COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis den 9. Mee

An der Woch vum 3. bis den 9. Mee, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.119 op 936 (-16,4%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 2.967 op 2.423 Kontakter erofgaangen ass (-18,4%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 3. bis den 9. Mee duerchgefouert goufen, ass vu 50.973 op 53.487 geklommen.

197 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 9. Mee war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 2.167 nees liicht erofgaangen (am Verglach zu 2.467 den 02.05), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 64.094 op 65.460 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de COVID-19 positiv geteste Fäll ass op 32,7 Joer geklommen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass erofgaangen, mat 4 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 9 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 68 Joer.

An de Spideeler ass ee liichte Réckgang festzestellen, mat 56 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 58 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better nëmme liicht, vu 34 op 32 zeréckgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente bleift stabel bei 57 Joer.

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 13.831 Mol besicht, dovun 286 Visitten an der Woch vum 3. bis den 9. Mee, wat eng Baisse am Verglach zur viregter Woch ass (363).

Aus dësem Grond, a mat Hibléck op déi aktuell Situatioun vun der Pandemie, maachen d'COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC) de 16. Mee 2021 um 15:00 Auer hir Dieren zou.

Vun deem Dag u musse symptomatesch Persounen, dat heescht Persounen déi Unzeeche vun enger COVID-19-Infektioun opweisen, sech un hiren Hausdokter wenden, am Beschten iwwert Teleconsultatioun. Patiente mat schwéieren Gesondheetsproblemer (staarken Houscht, Otemproblemer, Malaisen, Péng am Broschtberäich, Zyanosen), si gebiede sech un d'Urgencë vun de Klinicken z'adresséieren.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,94 stabel bliwwen, an de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) ass zeréckgaange mat 1,75% par rapport zu 2,20% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, vu 5,31% op 3,91% staark erofgaangen ass.

Den Inzidenz-Taux geet weider erof a läit op 7 Deeg bei 147 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 176 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 26. Abrëll. Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux an all Alterstranchen erof, mat Ausnam vun der Alterstranche 0-14 Joer. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 75+ Joer (-44%). E staarke Réckgang gouf an den Alterstranchë 15-29 Joer (-25%), 45-49 Joer (-23%) a 60-74 Joer (-20%) festgestallt. Eng Hausse ass bei der Alterstranche vun 0-14 Joer festgestallt ginn (+6%)

D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 31 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 63 Fäll pro 100.000 Awunner. Kanner vun 0-14 Joer hunn elo deen héchsten Inzidenz-Taux, mat 211 Fäll pro 100.000 Awunner.

Am Verglach zum Rescht vun der Bevëlkerung, ass den Inzidenz-Taux bei de Persoune vu 60+ Joer 3,3 Mol méi niddereg. Dës Alterstranche war bis elo d'Haaptzil vun der Impfcampagne.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 3. bis den 9. Mee, waren 2.452 Persounen an Isolatioun (-11,4%) an 3.359 a Quarantän (-7,8% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 936 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 45,6% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (6,3%), d'Aarbecht (4,0%) a Reesen a d'Ausland (2,8%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 37,9%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 3. bis den 9. Mee, goufen am Ganze 40.717 Dosissen aginn. 26.678 Persoune kruten eng 1. Dosis a 14.039 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis den 11. Mee op 255.678 (1. an 2. Dosis).

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 27. Abrëll bis den 2. Mee, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 52,6%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi 498 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 17/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 82,1% vun de Fäll
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 10,2% vun de Fäll
  • déi brasilianesch Variant (P.1) representéiert 2,2% vun de Fäll

Am Laf vun der Woch 17/2021 gouf 1 neie Fall vun der indescher Variant B.1.617 zu Lëtzebuerg identifizéiert.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 3. bis den 9. Mee ënnersicht goufen, weist eng kloer Tendenz no ënnen an deene leschte Wochen. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert