COVID-19: Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert d'Impfflicht

Den 5. Juli 2022 presentéiert den Experterot säin zousätzlechen Avis iwwert d'Aféierung vun enger Impfflicht géint COVID-19. Den Experterot, dee sech aus folgende Memberen zesummesetzt: Dr. Vic Arendt, Medezinner-Infektiolog, Service national des maladies infectieuses, Centre hospitalier de Luxembourg; Prof. Dr. Claude P. Muller, Professer, Universität des Saarlandes, Universität Trier; Expert vun der Virologie an Immunologie, Luxembourg Institute of Health; Dr. Gérard Schockmel, Medezinner a Spezialist fir Infektiounskrankheeten, Hôpitaux Robert Schuman; Expert bei der EMA; Dr. Thérèse Staub, Chefdoktesch vum Service national des maladies infectieuses, Centre hospitalier de Luxembourg; Presidentin vum Conseil supérieur des maladies infectieuses; Prof. Dr. Paul Wilmes, Professer fir "Systems Ecology”, Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, Uni Lëtzebuerg; gouf vun der Regierung beoptraagt fir een zousätzlechen medezinesch-wëssenschaftlechen Avis iwwert eng méiglech Impfflicht géint COVID-19 auszeschaffen, dat am Kontext vun der aktueller Entwécklung vun der Pandemie an der Verbreedung vun der Omikron-Variant vum Virus an ënner Berécksiichtegung vun der Progressioun vun der Impfcampagne.

De Livestream fänkt géint 09:00 Auer un.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.

 

Aktualiséiert