-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis de 16. Mee
An der Woch vum 10. bis de 16. Mee, a fir déi 3. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 936 op 759 (-19,0%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 2.423 op 1.757 Kontakter erofgaangen ass (-27,5%).
-
Déi nei COVID-19-Teststrategie: ee weidere Schratt a Richtung Normalitéit
Nieft de PCR-Tester, déi op Ordonnance a medezineschen Laboratoiren oder am Kader vum Large Scale Testing gemaach ginn, an den Antigènë-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert ginn, gesäit d'Regierung am Kader vu senger Teststrategie nach zousätzlech eng breet Verdeelung vun Antigène-Selbsttester vir.
-
Wéi entsuergt een e gebrauchten Antigène-Schnelltest richteg?
Gebrauchte Schnelltester kënnen net recycelt ginn. Se mussen an déi normal gro Poubelle entsuergt ginn.
-
Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mat Destinatioun Lëtzebuerg
Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère iwwert déi nei sanitär Mesurë fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis den 9. Mee
An der Woch vum 3. bis den 9. Mee, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.119 op 936 (-16,4%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 2.967 op 2.423 Kontakter erofgaangen ass (-18,4%).
-
Zertifiéiert Antigène-Schnelltester kënnen ab dem 12. Mee an deenen éischten Apdikte gemaach ginn
Ab dem 12. Mee kënnen Antigène-Schnelltester (RAT) per Ofstréch an der Nues, an awer och Selbsttester, an den éischten Apdikten gemaach an zertifiéiert ginn. All d'Apdikten, déi hei matmaachen, bidden dëse Service ab dem Méindeg 17. Mee un. D'Testresultat kritt een a manner wéi 30 Minutten.
-
5,7 Milliounen Antigen-Schnellttester fir Entreprisen
Ab dem 17. Mee 2021, gi 5,7 Milliounen Tester verdeelt. Zu dësem Zweck, si 4 Verdeelzenteren opgaangen. D'Verdeelung vun den Tester fënnt zu Zolwer beim Festikuss, zu Bartreng beim ARCA (200 Meter vum Centre Atert ewech), an der Industriezon ZANO um Fridhaff, an zu Gréiwemaacher beim Stadium Op Flohr statt.
-
"Mäin éischt Null Offallbuch" – e lëtzebuergescht Buch ronderëm wéi een Offall kann a Ressourcë verwandelen oder esouguer ganz vermeiden
D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL, zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Ëmweltverwaltung, der Superdreckskëscht an den Offallsyndikater SICA a SIDEC hunn en neit lëtzebuergescht Buch publizéiert ronderëm d'Thema wéi een Offall kann a Ressourcen ëmwandelen oder och ganz vermeiden, mam Titel "Mäin éischt Null Offallbuch".
-
Re-Evaluatioun vum Titandioxid E 171 – D'EFSA kann negativ Effeten op d'Gesondheet vun de Konsumenten net méi ausschléissen
Opgrond vun enger Re-Evaluatioun geet d’EFSA dovunner aus, dass den Titandioxid, deen als Additif a Liewensmëttel benotzt gëtt, negativ Konsequenzen op d’Gesondheet vun de Konsumente kann hunn.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee
An der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.231 op 1.119 (-9%) weider liicht erofgaangen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 2.517 op 2.967 Kontakter geklommen ass (+18%).
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
Communiqué a Relatioun mat den neie sanitäre Mesurë fir Deplacementer aus Indie mat Destinatioun Lëtzebuerg
Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren, dass vum 1. Mee 2021 bis de 15. Mee 2021 inclus nei zousätzlech sanitär Mesurë gëllen, fir all Deplacementer aus Indie mat Destinatioun Lëtzebuerg.
-
Nei Prozedur fir d'Verdeelung vu Reschtdosisse vu COVID-19-Impfstoffer
Wéi schonn nom Regierungsrot vum 21. Abrëll ugekënnegt, gëtt eng Waardelëscht agefouert fir Reschtdosisse vun de COVID-19-Impfstoffer ze kréien.
-
Um Wee fir d'Erreeche vum gudden Zoustand vun eise Gewässer – Digital Virstellung vum Projet vum 3. Waasserbewirtschaftungsplang
D'Joer 2021 steet ganz besonnesch am Zeeche vum Gewässerschutz. An deem Kader stellt de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, zesumme mat der Waasserverwaltung en Dënschdeg 4. Mee 2021 vun 18:00 bis 19:30 Auer de Projet vun der drëtter Editioun vum Waasserbewirtschaftungsplang vir.
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
- Éischt Säit
- ...
- 45
- 46
- 47
- 48
- 49
- ...
- Lescht Säit