Dernière modification le
Ried zur Lag vun der Natioun 2019 "Weider maachen amplaz weidermaachen"
De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel huet de 8. Oktober 2019 virun der Chamber d'Ried zur Lag vun der Natioun 2019 gehalen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Ech soen Iech et ganz éierlech, et ass fir mech perséinlech schwéier haut hei virun Iech ze stoen an iwwer déi aktuell Situatioun vun eisem Land ze schwätzen, iwwert dat, wat an de leschte Méint a Joren erreecht ginn ass an iwwert, dat wat virun eis läit, iwwer d'Prioritéiten an déi politesch Ausriichtung.
Et ass schwéier iwwert d'Perspektiven ze schwätzen zu engem Ament, wou eng Persoun, déi d'Prioritéite vun de nächste Jore mat ausgeschafft huet, net ka bei eis sinn.
De Felix Braz ass net just e Mënsch, dee mir immens no ass, e Frënd an en Alliéierten; De Felix Braz war an de leschte Joeren eng Stäip an e Wichtegen Deel vun deem Fundament, wat de Succès vun där Koalitioun an de Succès vu Lëtzebuerg mat erméiglecht huet.
Et ass ganz sécher wouer, dass een net all Iwwerzeegungen deelt.
D'Oppositioun ass per Definitioun mat villem net d'Accord, wat Vertrieder vun der Majoritéit als Äntwerten op wichteg Froe proposéieren. Och an der Koalitioun si mir natierlech net op all Punkt an ëmmer der selwechter Meenung. Ech mengen awer behaapten ze kënnen, dass am Kär vun deem wat eis undreift fir Politik ze maachen, grousse Konsens besteet.
Et geet eis drëm dat bescht ze areeche fir déi Mënschen, déi hei am Land wunnen, liewen a schaffen.
Dat gëllt och fir de Felix Braz. De Vize-Premier vun dëser Regierung an e Mënsch, dee mir als intelligent, dévouéiert, loyal a konsensorientéiert kennen, e Mënsch, dee sech intresséiert fir alles an dee Courage huet vir och déi Themen unzegoen, déi manner bequem sinn.
Mir wëssen haut, dass de Felix Braz gesondheetlech ganz schwéier ugeschloen ass an e wäite Wee viru sech huet fir erëm gesond ze ginn. Mir wëssen haut och, dass e Retour a seng wichteg Roll an der Regierung fir den Ament net méiglech ass. Mir wënschen him Courage an Zouversiicht fir no senger Gesondheet ze kucken. Mir wënsche senger Famill, senge Frënn an deene Mënschen, déi hie begleeden déi néideg Stäerkt an Energie. De Felix ass ëmgi vu Mënschen, deenen hie vill bedeit an déi him vill bedeiten. Ech sinn iwwerzeegt, dass hien, déi néideg Kraaft kritt a beschtméiglech encadréiert ass fir sech ze erhuelen.
Mir hunn als Regierung eng Responsabilitéit, eng Aufgab an en Optrag. D'Bierger vun dësem Land hunn eis gewielt fir, dass mer eist bescht ginn. Mir hunn den Optrag d'Land esou ze féieren, dass haut an och an Zukunft d'Liewen zu Lëtzebuerg liewenswäert ass a bleift, dass déi sozial Ofsécherung erhalen an d'Ëmwelt protegéiert gëtt, dass d’Wirtschaft fonctionnéiert, Wuelstand a Liewensqualitéit garantéiert ass.
Dat, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, muss e gemeinsamt Zil sinn an dobäi huet jidderee säi Rôle. D'Regierung gëtt hirer Aufgab gerecht, wann se Äntwerte gëtt op d'Erausfuerderunge vun eiser Zäit an d'Chamber gëtt hirer Aufgab gerecht, wa se d'Regierung dobäi begleet, kontrolléiert oder kritiséiert.
Dat ass richteg esou an dat soll och esou sinn.
D'Regierung kritt mam Här Kox e neien, awer ganz experimentéierte Member. De Minister fir de Logement an delegéierte Minister fir d’Défense an d'Sécurité intérieure steet viru groussen Aufgaben an ech wënschen him eng glécklech Hand an senger Funktioun.
D'Regierung ass elo ee Joer am Amt an et ass an deem Joer vill geschitt. Mir hu wichteg Projeten op de Leescht geholl an ëmgesat.
"Dës Koalitioun ass net ugetruede fir weiderzemaachen, mee fir weider ze maachen."
Mir sinn an enger ganz kruzialer Phase fir d'Zukunft vun eisem Land. Et ass elo, wou mir bestëmmen, wéi Lëtzebuerg sech als Gesellschaft weider entwéckelt, wéi mer eis Wirtschaft ausriichten, wou d’Prioritéiten an der Landesplanung leien, wéi mer de Wuelstand an d’Liewensqualitéit erhalen a stäerke kënnen. Et ass och haut, wou mer décidéieren, wéi eisen Rôle als Member vun der Europäescher Unioun an der Zukunft ausgesäit a wéi mer déi Staategemeinschaft weider ausriichten.
Et ass och haut, wou mer als Weltgemeinschaft décidéieren, wéi mer mat eisem Planéit ëmginn a wéi mer déi global Erausfuerderung vun Klimawiessel , Aarmut an Konflikter kënne meeschteren.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
De Klimawiessel ass de Sujet, deen d’Mënschen beweegt. Et beweegt d’Leit queesch duerch d’Welt.
Wien haut drun zweiwelt, dass d’Äerderwäermung an d’Konsequenzen dovunner eng vun de gréissten Erausfuerderungen vun eiser Zäit sinn, dee verkennt d’Realitéit.
Mir kréien de Changement an der Tëscht virun eiser Dir zerwéiert. Déi schro Wiederen an d‘Iwwerschwemmungen déi mer déi lescht Joren am Ärenzdall an am Mëllerdall erlieft hunn sinn en Zeechen, esou ewéi och déi méi heefeg Stierm an Iwwerschwemmungen an eise Regiounen. Weltwäit ginn et Phenomener, déi weisen, dass d’Klima sech an de leschte Joren a Jorzéngten dramatesch verännert huet. Et ass onëmstridden, dass d’Duerchschnëttstemperatur op eisem Planéit am Gaang ass an d’Luucht ze goen an et ass onëmstridden dass de Mënsch säin Undeel dorunner huet. Et ass mer bewosst – an ech hunn där Artikelen och gelies – dass et Wëssenschaftler gëtt, déi verschidden Aspekter unzweiwelen an de Rôle vum Mënsch manner grouss aschätzen. Um Enn, muss een sech awer d’Fro stellen, ob dat wierklech dat ass, wat zielt.
Sécher ass, dass mer e Changement erliewen. An et ass sécher, dass dat Konsequenzen op eist Liewen huet.
Virun 2 Wochen ass de IPCC-Klimarapport vun der UNO erauskomm iwwert den Afloss vum der Äerderwäermung op den Zoustand vun den Ozeane an den Äismassen. Un deem Rapport hunn 130 Experten aus der ganzer Welt mat geschafft. Si hunn zwee Joer laang d’Auswierkunge vum Klimawiessel op d’Mierer, op Inselen, op d’Äis an de Polarregiounen an de Gletscher analyséiert. Iwwer eenzel Formulatiounen an deem Rapport gouf deeglaang gestridden, mee déi fundamental Analys an d’Feststellungen si net a Fro gestallt ginn. Déi 195 Memberlänner vum Weltklimarot hunn dem Rapport zougestëmmt.
Et gi verschidde Szenarie presentéiert an et ginn duerchaus och verschidde Vuen iwwer d’Gravitéit vun den eventuelle Konsequenzen. Wat awer schockéiert a schockéiere muss, ass, dass och dee favorabelste Szenario extrem Konsequenzen op d’Liewen op eisem Planéit huet.
"Wa sech näischt ännert, wa mir näischt änneren, dann huet dat dramatesch Auswierkunge fir eis a fir déi Generatioun, déi no eis kënnt."
Dat wier irresponsabel, ganz einfach net richteg a net gerecht.
Am Joer 2100 sinn d’Gletscher an den Alpen zu 80% verschwonnen. De Niveau vum Mier läit op mannst 1 Meter iwwert dem vun haut. Ganz Regiounen un de Küsten, wou haut ronn 700 Millioune Mënsche wunnen, si net méi bewunnbar. Iwwerschwemmungen an extrem Wiederphenomener, Stierm an Tornadoe sinn net méi déi historesch Ausnam, mee ginn zu regelméissege Katastrophe, virun allem - awer net nëmmen - an de Küsteregiounen. Den ekologesche System ass komplett op der Kopp, d’Mierer wäerte wéinst Temperatur an Iwwersaierung als Liewensraum vir vill Déieren a Planzen ausfalen.
Et wäert a ville Regiounen op eiser Äerd ganz einfach net méi méiglech sinn ze liewen.
Et feelt un Drénkwaasser a landwiertschaftlech notzbare Flächen. D’Natur kann sech net upassen un déi Konditiounen, well et einfach ze séier geet. D’Erwierme vun eisem Planéit geet haut duebel esou séier, ewéi am leschte Joerhonnert. Mir hunn d’Limite vun deem, wat ze verdroe wier laang iwwerschratt.
Mee. Et ass net ze spéit. Och do ass d’Wëssenschaft sech eens.
De Mënsch kann eppes veränneren. Duerch e Changement an der Aart a Weis, wéi mer liewen, kënne mer eppes bewierken. D’Bierger – a virun allem déi Jonk – fuerderen zu Recht vun eis, dass mer handelen, dass mer aktiv ginn an eis konsequent derfir asetzen, déi schiedlech CO2 Emissiounen ze reduzéieren.
Et ass eis bewosst. D’Regierung ass determinéiert fir déi Ziler, déi mer eis zu Lëtzebuerg ginn hunn och ze areechen.
"D'Reduktioun vun den Zäregasemissiounen vu Minus 50-55% bis 2030 par rapport zu den Emissiounen vun 2005 ass eis fest Zil.
Den Undeel un erneierbaren Energië soll an de nächsten 10 Joer op 23-25% eropgoen."
Mir halen um Accord vu Paräis fest a viséieren net just fir Lëtzebuerg, mee och op europäeschem Niveau, dass bis 2050 de Niveau vun "netto Null" erreecht gëtt, also net méi Kuelendioxid an d’Atmosphär ausgestouss gëtt, wéi gläichzäiteg kann absorbéiert ginn.
Lëtzebuerg erlieft den Ament schonn eng Energietransitioun. Den Undeel vun der Wandenergie ass an de leschten 10 Joer em dat 5 facht an d’Luucht gaangen. Déi selwecht Entwécklung hu mer bei der Solarenergie.
Wann een eleng d’Privathaushalter kuckt, si mer um gudde Wee mat engem Stroumverbrauch, deen zu 60 % erneierbaren Energien gedeckt ass. Mir hunn awer eng Populatioun, déi weider wiisst an eng Industrie, déi zum Deel energieintensiv ass. Dofir wëlle mer den Undeel un erneierbaren Energië massiv erhéijen an dat och fërderen. D’Solarenergie ass do e Beräich, deen nach grouss Potentialer hei am Land opweist. D’Bierger an d’Entreprisë weisen ëmmer méi Intérêt un der Installatioun vu Solaranlagen an d’Regierung begleet déi Entwécklung och duerch d’Eropsetze vun den Aspeistariffer fir Solarstroum, déi mer am Fréijoer décidéiert hunn.
An Zukunft gëtt dernieft och d’Méiglechkeet geschaf fir kleng Photovoltaikanlage mat enger Puissance vun ënner 10 Kilowatt ze fërderen. Et gëtt e nationalen Effort gemaach un deem d’Bierger sech kënnen a solle bedeelegen. Dat am klengen, mee och am grousse Styl. Mir hunn dofir och e Kader geschaf fir gréisser Kooperativen ze grënnen, wou op Surfacen déi sech eegenen, Anlage vun tëscht 200 a 500 Kilowatt kënnen installéiert a staatlech ënnerstëtzt ginn.
Donieft ginn och all Joer iwwert en Appel d’offres méi grouss industriell Flächen fir Fotovoltaik ausgeschriwwen, esou dat mer och an der Économie eng Transitioun kréien.
An et besteet eng grouss Nofro fir sech ze bedeelegen an der Populatioun an och bei den Entreprisen. Et ginn den Ament ronn 700 Demanden traitéiert, déi e Potential opweise vun iwwer 50 Megawatt, wat der Consommatioun vun ongeféier 33.000 Leit hei am Land entsprécht. Mir sinn also zouversiichtlech a ginn dervun aus, dass mer an de nächste Joren nach eng Kéier en däitleche Boost bei der Fotovoltaik erliewen. Lëtzebuerg ass am europäesche Verglach schonn haut e Land vun der Solarenergie.
Mir leien op der 7. Plaz an der Europäescher Unioun, wat den Undeel un Leeschtung aus der Fotovoltaik pro Awunner betrefft. Eist Zil ass et awer eis do nach ze verbesseren.
Dernieft musse mer natierlech och déi positiv Entwécklung bei der Energieeffizienz weider féieren.
"Déi bescht Energie ass déi, déi mer guer net musse produzéieren."
Mir wëssen, dass mer op deem Punkt vill kënnen areechen. Mir wëssen et, well schonn d’Efforte vun de leschte Joren hir Resultater weisen. D’Zäregasemissioune pro Awunner ass an de leschten 10 Joer erof gaangen zu Lëtzebuerg. An dat trotz engem konstante Wuesstem vun der Ekonomie.
Mir mussen dat weider féieren an d’Norme fir funktionell Gebaier deene privaten Haiser upasse – dat heescht, dass och Bürosgebaier an Zukunft méi energieffizient musse sinn.
Den Ausbau vum ëffentlechen Transport, de massiven Ausbau vun den Infrastrukture vu Bus, Bunn, Tram an d’Gratuitéit vun den ëffentleche Verkéiersmëttel ass e weidert Element an deem Puzzel, deen eisen nationalen Effort fir d’Reduktioun vun de CO2 Emissiounen duerstellt. D’Fërderung vun der Elektromobilitéit an domatter och den Ausbau vum Réseau vun de Luedstatiounen ass eng weider Initiativ vun enger konsequenter Klimapolitik.
Mir brauche Konsequenz an dierfe keng Zäit verléieren.
Allerdéngs, an dat soen ech mat enger gewësser Frustratioun, déi ech net wëll verstoppen: D’Zukunft hänkt net eleng vun eis of, net vun eis zu Lëtzebuerg an net vun eis als Member vun der Europäescher Unioun.
"Et geet net ouni China, et geet net ouni d'USA , net ouni Indien an et geet och net ouni déi Länner déi am Gaang sinn hir Wiertschaft ze entwéckelen. Et ass dobäi näischt schwaarz a wäiss an et wier och falsch d'Schold eleng bei dëse Länner sichen ze goen."
Ech ënnersträichen, dass d’Emissioune pro Awunner gerechent bei eis zu Lëtzebuerg iwwert deem Wäert läit vu China an ongeféier um Niveau vun den USA.
Et geet also net fir ze soen, déi aner sollen hir Hausaufgabe maachen a mir leeën d’Hänn an de Schouss bis d’Courbe vun anere Länner op eisen Niveau erof kënnt.
Et geet net dorëms eis aus der Responsabilitéit eraus ze huelen. Awer mir mussen et fäerdeg bréngen och eis Partner op béide Säite vun der Weltkaart mat an d’Boot ze huele fir dass kee vun eis ënner geet.
Lëtzebuerg ënnerstëtzt dofir d’Beméiunge vun der Europäescher Kommissioun fir bei Verhandlunge mat Drëttstaten de Fanger an déi Wonn ze leeën an ze insistéieren, dass d’Standarden héich sinn. Mir huelen och eis Responsabilitéit als eent vun deene Länner mat deem prozentual héchsten Taux un Entwécklungshëllef weltwäit.
"Ech hunn déi viregt Woch um Klimasommet zu New York annoncéiert, dass Lëtzebuerg an de nächste 5 Joer 200 Milliounen Euro un Hëllef deblockéiert fir déi Länner, déi als éischt an am Meeschte vum Klimawiessel betraff sinn."
Eis jäerlech Contributioune fir de Klimafong gi verduebelt an dat ouni Impakt op de Budget vun 1% vum Revenu National Brut, dee souwisou virgesinn ass fir d’Kooperatioun an eise Pays Cibles.
Mir engagéieren eis. Heiheem, an Europa an am Rescht vun der Welt.
Mee et geet eis net duer.
Mir wëllen eng gesamtpolitesch Approche, déi de Kritäre vun der Nohaltegkeet gerecht ginn.
Dat huet en Afloss op verschidde Beräicher vun eisem Liewen. De Klimawiessel ass och an net zu lescht eng sozial Fro, déi wäit iwwert dee reng ekologeschen Aspekt eraus geet. Déi sozial Kohesioun zu Lëtzebuerg, esou wéi op anere Plazen op der Welt wäert sech an Zukunft och op der Fro vum Klima stellen an op de Léisungen déi mer proposéieren.
An natierlech huet et och en Afloss op déi wiertschaftlech Entwécklung vun eisem Land.
Eng positiv ekonomesch Entwécklung steet awer net am Widdersproch zu ambitiéise Klimaziler. Am Géigendeel.
"D'Geschicht léiert eis, dass Verbesserungen ëmmer och duerch Innovatioun, duerch Weiderentwécklung, duerch Technologie an och duerch eng industriell Entwécklung kënnt."
Dat gëllt fir eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen, et gëllt fir de medezinesche Fortschrëtt an et gëllt och fir eng verbessert Liewensqualitéit.
Als Wiertschaftsstanduert hu mir eis an de leschte Joren staark diversifiéiert. D’Finanzplaz ass a bleift ee vun eise wichtegste Secteuren, de Beräich vun de neien Technologien huet sech dernieft rasant weider développéiert, mee och déi industriell Betriber an natierlech de Mëttelstand gehéieren zu de Piliere vun eiser Ekonomie.
D’Betriber, déi bei eis implantéiert sinn, déi grouss esou gutt ewéi déi kleng, sinn den Ament an enger Mutatioun an investéieren an nei Technologien, déi och hëllefen Energie ze spueren an Emissiounen ze reduzéieren. De Staat begleet dës Entreprisen dobäi an ënnerstëtzt ganz geziilt Investitiounen, déi d’Energieeffizienz verbesseren. Dernieft promovéiere mer awer och geziilt d’Entwécklung an d’Recherche, déi et erlaabt och an Zukunft méi nohalteg ze produzéieren. Dat gëllt zum Beispill fir den Automobilsecteur, wou Lëtzebuerg e wichtege Standuert ass an och wëll bleiwen. Den Automotive Campus zu Biissen ass eng konkret Initiative, déi d’Regierung geholl huet fir der Industrie eng Plaz ze ginn, wou ganz nei Technologië kënnen entwéckelt ginn an dat an enger Infrastruktur, déi de Kritäre vun der Economie circulaire gerecht gëtt.
An och nei Betriber, déi sech zu Lëtzebuerg wëllen implantéieren, ginn incitéiert sech der Nohaltegkeet ze verschreiwen. Dat gëllt och fir Datenzenteren.
Ech weess, dass zanter laangem gespaant drop gewaart gëtt eppes Neies gewuer ze ginn iwwert de Projet vu Google zu Biissen. Déi amerikanesch Entreprise huet am Zentrum vum Land eng Surface vun iwwer 30 Hektar Land kaaft. An et ass richteg, dass do un engem Projet geschafft gëtt vun engem Datenzenter. Et si verschidden Etappen ze huele bis dee Projet sech konkretiséiert an déi néideg Prozeduren an Délaie ginn dobäi respektéiert. Et ass evident, dass e gréisseren Datenzenter en Impakt huet op de Verbrauch vu Ressourcen an ech verstinn, dass dat Froe provozéiert, déi och musse beäntwert ginn. An dat wäert och geschéien.
Dozou ass awer och ze soen, dass a Gespréicher, déi tëscht de Responsabele vun der Entreprise an der Regierung drop higewise gouf, dass en Datenzenter muss esou energieeffizient ewéi méiglech fonctionnéieren an de Verbrauch vu Ressourcen esou niddereg, ewéi technesch méiglech muss gehale ginn. Dat ass eng Prämiss un där mir festhalen an déi och net iwwerraschend ass fir Google.
Et bleift awer ganz sécher derbäi, dass den Energieverbrauch vun engem gréisseren Datenzenter héich ass. Do muss een dann also ofweien, wat mer wëllen. De Besoin an d’Nofro fir Datenzentere geet weltwäit erop an eng Entreprise, déi all Dag enorm Quantitéite vun Donnéeën traitéiert wäert hier Capacitéiten an de nächste Joeren ausbauen. Iwwerall op der Welt an och an Europa.
Lëtzebuerg huet grouss Atouten an der Connectivitéit an de Site zu Biissen wier eng ideal Plaz. Et hätt eng staark positiv Auswierkung op de Secteur vun de neien Technologien hei zu Lëtzebuerg. An et schaaft ouni Zweiwel Aarbechtsplazen. Et geet dobäi em e Secteur, deen och an der Logik ass vun enger Ekonomie, wéi se an der Rifkin Strategie formuléiert sinn.
D’Regierung ass dem Projet géintiwwer also positiv agestallt, well e bei eis passt.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Mir hunn an de leschte Joren enorm vill geleescht an Initiativë geholl fir Lëtzebuerg méi energieeffizient ze maachen, fir manner CO2 Emissiounen ze produzéiere méi alternative Stroum ze produzéieren.
Et soll een dat unerkennen awer sech gläichzäiteg bewosst sinn, dass mer do net wëllen an net kënne stoe bleiwen.
D’Koalitioun schafft dofir den Ament un engem exhaustive Klimaschutzgesetz. Mir hu festgehalen, dass dësen Text soll an d’Déift goen, vun deem, wat Lëtzebuerg an de nächste Jore brauch fir déi ambitiéis Ziler ze areechen. Mir ginn eis eng feuille de route, déi iwwert déi direkt an offensichtlech Secteuren eraus geet.
"Mir hu bewisen, dass mer zu deene Länner op der Welt gehéieren, déi Virreider sinn an net op der Brems stinn, wann et dorëms geet all Effort ze maachen, dee néideg ass, fir och deenen, déi no eis kommen, eng liewenswäert Zukunft ze bidden."
D’Europäesch Unioun spillt dobäi eng zentral Roll an dofir brauche mer eng staark EU, déi sech an de nächste Joren op dat konzentréieren kann, woufir se zoustänneg ass, nämlech d’Liewe vun de Bierger ze verbesseren, Sécherheet ze garantéieren, sozial a wiertschaftlech Perspektiven ze schafen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
An de leschte Méint hat een den Androck, dass mer eis an der Europäescher Unioun an der Haaptsaach mat der Vergaangenheet a manner mat der Zukunft beschäftegen. Den Haaptsujet war an ass leider d’Konsequenz vun engem Referendum um Lëtzebuerger Nationalfeierdag virun elo iwwer 3 Joer.
Et ass de Choix gewiescht vun enger Majoritéit vun de Wieler a Groussbritannien fir d’Europäesch Unioun ze verloossen.
Ech hunn dat scho méi dacks gesot an ech ginn et net midd ze widderhuelen.
"Dee Choix ass ze bedaueren. Mir hätte léiwer et wier anescht. Dat Vereenegt Kinnekräich ass en historesch enken Alliéierte vu Lëtzebuerg a mir sinn ekonomesch enk mat London verbonnen, mir hu wichteg Échangen am Beräich vun der Sécherheet, der Ausbildung, der Recherche an der Kultur."
D’Auswierkunge vun engem Brexit ouni Accord mat der Europäescher Unioun – also de sougenannten haarde Brexit, si schwéier virauszegesinn, mee et steet ausser Zweiwel, dass et net positiv ass – weder fir d’Vereenegt Kinnekräich , nach fir déi aner Länner a scho guer net fir eis.
D’Verhandlungen iwwert Accorden an deene verschiddene Beräicher, déi eng direkt Inzidenz hunn op den Alldag vun de Leit a Groussbritannien an och op eis sinn vun der Europäescher Kommissioun gefouert. Fir eis bedeit dat, dass mer et no engem eventuellen No-Deal Scénario mat engem Drëttstaat ze dinn hunn, mat deem an deene wichtege Beräicher, ewéi notamment dem Austausch vu Wueren keng bilateral Accorde bestinn. Dat bedeit ganz konkret, dass d’Douanestaxen ufalen a Wueren, esou wéi Servicer aus dem Vereenegte Kinnekräich deene selwechte Regelen ënnerleien, ewéi dat bei aneren Drëttstaten de Fall ass.
Lëtzebuerg huet, esou wéi déi aner Memberstaten och, keng grouss ugeluecht bilateral Verhandlunge gefouert an d’Solidaritéit an der Europäescher Unioun respektéiert. Allerdéngs hu mer verschidden Aspekter geregelt an esou en direkten Impakt vir d’Briten, déi bei eis wunnen, respektiv fir d’Lëtzebuerger a Groussbritannien ofgefiedert.
Mir wëllen eise britesche Matbierger, déi hei bei eis am Land liewen a schaffen, sou vill wéi méiglech Stabilitéit a Sécherheet offréieren ewéi nëmme méiglech. Fir hinnen en Deel Previsibilitéit ze ginn, hu mer décidéiert dat si bei engem No-Deal während engem Joer mat hirem europäeschen Titre de Séjour hei weider wunnen a schaffe kënnen.
Des Transitiounsphas gëtt hinnen d’Méiglechkeet dann eng permanent Openthaltsgenehmegung fir Drëttstate unzefroen - dëst dann och ënnert vereinfachte Konditiounen. Domat stelle mir sécher datt kee vun engem Dag deen aneren all Rechter verléiert.
Mir hunn am Abrëll dëst Joer och zwee wichteg Texter ugeholl, déi d’Finanzplaz betreffen. Esou ass eng Iwwergangsfrist vun 21 Méint agefouert gi während där och no engem Brexit déi Lëtzebuerger Regulateuren am Finanz- an Assuranceberäich et briteschen Acteure kënnen erlaben hir Servicer zu Lëtzebuerg ze offréieren. Deen zweeten Text gesäit d’Dispositiounen am Fongeberäich fir. Och hei gëllt eng Iwwergangsfrist, während där britesch Fonge weider zu Lëtzebuerg kenne kommerzialiséiert ginn, no de Regelen, ewéi se sech haut applizéieren.
"De No Deal Brexit ass allerdéngs kee Szenario dee vu Lëtzebuerg gewënscht ass an ech hunn dem britesche Premier am Kader vu senger Visite zu Lëtzebuerg och gesot, dass mir eis engem weidere Versuch fir nach en Accord a leschter Minutt ze fannen, net verschléissen."
Nodeems déi Lëtzebuerger Regierung, wéi vill aner an der EU, laang insistéiert hutt dass et un de Brite wier fir eng nei Propositioun en vue vun engem Accord op den Dësch ze leeën, ass dat finalement d’lescht Woch geschitt.
Mir begréissen dat, well ouni Text um Dësch kann een net op eng sérieux Aart a Weis en Accord négociéieren. Mir sinn am Gaang déi nei Propositiounen an hier Implicatiounen am Detail ënnert d’Lupp ze huelen, an dat besonnesch op deene Punkten, déi och am Kader vun der Visite vum Premier Boris Johnson am September exposéiert goufen: den Impakt op d’Integritéit vum Marché Intérieur, den Impakt op d’Grenz an Irland, an de Level playing field tëscht der EU an dem Vereenegte Kinnekräich, an dat virun allem en vue vun engem zukënftege Fräihandelsaccord tëscht der EU an dem Vereenegte Kinnekräich.
Mir wäerten dat och maachen am enke Kontakt mam Négociateur vun der Europäescher Unioun Michel Barnier, an dee mir och weiderhin vollt Vertrauen hunn.
D’Hoffnung op e Brexit mat engem Accord hunn ech op alle Fall nach net opginn; ech leeën allerdéngs den Haaptaccent an den nächsten Deeg a Wochen drop, dass eist Land a seng Ekonomie beschtméiglech op e Brexit ouni Accord virbereet sinn
Mir brauche Stabilitéit, Stabilitéit an der Europäescher Unioun an och zu Lëtzebuerg. Et ass de Garant fir eng positiv ekonomesch Entwécklung an zemools am Secteur vun de Finanzservicer ass dëst en zentrale Facteur.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Déi ekonomesch a finanziell Situatioun vum Land ass positiv an d’Perspektive si gutt. Dat gesinn net nëmme mir selwer esou, dat ass och de Verdikt vun den internationale Ratingsagencen, déi eisem Land alleguerten en Triple A mat stabeler Perspektiv certifiéieren. Dat ass wichteg – op een et wëll oder net – well dat eis Kredibilitéit stäerkt an notamment den Zënsniveau op den Emprunt’en, déi de Staat opgeholl huet, op engem historesch nidderegen Niveau hält.
"Eis Staatsfinanzen si gesond an nohalteg gefouert."
Beim Zentralstaat hu mer 2018, fir d’éischte Kéier zanter 10 Joer, en Iwwerschoss verbucht.
D’Tendenz bleift och fir dëst Joer ganz positiv. Enn Juni gouf en Iwwerschoss notéiert vun 869 Milliounen Euro. D’Recettë leien 1,2 Milliarden Euro iwwert deene vum éischte Semester vun 2018, dat ass e Plus vun 13,4%.
D’Dépensë si just em 2,8% oder ronn 250 Milliounen Euro geklommen. Dëst ass selbstverständlech nëmmen eng Momentopnam, ma se confirméiert eis aktuell favorabel Situatioun an der Staatskeess. Et gëtt eis d’Méiglechkeet den Investitiounsniveau weider héich ze halen an domadder Perspektiven ze schafen.
Ech hunn et op dëser Plaz schonn e puer Mol gesot:
Lëtzebuerg huet an de leschte Joren eng demographesch Entwécklung erlieft, wéi et se kaum op der Welt gëtt. D’Populatioun ass an engem Zäitraum vun 10 Joer em iwwer 20 Prozent an d’Luucht gaangen. Gläichzäiteg ass d’Zuel vun de Leit, déi all Dag iwwert d’Grenz bei eis schaffe kommen em en Drëttel geklommen. Dat huet eis virun enormen Défie gesat an et war zum Deel net méiglech den Ufuerderungen un d‘Infrastruktur entspriechend gerecht ze ginn. De Stau op der Strooss, d’Pénurie u Personal an all méigleche Secteuren, d’Waardezäiten an den Urgencen. Alles dat ass d’Konsequenz vun enger Entwécklung vum Land, där an der Vergaangenheet net genuch Rechnung gedroe gouf.
Et ass deem an de leschte Joren awer schonn entgéint gewierkt ginn an och an d’Zukunft gëtt et nëmmen eng Äntwert: Mir mussen investéieren.
"Mir hunn fir dëst Joer ronn 2,6 Milliarden Euro fir Investissementer virgesinn. Dat ass 1 Milliard Euro méi, ewéi am Joer 2013. An déi Evolutioun soll weider goen."
Mir mussen a mir wëlle Lëtzebuerg op d’Defie vun der Zukunft virbereeden. Dofir ass an eiser pluriannuellem Budget virgesinn, dass am Joer 2023 de Niveau vun den Investitioune fir d’éischte Kéier op iwwer 3 Milliarden Euro klëmmt.
Mir maachen dat fir, awer net op Käschte vun der nächste Generatioun.
Nächst Joer kéint d’Staatsschold fir d’éischte Kéier zanter 2011 bei ënner 20% vum PIB leien. Deen Trend no ënnen dierft och kontinuéierlech weidergoe während dëser Legislaturperiod. Ënnert deene wéinege Länner mat engem Triple A bei den dräi gréisste Ratingsagencen, si mer domat dat Land mat der nidderegster Staatsverscholdung.
Mir halen och weider um System fest eppes op d’Säit ze leeë fir d’Zukunft. Am Fonds intergénérationnel, dee mer an der leschter Legislaturperiod gegrënnt hunn, sinn an der Tëscht 317 Milliounen Euro ugespuert ginn. Dëst Joer hu mer och eng weider Dotatioun vun 52,6 Milliounen an dëse Fong fir déi zukënfteg Generatiounen abezuelt.
Eis Staatsfinanze sinn an engem gudden Zoustand an och d’Pensiounskees zesumme mam Fonds de Compensation ass an enger favorabeler Situatioun mat enger Reserv vu bal 19 Milliarden Euro. Dëst entsprécht ronn 4,5 Mol de Prestatiounen, déi aktuell bezuelt ginn.
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
Zu Lëtzebuerg hunn 100% vun deene Jonken tëscht 16 a 24 Joer Accès op den Internet. An der Alterskategorie tëscht 65 an 74 Joer läit den Taux ëmmer nach bei iwwer 80%.
Mir verbréngen de ganzen Dag iergendwéi connectéiert an aus enger Étude vum Statec vun dësem Summer geet ervir, dass an der Tëscht d’Halschent vun de Leit och extern Servicer notze fir de Stockage vun hiren Donnéeën, vu Photoen, Filmer, Dokumenter asw.
Dernieft hannerloosse mer Spure bei eisen alldeeglechen Aktivitéiten am Internet, sief et Recherchen, Akeef, Bankoperatiounen, Message schreiwen a kréien, Certificaten ausfëllen a.s.w. Egal, wat mer maachen, wou mer hi ginn, wéi mer eis beweegen; Et ass schwéier bis onméiglech derlaanscht ze kommen, dass et iergend eng Form vun Daten iwwert eis gëtt. Eis Adress ass enregistréiert, den Auto ugemellt, d’Photo um Pass digitaliséiert, de Compte op der Bank gespäichert, d’Rechnunge vum Dokter bei der CNS archivéiert.
Et existéiere weltwäit Milliarde vun Daten iwwer Milliarde vu Mënschen an dat huet seng Virdeeler, et huet Potential an eiser Entwécklung, mee et huet natierlech och seng Geforen. Zu de Virdeeler gehéiert den technologesche Fortschrëtt.
Date sinn eng Matière Première, wéi kaum eng aner. Mat Hëllef vu komplexe Rechnungen, Analysen a kënschtlecher Intelligenz ginn Date verschafft a kënnen e positiven Impakt hunn. Et kann een d’Beispill vun der Fuerschung am medezinesche Beräich nennen. Mat Metadaten iwwer Patiente mat enger bestëmmter Krankheet, ginn Diagnose verbessert, Präventioun erméiglecht a Medikamenter weider entwéckelt.
Et ass eng Chance. An och mir wëllen déi Chance notzen. D’Regierung huet sech dofir eng Strategie an der kënschtlecher Intelligenz ginn a mir wëllen do am europäesche Spëtzepeloton fueren. Déi éischt Phase vun dëser Strategie huet ugefaangen a mir lancéieren nach virum Enn vun dësem Joer d’Consultation Publique an deem Kader. Mir wëllen d’Kritären net ordonnéieren, mee zesumme mat den Acteuren aus der Recherche, mee och aus der Zivilgesellschaft genee definéieren.
"Et ass wichteg an onverzichtbar, dass mer e Kader schafe fir den Ëmgang mat dëser neier Technologie an ier mer zu engem Client vun anere ginn, suerge mer derfir, dass mer eisen eegenen Prestatairë kënne sinn."
Mir wëllen a mir brauche kloer Regelen an dat, Här President, Dir Dammen an Dir Häre gëllt fir den Ëmgang mat Daten insgesamt – och mat perséinlechen Donnéeën iwwert eis Matbierger.
Mir haten an de leschte Méint eng ëffentlech Diskussioun an et sinn zu Recht Froe gestallt ginn, op déi och zu Recht Äntwerten erwaart ginn. Déi Froe stellen sech haut virun allem, well mer eréischt lescht Joer e neien a kloeren Dateschutzkader kritt hunn, wéi ee mat perséinlechen Donnéeë muss ëmgoen. En Deel dovunner betrëfft natierlech och de Staat an aner ëffentlech Instanzen, ewéi notamment d’Gemengen.
Dozou muss ee virop drun erënneren, wat den Ursprong vun deem Gesetz – respektiv deene Gesetzer ass. D’Schlësselwuert ass den RGPD, de Réglement Général sur la Protection des Données, deen engersäits Regelen definéiert, wéi an der Europäescher Unioun Donnéeën iwwer Persoune mussen traitéiert a geschützt ginn, an anerersäits, wéi de fräien Dateverkéier an den Échange am Marché intérieur auszegesinn huet. Et ass also net just en Text mat Verbueter, mee och e Reglement, deen ee vun de Grondprinzipie vun der EU, nämlech d’ libre circulation fir de Beräich vun den Donnéeën definéiert.
Dee neie Referenzkader am Dateschutz besteet ausserdeem aus zwee Deeler.
Och dat ass kruzial zemools fir déi Diskussioun, déi mer virum Summer hei gefouert hunn. Et ass eng Kéier, wéi gesot, den RGPD, en allgemengen Text iwwert den Dateschutz an dann ass et eng europäesch Direktiv iwwert déi speziell Datebanke bei Police a Justizautoritéiten. Mir hunn dozou d’lescht Joer am Summer hei am Parlament zwee Gesetzer gestëmmt, eent, dat dëse Reglement begleet an e Gesetz, wat d’Direktiv iwwer d’Datebanken bei Police- an Justizautoritéiten transposéiert.
Den RGPD huet Prinzipie fest geluecht, déi allgemeng gëllen.
D’Veraarbechtung vun Donnéeën ass nëmmen ënnert virdrunner festgeluechten an transparente Regelen erlaabt. Et gëtt zum Beispill de Prinzip vun der Exactitude, – et muss also richteg sinn, wat erfaasst gëtt. Et gëtt och de Prinzip vun der Nécessitéit, dass een Donnéeën net däerf méi laang halen, wéi onbedengt néideg. Dat ass en extrem wichtege Kader an et ass och wichteg, dass et eng Instanz gëtt, déi d’Anhale vun deem Kader kontrolléiert. Zu Lëtzebuerg ass dat bekanntlech, d’Dateschutzkommissioun, also d’CNPD, déi och Sanktioune kann décidéieren, wann e Verstouss festgestallt gëtt.
Nieft dëser allgemenger Dateschutzgesetzgebung, existéiere wéi gesot separat Dateschutzregele fir de strofrechtleche Volet, respektiv de Beräich vu Police a Justice an och de Beräich vun der nationaler Sécherheet.
Et si Regelen an et si Grenzen. Se ënnerscheeden sech vun deem, wat soss allgemeng gëllt.
E fundamentale Prinzip ass hei notamment, dass Donnéeën, déi iwwer Persounen erfaasst a gespäichert ginn, engem Zweck mussen déngen – also relevant musse sinn.
En anere Prinzip ass dee vun der Verhältnesméissegkeet. D’Masse vun den Donnéeën an den Opwand, dee gemaach gëtt muss dem Zweck ugepasst sinn. Dat bedeit zum Beispill, dass en automatescht a generellt Späichere vu passiven Informatiounen, ewéi GPS Koordinate vun all den Autoen, déi sech an eisem Land beweegen net erlaabt ass. Et gëtt dann och eng Prozedur virgeschriwwen, wat den Accès op Datebanke betrefft och den Transmis vun Daten ass reglementéiert.
D’Regele, déi sech fir de Beräich vun de Sécherheets- an Justizautoritéiten applizéieren ënnerscheeden sech vun deenen allgemengen op ganz logesche Punkten. Esou ass et evident, dass e Verdächtegen net muss informéiert ginn, wann am Kader vun enger Enquête Donnéeë gesammelt a stockéiert ginn.
Mee et besteet e kloere legale Kader.
D’Interpretatioun dovunner huet eis am Summer beschäftegt an déi concernéiert Ministeren hunn exhaustiv Explikatioune ginn. Et gouf och ënnerstrach, dass een d’Reprochen eescht hellt an eventuell Schwaachstelle wëll behiewen.
De Minister vun der Sécurité Intérieure huet dofir en Avis vun der Dateschutzkommissioun gefrot, dee leschte Mount presentéiert gouf.
Et gëtt virop festgehalen, dass déi thematiséiert Datebanke bei der Police eng legal Basis hunn.
Gläichzäiteg gëtt och festgestallt, dass muss nogebessert gi fir den Ëmgang an d’Gestioun konform ze maachen. Et gëtt Nohuelbedarf zum Beispill wat Garantien am Dateschutz fir Mannerjäreger betrëfft.
"An et gëtt nogebessert. Et ass e Comité de Suivi gegrënnt ginn, wou och mat der Hëllef vun der CNPD elo intensiv dru geschafft gëtt fir Lacunen ze behiewen."
Bis d’Chrëschtvakanz sollen déi grouss Linne vun de Reforme feststoen an déi zoustänneg Chamberkommissioun gëtt dobäi regelméisseg um Lafende gehalen. An de nächsten Deeg kritt d’Parlament en éischten Text presentéiert fir de Beräich vun der Kameraiwwerwaachung, wou dem Avis vun der CNPD Rechnung gedroe gëtt. Och an der Police selwer geet d’Aarbecht weider an Enn dës Mounts gëtt de Rapport vun der Inspection Générale de la Police presentéiert, déi intern Aspekter béi der Applicatioun vum Dateschutzgesetz analyséiert an och déi Konklusioune fléissen an d’Aarbecht vum Comité de Suivi mat an.
Och bei der Justiz ass am Laf vum Summer weider op deem Dossier geschafft ginn, a besonnesch wat dee concernéierte Fichier, de sougenannte „JUCHA“, betrëfft.
D’Regele wat den Inhalt vum Fichier betrëfft, den Accès op de Fichier, an och d’Duréee wéi laang Informatioune gespäichert sinn, ginn op de Leescht geholl. Zil ass et och hei fir dës Regele méi präzis ze maachen an den Exigenze vum Dateschutz unzepassen.
All d’Mataarbechter vun der Justice, déi mat deem Fichier schaffen, sinn an der Tëscht och nach eng Kéier sensibiliséiert ginn.
D‘Aarbechte fir eng komplett Lëscht ze erstelle vun all de base de donnéees déi d’Justiz huet, si weidergaangen a wäerte sou séier wéi méiglech finaliséiert ginn.
Déi zoustännegen Dateschutzkontrollinstanz fir d’Justiz, d‘ „autorité de contrôle judiciaire“, huet och décidéiert, fir eng ähnlech Kontroll vum « JUCHA“ duerchzeféieren, wéi d‘CNPD et fir de Fichier central bei der Police gemaach huet.
D’Justizautoritéite schaffen och drun, fir hir Contributioun ze leeschten, fir dass am Kader vum „contrôle des antécédents“, déi verschidde Verwaltunge musse maache fir eng Autorisatioun kënnen auszestellen oder och fir nei Mataarbechter anzestellen, sou séier wéi méiglech ka légiféréiert ginn.
De Staat an aner ëffentlech Instanzen hunn a géréieren natierlech och aner Datebanken, déi baussent dem Kader vun der nationaler Sécherheet fonctionnéiere – wou also déi generell Regele vum Dateschutz sech applizéieren, wéi se am europäeschen RGPD beschriwwe sinn.
Et geet hei em eng ganz Panoplie vu verschiddene Registeren, Fichieren an Datebanken, déi ënnert Dateschutzbestëmmunge falen. Wat den Ëmgang mat den Informatioune betrëfft, gouf et och scho virum Akraafttriede vun deem neien Dateschutzgesetz: Den Accès ass limitéiert, all Agent vum Staat huet Obligatiounen a sengem Statut, wat Confidentialitéit betrefft, d ‘Privatsphär vum Bierger muss respektéiert ginn, et gi Regele vun der Transparenz, all elektronesche Log vun engem Agent vum Staat ass retracable asw. Déi Regele sinn awer natierlech lescht Joer méi präzis ginn.
Et ass an deem Kader, wou de Staat sech eng eegen Instanz ginn huet fir den Dateschutz vun de Bierger ze verbesseren an ze garantéieren. De Commissariat à la protection de données auprès de l’Etat huet als Haaptaufgab déi staatlech Instanzen derbäi ze begleeden an ze berode fir Dateschutzregelen optimal unzewenden. Déi Instanz huet awer net eréischt lescht Joer ugefaange mat schaffen, mee schonn am Virfeld vum Akraafttriede vu RGPD eng wäertvoll Aarbecht geleescht.
Den Ament ginn beim Commissariat à la protection de donnéees auprès de l’Etat ronn 1400 Acitivités de traitement an Dateschutzregistere vun den eenzelnen Administratioune gefouert. Dat betrëfft all méiglech Beräicher. Et geet vum Register vun den Handelsermächtegungen am Wiertschaftsministère bis zu den Immatrikulatioune vun de Gefierer op eise Stroossen.
Mir sinn ëmgi vun Datebanken an se ënnerleien all dem Dateschutzgesetz an se sinn all dem Contrôle vun der nationalen Dateschutzkommissioun der CNPD ausgesat.
Et ass deemno evident, dass an de Ministèren, Verwaltungen a Servicer net eréischt zanter kuerzem dru geschafft gëtt fir sécher ze stellen, dass d’Applikatioun vum Dateschutzgesetz och konform ass. De Commissariat dee vir d’Datebank beim Staat zoustänneg ass, huet 2014 mat senger Aarbecht ugefaang a vill Sensibiliéierungsaarbecht geleescht.
Virun 3 Joer ass och en interministeriellen Aarbechtsgrupp en place gesat fir sech op déi nei Bestëmmungen ze preparéieren an en Aktiounsplang gouf ausgeschafft fir d’Agente beim Staat ze sensibiliséiere an et sinn zum Beispill nei Formatioune beim INAP agefouert ginn .
Den Dateschutz ass essentiell an d’Vertrauen an déi ëffentlech Instanzen ass de Pilier vun enger Demokratie.
De Bierger muss sech drop verloossen, dass de Staat virsiichteg mat Informatiounen ëmgeet, déi perséinlech sinn. A mir wëlle sécher goen, dass dat Vertrauen net verluer geet.
"Ech proposéieren der Chamber, dass de Kommissariat fir den Dateschutz beim Staat chargéiert gëtt fir e Rapport ze maachen iwwert den Etat des lieux vun der Applicatioun vun den Dateschutzregele beim Staat selwer."
Dat bedeit, dass déi Instanz eng breet Analys vun de base de donnéees mécht an eventuell Schwaachstellen identifizéiert.
Déi zoustänneg Chamberkommissioun gëtt dobäi regelméisseg informéiert an um Enn proposéieren ech en Débat de Consultatioun hei am Parlament, wou d’Konklusioune vun deem Rapport kënnen diskutéiert ginn. Wa sech sollt eraus stellen, dass et Lacune gëtt – sief bei der Exekutioun vum Gesetz oder vum Gesetz selwer – da sollen déi behuewe ginn.
De Prozess bedeit net e Moratoire um Effort den Dateschutz ze respektéieren. Ganz am Contraire. D’Gesetz gëllt an et muss respektéiert ginn an d’Anhale vum Gesetz gëtt duerch d’CNPD kontrolléiert – baussent dem Staat an am Staat selwer.
Wat mer hei proposéieren ass en zousätzlechen Effort an eng objektiv Analysen, déi zu Verbesserungen an zu méi Vertraue soll féieren.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Ech maachen haut keen Tour vun all den Departementer a Ministèrë fir opzezielen, wat an de leschten 12 Méint op den Instanzewee bruecht ginn ass a wat elo an de nächste Méint an der Chamber déposéiert gëtt. Ech hu mech elo op zentral Punkte vun der Aktualitéit konzentréiert an op Erausfuerderungen, déi imminent sinn.
Et ass net, dass well ech haut net déi verschidde Beräicher vun der politescher Aarbecht schwätzen, dass déi dofir manner wichteg wieren.
De Contraire ass de Fall. Déi sozial Fro an d’Kohäsioun an eiser Gesellschaft ass ze wichteg, fir se an e puer Kapitelen vun enger Ried unzeschwätzen. D’Zukunft vun eise Kanner, d ‘Prioritéiten an der Bildung, der Formation professionellen an am Fuerschungsberäich ass zentral fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg. D’Gesondheetspolitik an eng optimal medezinesch Versuergung, den Aspekt vun der Sécherheet an d’Lutte géint Kriminalitéit sinn Deelberäicher vun der Regierungspolitik, déi de Bierger direkt an all betreffen. D’Ëmsetze vum Kulturentwécklungsplang féiert zu eng Opwäertung vum Kënschtler, déi et verdéngt thematiséiert ze ginn. D’Logementsproblematik ass net geléist an déi verschidden Initiativen, den Effort vu Staat a Gemengen, deen amgaangen ass, fëllt méi ewéi e puer Paragraphen a menger Ried an e puer Minutte vun ärer Opmierksamkeet.
Ech léise mech dofir bewosst vun deem Modell fir eng Opzielung ze maachen a sécher ze goen, dass esou vill ewéi méiglech Leit eppes héieren hunn, wou se kënnen e Kräizchen hannendru maachen.
Mäi Kräizchen ass haut bei deem , wat eis den Ament am meeschte beschäftegt, well et eis beschäftege muss, nämlech d’Zukunft vun eisem Planéit. Et féiert derzou, dass mer eis a Fro stelle mussen an och dat hannerfroen, wat mer maachen.
Ech gehéieren awer zu deenen, déi dat positiv bewäerten an als Chance ugesinn. Et ass eng Chance, well et eis erlaabt an d’Déift ze goen, vun deem, wat mer maachen a wat mer ustriewen. U sech ass et eng Fro vun der Gerechtegkeet, eng Fro vun der Gerechtegkeet tëscht de Generatiounen.
Mir beschäftegen eis haut mat deem, wat wäit virun eis läit, well et néideg ass.
Mir agéiere laangfristeg an déifgräifend. An dat maache mer och iwwert de Wee vun der Steierpolitik.
Mir sinn am Gaang un enger déifgräifender Reform ze schaffen, déi verschidden Aspekter an Elementer considéréiert.
"Et gëtt eng ekologesch Reform a steet an der Logik vun deenen ambitiéisen Ziler, déi mer eis als Regierung an der Klimapolitik ginn."
Iwwert de Wee vun de Steieren hu mer en Hiewel fir en Afloss drop ze huelen, wou d’Prioritéite leien, wéi d’Land sech soll weider entwéckelen, wéi eis Ekonomie, mee och den Alldag vun de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg hiren Alldag verbréngen an der Zukunft ausgesäit. An deen Hiewel solle mer notzen.
Dat gëllt gläichermoossen um sozialen a gesellschaftspolitesche Plang.
Eist Land an d’Aart a Weis, wéi mer léiwen a schaffen huet sech an de leschte Joren a Jorzéngte verännert. D’Aarbecht vun dëser Majoritéit huet deem an de leschte 6 Joer Rechnung gedroen. Mir hunn a ganz verschiddenen Domainer d’Politik de Realitéiten ugepasst. An dat maache mer och an dëser Legislaturperiod.
Weider maachen amplaz weidermaachen.
"Eng Individualiséierung bei de Steieren ass dofir en zentraalt Element vun enger Gesellschaftspolitik, déi drop aus ass, Ongerechtegkeeten a Vulnerabilitéiten ofzeschafen."
Et geet hei em e fundamentaalt Ëmdenken an et si grouss Efforten an och vill Zäit néideg fir dat ëmzesetzen.
Eist Zil ass awer kloer. Mir suerge fir méi Gerechtegkeet a setzen den eenzele Mënsch an de Mëttelpunkt onofhängeg vun der Aart a Weis, wéi e säi Liewen organiséiert huet a wéi sech seng Situatioun am Laf vu sengem Liewe verännert.
Esou eng Reform brauch Zäit an hirer Ausaarbechtung an och fir se ëmzesetzen. Et mécht sech net an engem Dag an Décisiounen, déi Mënschen an hirem Liewe fir sech geholl hunn, sollen och respektéiert ginn. Mir schaffen dofir un engem progressivem Aféiere vun der Individualbesteierung an dat iwwer e méiglechst laangen Zäitraum.
Et gëtt awer och Aspekter bei enger Steierreform, déi net kënne waarden, well mer weider Léisunge brauchen, déi méi urgent sinn. D’Fro vun der Präisentwécklung am Logement ass do déi iewescht Prioritéit. Eng Transformatioun vun der Grondsteier ass do ee Schlësselelement an dierft sech an der Reform erëm fannen.
Mir mussen d’Leit ënnerstëtzen an entlaaschten, wou et néideg a noutwenneg ass. Mir musse Perspektive schafen an derfir suergen, dass d’Mënschen sech wuel fillen, dass se sech op dat kënne konzentréieren, wat hinne wichteg ass.
Perspektive schafen, heescht och, dass mer weiderhi kënne sécher stellen, dass eis Wirtschaft kompetitiv ass - an engem Kontext, deen dem Land ugepasst ass.
Mir hunn an de leschte Joren ëmmer erëm Initiative geholl fir eis Entreprisen ze stäerken an hinnen e Kader ze offréieren, deen et erlaabt sech positiv ze entwéckelen. Dat och um steierlechen Niveau, mat enger Baisse vun der Kierperschaftssteier dëst Joer vun 18 op 17 Prozent a fir mëttelstänneg Betriber esou guer op 15 Prozent.
Mir wëllen och am Kader vun enger Steierreform weider mat den Patronatsvertrieder iwwert déi fiskal Kompetitivitéit diskutéieren a no Léisunge sichen am Geescht an am Intérêt vum soziale Fridden, deen zu eiser DNA gehéiert esou wéi d’Innovatioun an d’Upassungsfäegkeet un den internationale Kontext.
"Mir brauchen e Wee vun der konstruktiver Kommunikatioun an d’Regierung setzt sech aktiv duerfir an, dass de Wee och weder e sens unique, nach eng Impasse gëtt."
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,
Mir liewen an engem Land vum Dialog. Zu Lëtzebuerg schwätzt ee mateneen an et schwätzt jidderee mateneen. Mir léisen an évitéiere Problemer a Konflikter, well mer matenee schwätzen. Mateneen, a net just iwwerteneen. Dat huet eng laang Traditioun an et huet eis bis elo ëmmer no vir bruecht.
Et gëllt fir den Dialog op politeschem Niveau, fir den Dialog tëscht de Sozialpartner an och fir den Dialog tëscht der Politik an der Zivilgesellschaft.
Déi Erausfuerderungen, déi an de nächste Jore virun eis leie brauchen och e méiglechst breede Konsens an ech sinn zouversiichtlech, dass mer dee Konsens fannen.
Et geet net duer, dass mer all un engem Strang zéien, mir mussen och all an déi selwecht Richtung zéien.