"Mäin éischt Null Offallbuch" – e lëtzebuergescht Buch ronderëm wéi een Offall kann a Ressourcë verwandelen oder esouguer ganz vermeiden

D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL, zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Ëmweltverwaltung, der Superdreckskëscht an den Offallsyndikater SICA a SIDEC hunn en neit lëtzebuergescht Buch publizéiert ronderëm d'Thema wéi een Offall kann a Ressourcen ëmwandelen oder och ganz vermeiden, mam Titel "Mäin éischt Null Offallbuch".

©AEV
Illustratioun

D'Buch zielt d'Geschicht vum "Litti", dee guer net op seng Ëmwelt oppasst a säin Offall egal wouhi gehäit. Mat Hëllef vu senger Nopesch, dem "Betti" léiert hie lues a lues wéi een nees am Aklang mat der Natur lieft, wat een alles aus Offall ka maachen, respektiv wéi ee säin Offall ka vermeiden.

Op sengem Wee, léiert de Litti wéi een den Offall richteg trennt, wou een e soll hibréngen a wat dann aus deenen eenzelen Offäll ka gemaach ginn. Hie mierkt dann och wéi vill besser et him geet wann hie sech gutt ëm seng Ëmwelt këmmert.

D'Buch weist einfach, ouni vill Texter, bildlech a spilleresch wéi een d'Offallproblematik an eiser Gesellschaft kann ugoen – esouwuel als Kand wéi och als Erwuessenen.

  • illustréiert vum "Medakovic Drazen" a geprint vun der Associatioun Autisme Luxembourg ASBL.

Wou wäert dat Buch ze fanne sinn?

Privatleit, awer och d'Gemengen, kënne bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL d'Buch bestellen. De Stéckpräis ass 5 Euro (+ frais d'envoi).

Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) ASBL

Adress: Bamhaus; 18F, rue de la Cimenterie; L-1337 Luxembourg

Telefon: (+352) 27 40 78 80

E-Mail: info@ebl.lu

D'Gemenge wäerten an den nächsten Deeg ugeschriwwe ginn, ob si interesséiert sinn d'Buch ze bestelle fir et an hirem Recyclingszenter auszeleeën oder fir et och vläit an de Schoulen ze verdeelen. Fir d'Schoulklassen ass d'Buch nämlech ganz interessant well och de SCRIPT (Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques) d'Buch mat op hir Bestelllëscht fir pedagogescht Material drop gesat huet fir d'Léierpersonal.

 

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Ëmweltverwaltung

Aktualiséiert