COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee

An der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.231 op 1.119 (-9%) weider liicht erofgaangen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 2.517 op 2.967 Kontakter geklommen ass (+18%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee duerchgefouert goufen, ass vu 54.045 op 50.968 erofgaangen.

190 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 2. Mee war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 2.584 liicht erofgaangen (am Verglach zu 2.806 den 25.04.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 62.779 op 64.094 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass op 27,4 Joer weider staark erofgaangen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass allerdéngs eropgaangen, mat 9 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 5 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 76 Joer.

An de Spideeler ass nees ee Réckgang festzestellen, mat 58 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 71 an der viregter Woch. D'Situatioun op der Intensivstatioun bleift allerdéngs weiderhin ugespaant: D'Zuel vun de beluechte Better ass nëmme liicht vu 36 op 34 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass och weider erofgaangen (vu 60 op 56 Joer).

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 13.545 Mol besicht, dovun 363 Visitten an der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee. Trotz Adaptatioun vun den Ëffnungszäiten, ass dëst eng kloer Baisse am Verglach zu der Woch virdrun (495).

Aus dësem Grond, a mat Hibléck op déi aktuell Situatioun vun der Pandemie, maachen d'COVID-19 Consultatiounszenteren (CCC) ab dem 17. Mee 2021 hir Dieren zou.

Vun deem Dag u musse symptomatesch Persounen, dat heescht Persounen déi Unzeeche vun enger COVID-19-Infektioun opweisen, sech un hiren Hausdokter wenden, am Beschten iwwert Teleconsultatioun. Patiente mat schwéieren Gesondheetsproblemer (staarken Houscht, Otemproblemer, Malaisen, Péng am Broschtberäich, Zyanosen), si gebiede sech un d'Urgencë vun de Klinicken z'adresséieren.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,93 relativ stabel bliwwen, genau wéi de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) mat 2,28% par rapport zu 2,20% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, vu 6,27% op 5,32% erofgaangen ass.

Den Inzidenz-Taux geet weider erof a läit op 7 Deeg bei 176 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 194 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 19. Abrëll. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe erofgaangen. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 75+ Joer (-41%) an dono der Alterstranche vu 60-74 Joer (-25%). D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 58 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 77 Fäll pro 100.000 Awunner. Am Verglach zum Rescht vun der Bevëlkerung, ass den Inzidenz-Taux bei de Persounen vu 60+ Joer 2,5 Mol méi niddereg. Dës Alterstranche war bis elo d'Haaptzil vun der Impfcampagne.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee, waren 2.734 Persounen an Isolatioun (-4%) an 3.641 a Quarantän (+28% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.119 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 42,2% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (4,8%), d'Aarbecht (4,7%) a Fräizäitaktivitéiten (3,7%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass liicht op 39,8% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee, goufen am Ganzen 21.750 Dosissen aginn. 17.859 Persoune kruten eng 1. Dosis an 3.891 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis de 4. Mee op 213.236 (1. an 2. Dosis).

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 19. bis den 26. Abrëll, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 56,7%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi 605 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 16/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 85,3% vun de Fäll
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 10,4% vun de Fäll
  • déi brasilianesch Variant (P.1) representéiert 1,2% vun de Fäll

Am Laf vun der Woch 16/2021 goufen 3 nei Fäll vun der indescher Variant B.1.617 zu Lëtzebuerg identifizéiert.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee ënnersicht goufen, huet eng moderat Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. De Kontaminatiounsniveau deen an där Woch festgestallt gouf, bleift konstant am Verglach zu de viregte Wochen, bei engem änleche Kontaminatiounsniveau wéi an de Wochen 13 a 14. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert