De François Bausch kënnegt Hëllefsmesuren a militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain un

Den 28. Februar 2022, huet de Vizepremier- a Verdeedegungsminister François Bausch Hëllefsmesuren a militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ugekënnegt. De Minister huet de Moien d'Chamberkommissioun fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung doriwwer informéiert.

No de Requêtë vun der Ukrain an opgrond vun den aktuellen Entwécklungen op der Plaz, huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet decidéiert letal an net letal Material, logistesch Ënnerstëtzung an eng finanziell Contributioun zur Verfügung ze stellen, esouwéi d'Zuel vun den Zaldoten a Litauen am Kader vun der verstäerkter NATO-Presenz ze verstäerken.

An dësem Kontext, wäert d'Lëtzebuerger Arméi der ukrainescher Arméi 100 Panzerofwierwaffen vum Typ NLAW (Next Generation Light Anti-Tank Weapon) zur Verfügung stellen.

Doriwwer eraus, kritt d'Ukrain 4x4 Jeep Wrangler a 15 Militär-Zelter vun der Arméi gestallt.

Als Member vum MRTT Programm (Multi-Role Tanker Transport) an zesumme mat aner Memberstaaten (Däitschland, Holland, Belsch, Norwegen an Tschechesch Republik), stellt Lëtzebuerg zurzäit der NATO Capacitéiten zur Verfügung fir eng Operatioun fir Fligeren an der Loft ze betanken, déi als Zil huet den alliéierte Loftraum iwwert déi ganz Dauer vun den Interventiounen ze schützen. Doriwwer eraus bitt de Ministère fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung den alliéierte Staaten mat sengem A400M Fliger oder sengem Déngschtleeschtungs-Vertrag mat Cargolux Capacitéiten fir den Transport vu militäreschen an humanitäre Gidder un.

Säit 2016 huet d'NATO 4 multinational taktesch Verbänn an Estland, Lettland, Litauen a Polen opgestallt, déi op engem Rotatiounsprinzip am Kader vun der "Enhanced Forward Presence (eFP) baséieren. Déi Lëtzebuerger Arméi ass zurzäit mat 4 Zaldoten a Litauen stationéiert, déi am Kader vum "Battle Group" Transportcapacitéiten zur Verfügung stellen. Zwee weider Zaldoten goufen e Méindeg de Moien a Litauen geschéckt fir déi Lëtzebuerger Presenz ze verstäerken, déi domat vu 4 op 6 Zaldote klëmmt.

Zousätzlech zur finanzieller Contributioun, déi Lëtzebuerg der Ukrain schonn iwwert d'NATO zur Verfügung stellt, wäert Lëtzebuerg och zu de finanziellen Hëllefsmesurë vun der "Facilité européenne pour la paix (FEP) bäidroen, déi als Zil huet d'Widderstandsfäegkeet vun der Zivilbevëlkerung ze stäerken an d'Souvernänitéit vun der Ukrain ze verdeedegen. Déi europäesch Contributioun an dësem Kontext wäert sech op 500 Milliounen Euro belafen, wouvunner 450 Milliounen fir d'Acquisitioun vu letaler Ausrüstung a 50 Millioune fir net letal Gidder geduecht sinn.

"Et ass eis Flicht d'Ukrain an hir Bierger an dëser Krichsituatioun ze ënnerstëtzen", sou de François Bausch. "Opgrond vun der Urgence an der Verschäerfung vun der Situatioun op der Plaz, huet d'Regierung net gezéckt fir Solidaritéit ze weisen an all dës Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir déi ukrainesch Arméi am Kampf géint déi russesch Invasioun ze ënnerstëtzen."

Communiqué vun der Direktioun fir Verdeedegung

Aktualiséiert