-
Investissementer an d’Qualifikatioune vu muer
Den 8. Mäerz 2022 gouf op enger Pressekonferenz vun der FEDIL, a Präsenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, a vum Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, d’Editioun 2022 vun der Etude Les qualifications de demain dans le domaine des technologies de l'information et de la communication (TIC) virgestallt.
-
Transnational Kollaboratioun ronderëm de Nutri-Score – De wëssenschaftleche Kommitee an de Lenkungsausschoss hunn hiren éischte Joresrapport publizéiert
Am Februar 2021 hu sech 7 europäesch Länner, dorënner Lëtzebuerg, zesummegedoe fir d'Aféierung vum Nutri-Score ze ënnerstëtzen.
-
D'Regierung riicht en neie System an, fir d'Populatioun am Fall vun enger akuter Gefor warnen ze kënnen
Déi rezent Wiederen, a besonnesch déi vum Juli 2021, déi en Impakt op d'ganz Populatioun haten, hunn d'Entscheedung vun der Regierung vun 2020 ënnerstrach, fir mat den Aarbechten un engem neien Alarmsystem fir d'Populatioun weider ze fueren.
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 12 Auer un.
-
Accueil vu Leit déi virum Krich an der Ukrain flüchten
Den Aussen- an Europaministère freet sech iwwert d’Generositéit vun der Lëtzebuerger Populatioun an déi vill Initiativen déi d’humanitär Efforten an der Ukrain ënnerstëtzen.
-
On the road to sustainable fashion
An Zesummenaarbecht mat Caritas Lëtzebuerg, am Kontext vun hirem Projet zu nohaltegen Textilien https://rethink.lu/, organiséiert de Ministère fir Konsumenteschutz eng Table ronde.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis de 27. Februar 2022
An der Woch vum 21. bis de 27. Februar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 3.648 op 4.670 eropgaangen (+28%).
-
Stellungnam vum Minister Asselborn am Kontext vum Interview vum 2. Mäerz 2022 um 100,7
Viru mengem Gespréich de Mueren op 100,7 hat ech just d'Aussoe vum Buergermeeschter vu Kharkiv héieren, dee gesot huet, dass dem Putin seng Truppen d'Stad a Ruine verwandelen, souguer e Spidol zerbombt gouf, an an de Stroosseschluechte vill, vill zivil Leit hiert Liewe verluer hunn, a weider riskéieren ze verléieren.
-
Diskutéiert mat! – Participatioun un den Diskussiounsgruppen: No der Ëmfro zu de Préoccupatioune vun de Konsumenter organiséiert de Konsumenteschutzministère Diskussiounsgruppen fir déi opgeworfe Sujeten ze verdéiwen
Méi ewéi 1.000 Äntwerten an 3 Deeg, d'Ëmfro, déi de Konsumenteschutzministère Mëtt Februar lancéiert huet, as op groussen Interessi bei de Verbraucher gestouss. An enger 2. Phase, well de Ministère déi opgeworfen Theme verdéifen an zielt op d'Participatioun vun all de Parties prenantes un den Diskussioungruppen, déi ab Mëtt Mäert organiséiert ginn.
-
Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung
Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass déi temporär Restriktioune fir d'Arees an de Grand-Duché vu Staatsbierger aus Drëttstaate bis den 30. Juni 2022 inklusiv verlängert goufen.
-
D'Taina Bofferding confirméiert dass d'Ukrain via de Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU (UCPM) ënnerstëtzt gëtt
D'Ukrain, déi säit bal enger Woch mat enger Krichssituatioun konfrontéiert ass, huet via de Katastropheschutz-Mechanismus vun der EU eng Demande gemaach fir Hëllef ze kréien. Mat dësem Mechanismus kann déi europäesch Kommissioun d'Liwwerung vun essentielle Gidder koordinéieren, fir d'Zivilbevëlkerung an der Ukrain z'ënnerstëtzen. Domat gëtt un d'Solidaritéit vun de Memberstaate vun der EU appelléiert.
-
D'Auswierkunge vun de steigenden Energiepräisser ofschwächen: de Xavier Bettel, Claude Turmes, Corinne Cahen a Franz Fayot hunn e Moossnamepak géint d'Präisdeierecht am Energieberäich presentéiert
Dëse Méindeg, 28. Februar 2022, huet d'Regierung d'Gas- an Elektresch-Fournisseuren zesummegeruff fir iwwert déi aussergewéinlech Präisdeierecht an d'Versuergung am Energieberäich ze diskutéieren.
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot an dem Energiedësch
D'Regierung informéiert d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot, sou wéi dem Energiedësch, deen haut stattfonnt huet. De Livestream fänkt géint 14:00 Auer un.
-
De François Bausch kënnegt Hëllefsmesuren a militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain un
Den 28. Februar 2022, huet de Vizepremier- a Verdeedegungsminister François Bausch Hëllefsmesuren a militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ugekënnegt. De Minister huet de Moien d'Chamberkommissioun fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung doriwwer informéiert.
-
COVID-19: Start vun der Impfung op Rendez-vous an den Apdikten ab dem 26. Februar
Ab dem 26. Feburar ass et méiglech, sech an enger Apdikt impfen ze loossen, ouni op d'Invitatioun per Post ze waarden. All Persoun iwwer 12 Joer kann e Rendez-vous fir d'Impfung géint COVID-19 an den deelhuelenden Apdikte maachen.
- Éischt Säit
- ...
- 32
- 33
- 34
- 35
- 36
- ...
- Lescht Säit