-
D'Gemenge kruten 2021 iwwer 200 Millioune méi wéi virun der Pandemie geschat!
D'Finanzsituatioun vun de Gemengen ass dynamesch, awer global gesi stabel: dat war de Constat, haut, am Conseil supérieur des finances communales am Inneministère.
-
Presentatioun vum éischte Lëtzebuerger "Kannerbericht"
Den 22. Mäerz 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch zesumme mam Prof. Dr Sascha Neuman vun der Uni Tübingen deen éischten "Nationale Bericht iwwert d'Situatioun vun de Kanner zu Lëtzebuerg" virgestallt.
-
COVID-19-Impfung: eng nei Helpline fir op d'Ängschte vun den net geimpfte Leit z'äntweren
Och wa mëttlerweil bewisen ass, dass d'COVID-19-Impfstoffer Liewe retten, hunn ëmmer nach eng Rei Leit Zweiwel sech impfen ze loossen.
-
"Interview mam Energieminister Claude Turmes"
Interview mam Claude Turmes an der Stëmm vun der Strooss
-
Formulaire fir d'Energieprimm unzefroen elo online
D'Energieprimm fir Stéit mat geréngem Akommes, déi d'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen proposéiert, ass Deel vun engem Moossnamepak, deen déi Stéit ënnerstëtzte soll, déi am stäerkste vun der Präisdeierecht betraff sinn. Dës Energieprimm, déi bei der Pressekonferenz vum 28. Februar 2022 presentéiert gouf, ass den 18. Mäerz 2022 vum Regierungsrot approuvéiert ginn.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 17. Mäerz 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
D'Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Gemenge Bus a Waldbriedemes aktiv an hire Fusiounsbestriewungen
Eppes méi wéi 2 Woche virum Referendum vum 3. Abrëll war en Donneschden den Owend zu Bus eng lescht grouss Informatiounsversammlung zur geplangter Fusioun vu Bus a Waldbriedemes.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung.
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
Reeswarnung - Russesch Federatioun
Opgrond vun de Militäroperatiounen déi Russland géint d'Ukraine ageleet huet, réit d'Lëtzebuerger Regierung senge Staatsbierger dréngend vu Reesen a Russland of.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis de 13. Mäerz 2022
An der Woch vum 7. bis den 13. Mäerz ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.794 op 5.968 eropgaangen (+24%).
-
Internationale Konsumenteschutz-Dag – Fokus op d'Recht gehéiert ze ginn
De 15. Mäerz 2022 ass, ewéi all Joer, den internationale Konsumenteschutz-Dag, un deem un déi 4 Grondrechter erënnert gëtt, déi d'Verbraucher hunn: d'Recht op Sécherheet, d'Recht op Informatioun, d'Recht ze wielen an d'Recht gehéiert ze ginn.
-
Verschidden Impfplaze maachen ab dem 16. Abrëll zou
Ab dem 16. Abrëll maachen déi 2 Impfzenteren Esch-Belval an Ettelbréck an déi verschidde Pop Ups hir Dieren zou.
-
Vereedegung vun der Madamm Jamie Armstrong, chargée d'études beim Musée national d'histoire et d'art
D'Kulturministesch Sam Tanson huet den 10. Mäerz 2022 d'Madame Jamie Armstrong vereedegt. Per arrêté ministeriel vum nämmlechten Dag gouf d'Madamm Armstrong ass zur Chargée d'études beim Musée national d'histoire et d'art genannt ginn.
-
Foiren a Salone – Obligatioun d'Präisser unzeweisen
Am Kontext vum Spring Break erënnert de Konsumenteschutzministère dorunner, dass d'Exposanten de Präis vu Produiten an Déngschtleeschtung vu Produiten a Servicer mussen an Euro, mat allen Taxen, um Produit selwer ubréngen oder no dobäi, esou dass d'Konsumenten en erkennen a liese kënnen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz 2022
An der Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 4.670 op 4.794 eropgaangen (+2%).
- Éischt Säit
- ...
- 31
- 32
- 33
- 34
- 35
- ...
- Lescht Säit