Nächst Phas an der Ëmsetzung vun der COVID-19-Impfcampagne zu Lëtzebuerg (Phas 2)

De Regierungsrot huet haut, op Basis vum Avis vum 21. Januar vun der nationaler Ethikkommissioun (C.N.E.), déi nächst Phas vun der Impfcampagne festgehalen. D'Decisioun steet am Aklang mam duebelen Zil vun der Impfstrategie, nämlech d'Protektioun, jee no Alter oder Gesondheetszoustand, vun de vulnerabelste Leit an dem Schutz vum Gesondheetssystem.

D'Regierung huet dowéinst decideiert, datt an der 2. Phas Persounen ab 75 Joer, souwuel gesond wéi och vulnerabel Persounen, ofsteigend nom Alter geimpft ginn. Gläichzäiteg kënne sech och besonnesch vulnerabel Bierger ouni Altersbeschränkung impfe loossen.

De Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) ass fir d'Entscheedung zoustänneg, wéi eng Persounen ënnert d'Definitioun "besonnesch vulnerabel" falen. Dës Woch wäert eng Consultatioun mam Corps médical, vertrueden duerch d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren (Association des Médecins et Médecins Dentistes, AMMD) an dem Krees vun den Allgemengmedezinner (Cercle des Médecins Généralistes, CMG), stattfannen, fir sech iwwert d'Krittären z'eenegen, déi bei der Verschreiwung vu medezineschen Ordonnancen iwwert den Zoustand vun dëser Vulnerabilitéit gëllen. Dës Aarbechte solle bis Enn der Woch ofgeschloss sinn.

De Gesondheetsministère mëscht een Appell un d'Bierger, net bei hiren Dokter ze goen, fir sech een Attest iwwert hir Vulnerabilitéit verschreiwen ze loossen, iert d'Aarbechte vun der CSMI an dem Corps médical ofgeschloss sinn.

Déi aner Kategorië vu Persounen, déi zu engem spéideren Zäitpunkt geimpft solle ginn, ginn an engem nächste Schrëtt festgeluecht, woubäi och déi zu deem Zäitpunkt disponibel Dosisse berécksiichtegt ginn.

Et sief dorun erënnert, datt de Regierungsrot a senger Sëtzung vum 4. Dezember 2020, op Basis vum Avis vun der nationaler Ethikkommissioun vum 29. November 2020, decidéiert huet, d'Impfstoffer entspriechend den an der éischter Phas zougewisene Quantitéiten un Impfstoffer géint de COVID-19, u praktizéierend medezinescht Personal ze verdeelen, d.h. de Gesondheetsberuffer a reglementéierte Beruffer, dem Personal a Gesondheetsstrukturen (Spideeler, Fleege- an Altersheemer, Ënnerstëtzungs- a Fleegnetzwierker) an de Bewunner an Altersheemer. Persoune mat enger Behënnerung, déi an enger agreéierter Wunnstruktur liewen, esou wéi och d'Personal an dëse Strukturen, sinn och Deel vun dëser Kategorie.

Déi 2. Phas vun der Impfcampagne kann eréischt ufänken, wann déi 1. Phas ofgeschloss ass, am Prinzip also Enn Mäerz. Allerdéngs ënnert der Konditioun datt déi geplangte Liwwerungen an d'Unzuel un Impfstoffdosissen disponibel sinn.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert