COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 4. bis den 10. Januar

An der Woch vum 4. bis den 10. Januar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen, vun 1.135 op 1.036 (-9%) erofgaangen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 3.496 Fäll am Verglach zu 2.106 (+66%) Fäll an der Woch virdrun, eropgaangen ass.

Dës Zuele confirméieren d'Tendenz no ënne vun den Neiinfektiounen, ëmsou méi well d'Zuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester an der Woch vum 4. bis den 10. Januar quasi duebel sou héich war wéi an der Woch virdrun, mat 63.188 Tester géigeniwwer 33.949.

Den 10. Januar goufen et insgesamt 2.660 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 3.222 den 23/01), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 43.261 op 44.833 geklommen ass. D'Zuel vun den Doudesaffer am Zesummenhang mat COVID-19 ass awer op 26 geklommen, géintiwwer 22 an der Woch virdrun. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 81 Joer.

D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen ass mat 38,4 Joer stabel bliwwen.

An de Spideeler huet d'Situatioun sech weider entspaant, mat 76 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg a 25 an der Intensivfleeg an der Woch vum 4. bis den 10. Januar, géintiwwer 103, respektiv 32 an der viregter Woch. ​

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, zielen am Ganze 5.932 Visitten, dovun der 269 an der Woch vum 4. bis den 10. Januar, géintiwwer 411 an der Woch virdrun.​

Réckgang vum Positivitéitstaux a vum Inzidenz-Taux

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 0,92% op 1,06% eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) läit bei 1,64%, géintiwwer 3,34% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, bei 5,67% läit, géintiwwer 6,86% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 165 pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 28. Dezember den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 181 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Den Inzidenz-Taux geet weider liicht an allen Alterstranchen erof, ausser bei de Kanner vun 0-14 Joer. D'Steigerung vum Inzidenz-Taux bei de Kanner kann duerch d'Erhéijung vun der Zuel vun den duerchgefouerten Tester virun der Rentrée an d'Schoulen den 11.01.2021 am Kader vun enger Spezialaktioun vun der Large-Scale-Testing-Campagne erkläert ginn. D'Alterstranche vu 60-74 Joer bleift mat 92 Fäll op 100.000 Persounen déi mat deem nidderegsten Inzidenz-Taux.

Bilan vun de serologeschen Tester (16.11.2020 - 05.01.2021)

Wat déi serologesch Tester am Kader vum Large Scale Testing tëschent dem 16. November an dem 5. Januar ubelaangt, sou goufen 24.000 Invitatioune verschéckt. Op 3.416 duerchgefouert Tester waren der 235 positiv. Deemno goufe bei 6,88% vun de geteste Persounen Antikierper fonnt.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 4. bis den 10. Januar waren 2.279 Persounen an Isolatioun (-33%) an 2.283 a Quarantän (-7% par Rapport zu der viregter Woch).

Kontaminatioun

Opgrond vum Réckgang vun den deklaréierte Fäll, konnt d'Analys vun der Kontaminatiounssource op e Neits iwwert déi ganz Woch duerchgefouert ginn. Bei den 1.036 Neiinfektiounen bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 45,3% vun de COVID-19-Infektiounen. 11% sinn duerch Vakanze bedéngt.

Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, bleift weiderhin héich bei 31,9%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 4. bis den 10. Januar goufe 450 Persoune geimpft, an domat läit den Total vun de bis zum 10. Januar geimpfte Persoune bei 1.701. Den 13. Januar louch d'Zuel vun de geimpfte Persoune bei 2.372.

Et sief och drop higewisen, dass Lëtzebuerg den 11. Januar 2 nei Liwwerunge vun 1.200 Dosisse vum Moderna-Impfstoff a 4.875 Dosisse vum BioNTech/Pfizer-Impfstoff krut. De Moderna-Impfstoff gëtt ab nächster Woch (18.01) am Impfzenter an der Victor Hugo Hal aginn.

Mat deene 15.825 Dosissen, déi säit dem 26. Dezember insgesamt geliwwert goufen, geet den theoretesche Stock um 13. Januar duer, fir 7.912 Persounen ze impfen. Dëse Stock ass allerdéngs deelweis scho verbraucht oder komplett engagéiert:

  1. Impfzenter Victor Hugo Hal: 1.487 Persounen
    Reschtleche virtuelle Stock: 7.912 - 1.487 = 6.425 Persounen
  2. Mobil Ekippen: 1.462 Persounen déi aktuell geimpft ginn (bis gëschter geimpft: 933)
    Reschtleche virtuelle Stock: 6.425 - 1.462 = 4.963 Persounen
  3. Spideeler: gëschter goufen Impfstoffer fir 1.950 Leit an d'Spideeler geliwwert:
    Reschtleche virtuelle Stock: 4.963 - 1.950 = 3.013 Persounen

Domat erlaabt den aktuelle Stock vun Impfstoffer et 3.013 Persounen ze impfen. Dofir goufen 3.720 Invitatiounen un d'Gesondheetspersonal aus dem ausserspidolesche Secteur (Fleegedéngschter, fräi Medezinner, Ambulancieren, etc.) verschéckt, dat op Grondlag vun engem Zoustëmmungstaux deen op 75-80% geschätzt gëtt.

Et sief drop higewisen, dass opgrond vun engem technesche Feeler an der Auswiel vun de Persounen déi fir eng Impfung ageluede ginn, 93 Invitatiounen u Secteure verschéckt goufen, déi net Deel vun der éischter Impfphas sinn. De Reservatiounscode gouf direkt desaktivéiert an déi betraffe Persoune gi schnellstméiglech informéiert.

De Gesondheetsministère begréisst d'Areechung vun der Ufro op Maartzouloossung vun AstraZeneca bei der Europäescher Medikamentenagence (EMA), wou ee vun enger Decisioun bis den 29. Januar ausgeet.

Entspriechend dem Avis vun der EMA vum 12. Januar, ka Lëtzebuerg och 6 Dosissen, amplaz just 5, pro Flacon vum Impfstoff vu BioNTech/Pfizer ab nächster Woch zéien.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist, dass an der Woch vum 4. bis de 10. Januar d'SARS-CoV-2-Stréim am Ofwaasser weider héich bleiwen, obwuel an de Woche virdru bei bal all den eenzel ënnersichte Kläranlagen ee liicht negativen Trend ze gesi war.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert