D'Auswierkunge vun de steigenden Energiepräisser ofschwächen: de Xavier Bettel, Claude Turmes, Corinne Cahen a Franz Fayot hunn e Moossnamepak géint d'Präisdeierecht am Energieberäich presentéiert

Dëse Méindeg, 28. Februar 2022, huet d'Regierung d'Gas- an Elektresch-Fournisseuren zesummegeruff fir iwwert déi aussergewéinlech Präisdeierecht an d'Versuergung am Energieberäich ze diskutéieren.

©SIP / Jean-Christophe Verhaegen (de g. à dr.) Franz Fayot, ministre de l'Économie ; Claude Turmes, ministre de l'Énergie ; Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; Corinne Cahen, ministre de la Famille et de l'Intégration
(de g. à dr.) Franz Fayot, ministre de l'Économie ; Claude Turmes, ministre de l'Énergie ; Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État ; Corinne Cahen, ministre de la Famille et de l'Intégration

Bei enger Pressekonferenz zu Senneng, hunn de Premierminister Xavier Bettel, de Minister fir Energie Claude Turmes, d'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen an de Wirtschaftsminister Franz Fayot e Mosssnamepak géint d'Präisdeierecht am Energieberäich presentéiert.

Dës nei Mesuren, déi den 28. Februar 2022 vum Regierungsrot approuvéiert goufen, riichte sech un déi Stéit, déi am schlëmmste vun der Präisdeierecht betraff sinn.

No enger éischter Erhéijung vun der Zoulag fir d'Liewensdeierecht (allocation vie chère) op den 1. Januar 2022, an opgrond vun der Hausse vun den Energiepräisser, huet d'Regierung decidéiert déi vulnerabelst Stéit weider z'ënnerstëtzen. D'Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen erkläert dass "dës Energie-Primm eng cibléiert Ënnerstëtzung fir déi vulnerabelst Stéit an eiser Gesellschaft duerstellt".

D'Regierung huet och decidéiert eng aussergewéinlech Contributioun vum Staat an d'Weeër ze leeden, fir déi extrem Präisdeierecht vum Gas ofzeschwächen an d'Elektresch-Präisser ze stabiliséieren. Doriwwer eraus, wäerten zousätzlech Mesuren op europäeschem Niveau decidéiert ginn. De Minister fir Energie Claude Turmes betount: "D'Regierung proposéiert eng cibléiert an effikass Mesure fir déi Stéit z'ënnerstëtzen, déi aktuell mat enger extremer Präisdeierecht vum Gas konfrontéiert sinn. Fir op laang Siicht net méi vu fossillen Energien ofhängeg ze sinn, wäert d'Regierung och weiderhi Mesuren ausschaffe fir déi energeetesch Transitioun weider ze fërderen, virun allem am Beräich vun der energeetescher Effikassitéit an den erneierbaren Energien."

De Wirtschaftsminister Franz Fayot preziséiert: "Déi aktuell Deierecht vun den Energiepräisser huet net nëmmen en Impakt op Privatstéit, mee och op d'Betriber. Dofir ginn den Ament zousätzlech Mesuren analyséiert an ausgeschafft fir deenen Entreprisen ënnert d'Äerm ze gräifen, déi duerch hir Aktivitéit oder Energieversuergung am meeschten dovu betraff sinn." 

Déi nei Mesuren am Detail:

  1. Eng Energie-Primm fir Stéit mat schwaachem Akommes
    D'Regierung féiert eng Energie-Primm fir Stéit mat schwaachem Akommes an: Stéit, déi eng Zoulag fir d'Liewensdeierecht (Allocation vie chère, AVC) bezéien, kréien eng eenzel Primm vu mindestens 200€ an héchstens 400€, ofhängeg vun der Zesummesetzung vun hirem Stot. Dës Primm kann och vu Stéit ugefrot ginn, déi u sech d'Krittäre fir d'AVC net erfëllen, mee deenen hiert Akommes bis zu maximal 25% iwwert dem Revenu läit, deen Urecht op d'Zoulag fir d'Liewensdeierecht gëtt. Déi Stéit, déi d'AVC bezéien, kréien dës Primm automatesch. D'Demanden, déi ënnert der normaler Reegelung refuséiert goufen, ginn op Basis vun dësen neien Dispositiounen nach eemol analyséiert, ouni dass eng nei Demande muss agereecht ginn. All déi aner Stéit mussen hir Demande bis spéitstens den 30. September areechen.

  2. Elektrizitéit: Stabiliséierung vun den Elektresch-Präisser
    De Präis vum Elektresche gëtt stabiliséiert, respektiv liicht erofgesat fir Privatstéit. Heifir erhéicht de Staat säin Undeel um "Ausgläichmechanismus fir erneierbar Energien/Kraaft-Wäermt-Kopplung", deen en Deel vum Elektrizitéit-Präis ausmécht an zur Finanzéierung vun erneierbaren Energië bäidréit.

  3. Gas: Subventioun vun de Reseauspräisser
    De Gaspräis fir Privatstéit gëtt substantiell erofgesat duerch déi temporär staatlech Prise en charge vun de Reseauspräisser. Dës Reseauspräisser, déi zur Finanzéierung vum Gasreseau bäidroen, stellen e wichtegen Deel vum Endpräis vum Gas duer.

  4. Acceleratioun vun der Energiewend
    D'Regierung wäert déi finanziell Mesurë fir energeetesch Sanéierungen, Heizungssystemer déi op erneierbaren Energië baséieren, nohalteg Mobilitéit an Installatioune vun erneierebaren Energië weider ausbaue fir d'Stéit bei der Energiewend weiderhin z'ënnerstëtzen. Den Detail vun dëse Mesurë wäert an den nächste Woche presentéiert ginn.

Communiqué vum Staatsministère / Ministère fir Energie a Landesplanung / Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun / Wirtschaftsministère, Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert