COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 25. bis de 31. Januar

An der Woch vum 25. op den 31. Januar ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe vun 843 op 999 (+19%) geklommen, mä d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass mat 2.774 Fäll, am Verglach mat 2.760 Fäll an der Woch virdrun, stabel bliwwen (+0,5%).

Et sief unzemiereken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 25. op den 31. Januar duerchgefouert goufen, och vun 44.417 op 51.337 geklommen ass.

De 31. Januar goufen et insgesamt 2.185 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 2.137 de 24.01), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 47.027 op 47.964 geklommen ass. An där betruechter Woch gouf et och 14 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 9 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 86 Joer.

D'Altersmoyenne vun de positive Fäll ass op 36,8 Joer erofgaangen.

An de Spideeler huet d'Situatioun sech weider entspaant, mat 55 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg a 13 an der Intensivfleeg an der Woch vum 25. bis den 31. Januar, géintiwwer 62, respektiv 15 an der viregter Woch. ​

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganze 6.840 Mol besicht, dovun 359 Visitten an der Woch vum 25. bis 31. Januar, wat e bësse méi Visitten ewéi an der Woch virdru (283) sinn.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) vun 1,05% op 1,10% eropgaangen an de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing) ass vun 1,90% op 1,95% eropgaangen (Wochenduerchschnëtt). Et gëllt awer ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, bei 5,19% läit, géintiwwer 4,63% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 160 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 18. Januar den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 135 Fäll pro 100.000 Awunner louch.

Am Verglach mat der leschter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchen eropgaangen, mee déi gréisst Erhéijung gëtt bei de Kanner vun 0-14 Joer (+68%) an deene jonken Erwuessene vu 15-29 Joer festgestallt (+26%). D'Alterstranche vu 60-74 Joer huet weiderhin en Inzidenz-Taux dee bal zweemol manner héich ass ewéi beim Rescht vun der Populatioun.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 25. bis den 31. Januar waren 1.820 Persounen an Isolatioun (-1%) an 3.557 a Quarantän (+43% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 999 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 43% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (8,6%) an den Hëllefs- a Fleegesecteur (7%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 29,4%.

Wärend der Woch vum 18. op den 28. Januar 2021, ass eng méi granular Etüd iwwer d'Sourcen an d'Weeër vun den Infektiounen, am Kader vun engem Pilotprojet, vun der Gesondheetsinspektioun duerchgefouert ginn. Dës Etüd baséiert sech op e Froebou iwwer d'Plazen déi wärend de leschte 14 Deeg vun der infizéierter Persoun besicht goufen, d'Aktivitéiten déi wärend där Period gemaach goufen a wéi eng sanitär Mesuren zu där Geleeënheet observéiert goufen. Dëse Froebou gouf vun der Ekipp vum Contacttracing benotzt, wéi si iwwer Telefon Kontakt mat 584 positive Fäll opgeholl hunn.

D'Donnéeën, déi si bei dem Exercice kritt hunn, ginn am Moment evaluéiert. Eng virleefeg statistesch Analys huet et erlaabt, verschidde Feststellungen ze maachen.

Als alleréischt wat d'Infektiounsplazen ugeet. Esou huet de Kontakt bei deene positive Persounen, déi wousste bei wiem se sech ugestach haten (ongeféier 50% vun de Fäll), a 74% vun de Fäll dobanne stattfonnt. Bei 24% Fäll huet de Kontakt esouwuel dobannen ewéi dobausse stattfonnt. Bei nëmmen 2% gouf e Kontakt exklusiv dobaussen uginn. Bei der Fro, wéi eng Plaze wärend deene 14 Deeg virum positiven Test besicht goufen, goufen d'Doheem, d'Aarbecht an d'Butteker fir den alldeegleche Gebrauch (Iessen...) am meeschte genannt.

Wat d'Dauer ugeet wou eng Persoun där aner ausgesat war, waren d'Kontakter gréisstendeels vu laanger Dauer (>2 Stonnen) an d'Infektiounen duerch kuerz Kontakter (<15 Minutten) éischter rar (4%).

Wat den Typ vun den Interaktiounen ugeet a Relatioun mat den Iwwerdroungsweeër, ass et interessant festzehalen, dass a méi wéi 90% vun de Fäll déi befrote Persoun uginn huet direkt mat hirem Kontakt geschwat ze hunn an a 87% vun de Fäll huet se mat hirem Kontakt eppes giess oder gedronk.

Eng méi déifgräifend statistesch Analys vun de gesammelten Donnéeën am Kader vum Pilotprojet gëtt weidergefouert, besonnesch wat de Volet vun de sanitäre Mesuren, déi agehale goufen, betrëfft. D'Aarbechte, fir dëse Froebou an déi regulär Aarbecht vum Contacttracing z'integréieren, sinn amgaangen.

Evolutioun vun de Varianten

Zanter dass déi brittesch Variant B.1.1.7. ugefaangen huet zu Lëtzebuerg ze zirkuléieren, an zwar vum 19. Dezember 2020 un, si 791 Echantillone vum Nationale Gesondheetslabo (LNS) mat enger Gensequenzéierung ënnersicht ginn. Bei dësen Echantillone gouf bei 47 Stéck d'Variant B.1.1.7. festgestallt. Wat déi südafrikanesch Variant B.1.351 ugeet, huet d'Sequenzéierung den 11. Januar 2021 ugefaangen. 4 Fäll sinn entdeckt ginn, bis déi lescht Sequenzéierung den 22. Januar 2021.

Et ass wichteg ze wëssen, dass dës Zuelen net representativ sinn. Effektiv, verfüügt den LNS net op systematesch Manéier iwwert d'Meta-Donnéeën, déi et géingen erlaben d'Echantillone an der Zäit oder am Kontext ze situéiere wou se geholl goufen. Verschidde Sequenzéierunge goufe geziilt erausgesicht. Zum Beispill goufe vun deenen 93 Echantillone, déi an der Woch vum 18 Januar sequenzéiert goufen, méi wéi 50% vun der Gesondheetsinspektioun am Kader vum Contacttracing ugefrot.

D'Gesondheetsdirektioun an den nationale Gesondheetslabo sinn amgaangen, mat der Hëllef vun de medezinesch-analytesche Laboratoiren, déi néideg Mëttel ëmzesetzen, fir ee representative Echantillonnage vun der allgemenger Populatioun ze hunn, dee sech op Echantillonen aus de verschiddene Regiounen an Alterskategorien baséiert. D'Zil ass en epidemiologeschen Iwwerwaachungssystem a reeller Zäit vun de Variante bis Enn Februar ze hunn. An der Tëschenzäit sollte keng Extrapolatiounen oder Schätzungen zur Prevalenz vun de Varianten an der Bevëlkerung op Grondlag vun den Donnéeë vun der Sequenzéierung gemaach ginn. Ausserdeem, well en Delai vu 7 bis 10 Deeg muss agerechent ginn, fir d'Resultater vun der Sequenzéierung ze kréien, sinn d'Donnéeën aus der Woch vum 25. op den 31. Januar net komplett.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 25. bis den 31. Januar, goufen am ganzen 4.715 Dosissen aginn. 4.279 Persoune kruten eng 1. Dosis a 439 kruten déi 2. Dosis.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De leschte CORONASTEP Rapport, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, weist eng duerchschnëttlech Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem a regionalem Niveau. Fir d'Woch vum 25. op den 31. Januar schéngt d'Tendenz weiderhin no ënnen ze goen an dat fir all d'Statiounen déi analyséiert goufen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert