-
Ried zur Lag vun der Natioun 2019
De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel huet de 8. Oktober 2019 virun der Chamber d'Ried zur Lag vun der Natioun 2019 gehalen.
-
Commemoratiounsfeier zu Hinzert
E Samschdeg, den 21. September 2019 organiséiert de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale zesumme mat der Amicale Hinzert wéi all Joer eng Commemoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert. Dëst Joer sinn et 75 Joer hir, dass de 25. Februar 1944 d’Cheffe vun der Lëtzebuerger Resistenz am Bësch zu Hinzert ermuert goufen.
-
Nationalfeierdag 2019
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
D'Regierung huet d'Staatstrauer ausgeruff
Nom Doud vu Senger Altesse Royale dem Groussherzog Jean huet de Regierungsrot sech en Dënschdeg, 23. Abrëll 2019, fir eng ausseruerdentlech Sëtzung, ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, zesummefonnt.
-
Deklaratioun vum Xavier Bettel nom Doud vu S.A.R. Grand-Duc Jean
D'Deklaratioun vum Premierminister Xavier Bettel nom Doud vum Grand-Duc Jean.
-
Briefing vum Xavier Bettel nom Regierungsrot
D'Theme waren ënner aneren de Brexit wou den Xavier Bettel an Jean Asselborn weider Explikatioune ginn hunn.
-
Deklaratioun zum Regierungsprogramm 2018-2023
De Programm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 ass ambitiéis, et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohesioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land.
-
Assermentatioun vun den Regierungsmemberen 2018
H.K.A. de Groussherzog huet de 5. Dezember 2018 de Premierminister, d'Vizepremierministeren an déi désignéiert Ministeren assermentéiert.
-
Ried vum Xavier Bettel am Kader vun der Commemoratiouns-Zeremonie
Haut, a Präsenz vun all deene Leit a besonnesch deene Jonken, déi d’Chance hunn nach nie Krich hu missen ze erliewen, wëll ech all deenen Merci soen, déi a schwéiere Momenter zur Fräiheet stounge grad ewéi all deenen, déi de Courage haten, en Europa ze bauen, dat Garant vu Fräiheet a Fridden ass.
-
Proklamatioun vun der Regierung am Kader vum Nationale Commemoratiounsdag 2018
Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech un d’Nazi-Ënnerdréckung vun 1940 bis 1945 z’erënneren an d’Undenken un all d’Affer héichzehalen, déi sech der Tyrannei entgéintgestallt a fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Heemecht gekämpft hunn.
-
Nationale Commemoratiounsdag
Den Nationale Commemoratiounsdag honoréiert d'Solidaritéit an de Courage vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945. Aus dësem Ulass waren etlech Zeremonien de 7. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg virgesinn.
-
Doud vum Georges Hausemer
D’Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet e Pionéier verluer, deen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib gespillt huet. Seng grouss schrëftstelleresch Leeschtung ass duerch vill national Präisser honoréiert ginn, ënner anerem eréischt d’lescht Joer mam grousse Lëtzebuerger Literaturpräis, dem Batty-Weber-Präis.
-
Nationalfeierdag 2018
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Discours du Premier ministre, Xavier Bettel, à l'occasion de la cérémonie officielle à la mémoire de Camille Gira, secrétaire d’État
Discours du Premier ministre, Xavier Bettel
-
Ried zur Lag vun der Natioun 2018
D'Ried zur Lag vun der Natioun 2018 vum Premierminister Xavier Bettel an der Chamber.
- Éischt Säit
- ...
- 5
- 6
- 7
- 8
- 9