-
Nuvaxovid (Novavax) Impfstoff: Benotzung vum Impfstoff géint COVID-19 ab dem 1. Mäerz 12:00 Auer an den Impfzenteren
Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 23. Februar 2022, huet de Regierungsrot de 25. Feburar decidéiert, fir d'Offer vun den Impfstoffer ëm deen neien Impfstoff Nuvaxovid (Novavax) z'erweideren.
-
Deklaratioun vum Premier- a Staatsminister iwwert d'Situatioun an der Ukrain
No engem ausseruerdentleche Regierungsrot haut de Moien, mécht de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel eng Deklaratioun un d'Press iwwert d'Situatioun an der Ukrain. De Livestream fänkt géint 11 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Februar 2022
An der Woch vum 14. bis den 20. Februar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.871 op 3.648 erofgaangen (-38%).
-
COVID-19 a Spideeler: Erofschrauwen op d'Phas 2 vum Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler
Opgrond vun der positiver Entwécklung bei der Hospitalisatioun vu COVID-19-Patienten, souwuel op der Intensivstatioun, wéi och an der Normalfleeg, huet den nationale Krisestab, zesumme mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Spideeler (FHL), decidéiert de Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler op d'Phas 2 erofzeschrauwen.
-
COVID-19 Impfzenteren: Den Zenter Luxexpo The Box mécht seng Dieren zou an den Zenter Hall Victor Hugo geet rëm op
De provisoreschen Impzenter Luxexpo The Box (Kierchbierg) mécht de 5. Mäerz 2022 definitiv seng Dieren zou. E gëtt duerch den Impfzenter Hall Victor Hugo um Lampertsbierg ersat, deen den 8. Mäerz 2022 nees opgeet.
-
Eropsetze vun der Schoulflicht op 18 Joer
Den 22. Februar 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz um Ministère a Clausen d'Eropsetze vum Schoulflichtalter virgestallt, d'Haaptzil vum Projet de loi relatif au droit à l'enseignement et à l'obligation scolaire.
-
Informatiounsversammlung iwwert dat neit Gesetz iwwert d'Kulturierwen
Am Kader vum Vott vum neie Gesetz iwwert d'Kulturierwen huet d'Kulturministesch Sam Tanson de Pleséier, all interesséiert Persoun z'invitéieren, un enger vun de véier Informatiounsreuniounen iwwert déi nei Paradigmen déi an Zukunft de Schutz an d'Valorisatioun vun eisem Kulturiewe bestëmme wäerten anzelueden.
-
Communiqué: Ophiewe vun der Alarmstuf Rout a Bilan vum Onwieder vum 18. Februar
De Krisestab "Onwieder" koum de Mëtteg um 17:30 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding nach e Mol zesummen, fir de Point vun der Situatioun ze maachen.
-
Alarmstuf Rout "Onwieder" - wa méiglech, gitt heem oder bleift dobannen!
De Krisestab "Onwieder" koum de Mëtteg um 12:30 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding nach e Mol zesummen, fir de Point vun der Situatioun ze maachen.
-
Reunioun vum Krisestab "Onwieder"
Opgrond vun den aktuelle Wiederprevisiounen, ass et méiglech, dass d'Alarmstuf Rout am Laf vum Dag iwwerschratt wäert ginn. Dofir koum e Krisestab "Onwieder" haut de Moien um 09:00 Auer ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch Taina Bofferding zesummen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. Februar 2022
An der Woch vum 7. bis den 13. Februar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 11.003 op 5.871 erofgaangen (-53%).
-
Schwätzt mat – Consumer Dialogue organiséiert vum Konsumenteschutzministère an der Europäescher Kommissioun
Déi nei Verbraucheragenda beschreift d'vebraucherpolitesch Aarbecht vun der Europäescher Kommissioun an den nächste fënnef Joer. Si fält souwuel an d'Zoustännegkeet vun de Memberstaaten, wéi och vun der Europäescher Unioun a muss dowéinst souwuel op nationalem ewéi um EU-Niveau verstanen an ënnerstëtzt ginn.
-
Lancement vum Appel à projets fir Projets vun Tounopnamen
De Kulturministère ass frou, am Kader vun der Reform vu senger Subventionnéierungspolitik d'Aféierung vun engem Ënnerstëtzungsprogramm vun Tounopname vun alle Museksrichtungen unzekënnegen. Zwee Appell-à-projete wäerte pro Joer lancéiert ginn, een am Fréijoer an een am Hierscht.
-
De Flux vun den Textilen zu Lëtzebuerg
Dëst Dokument interesséiert sech fir de Flux vun den Textilen zu Lëtzebuerg, mat engem Accent op d'Quantifikatioun vun den Textiloffäll.
-
Neit COVID-19-Gesetz: Lockerung vu verschiddene Mesuren
Nom Vott vum neie COVID-19-Gesetz duerch d'Chamber, gouf dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie op follgende Punkten adaptéiert:
- Éischt Säit
- ...
- 33
- 34
- 35
- 36
- 37
- ...
- Lescht Säit