Éischt Säit
- ...
- 26
- 27
- 28
- 29
- 30
- ...
- Lescht Säit