-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Januar bis de 6. Februar
An der Woch vum 31. Januar bis de 6. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 14.918 op 11.003 erofgaangen (-26%).
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen Ier, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung, déi vun engem Initiativkommitee presentéiert gouf an de 4. Februar 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vun de Kapitelen I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14:00 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 24. bis den 30. Januar
An der Woch vum 24. bis den 30. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 15.293 op 14.918 erofgaangen (-2%).
-
Beschte Projet an der nohalteger Consommatioun
De Konsumenteschutzministère ënnerstëtzt d'Luxembourg Tech School an Uni.lu bei der Entwécklung vun innovativen digitale Projeten.
-
Reaktioun vum Xavier Bettel op d'Decisioun vun der Université de Lorraine am Kader vu senger DEA-Aarbecht vun 1998
D'Université de Lorraine huet mir gëschter (31.01.2022) hir offiziell Decisioun zu der Aarbecht matgedeelt, déi ech 1998 am Kader vu mengem DEA (diplôme d'études approfondies) geschriwwen hunn.
-
Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung
Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass Lëtzebuerg der Decisioun nokomm ass, d'Recommandatioun (UE) 2020/912 zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, ze änneren.
-
Präsentatioun vum Projet de loi zur Aféierung vum Congé culturel
De 27. Januar 2022 huet d'Kulturministesch Sam Tanson de Projet de loi no. 7948 zur Aféierung vum Congé culturel an der Modifikatioun vu folgende Gesetzer der Presse präsentéiert: 1° vum Code du travail; 2° vum geännerte Gesetz vum 16. Abrëll 1979 iwwert de generelle Statut vun de Staatsbeamten; 3° vum geännerte Gesetz vum 24. Dezember 1985 iwwert de generelle Statut vun de Gemengebeamten.
-
Lëtzebuergesch léieren am Lycée
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 27. Januar 2022 op enger Pressekonferenz am Lycée Michel-Rodange a Presenz vun der Directrice adjointe, Claire Simon, dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e virgestallt, dat zënter der Rentrée 2021/2022 um Stonneplang vun der 4e am Enseignement secondaire classique an am Enseignement secondaire général seng Plaz huet.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 17. bis den 23. Januar
An der Woch vum 17. bis den 23. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 11.734 op 15.293 geklommen (+30%).
-
Pressekonferenz vum Lex Delles, Franz Fayot a Georges Engel iwwert déi aktuell Situatioun an déi zukünfteg Konditioune fir d'Hëllefen fir kleng a mëttel Betriber (PME) a vum Chômage partiel
D'Ministere Delles, Fayot an Engel hunn op enger Pressekonferenz de Point iwwert déi aktuell Situatioun vum Chômage partiel gemach an d'Konditioune vun der Applikatioun an den nächste Méint presentéiert.
-
Verbuet vum Colorant E171 – D'Autoritéiten hunn de Secteur informéiert
D'Reglement zum Verbuet vum Titandioxid, enger Substanz, déi ënner anerem a Séissegkeeten, Knätsch, Pâtisserie, Zoppen oder fäerdeg Produiten benotzt gëtt, gouf de 14. Januar 2022 publizéiert.
-
"Intermédiaires de crédit" – Obligatiounen a Responsabilitéiten
De Ministère fir Konsumenteschutz profitéiert vum Autosfestival fir iwwer d’Obligatioune vum "Intermédiaire de crédit" z'informéieren. Vill Konsumenten hunn d’Gewunnecht, hiren Auto mat engem Kredit ze finanzéieren, dee si iwwert den Händler ophuelen, bei deem si den Auto kafen.
-
Alternativen Impfschema bei enger initialer Injektioun mam Janssen-Impfstoff an enger uschléissender Zousazimpfung mat engem mRNA-Impfstoff an engem zousätzleche Booster mat engem mRNA-Impfstoff
Fir besonnesch de Besoine vu Persoune gerecht ze ginn, déi an europäesch Länner reesen, wou elo en Impfschema mat 3 Impfdosisse verlaangt gëtt, huet d'Regierung decidéiert, dësen alternativen Impfschema als Optioun ze proposéieren.
- Éischt Säit
- ...
- 31
- 32
- 33
- 34
- 35
- ...
- Lescht Säit