All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1147 Resultater
  1. Den 13. November 2019, am Kader vun der 6. Editioun vum Label "Actions positives", huet d'Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer, Taina Bofferding, sechs Entreprisen ausgezeechent, déi Moossname fir d'Gläichstellung tëschent Fraen a Männer am Aarbechtskontext entwéckelt hunn.

  2. No der Ënnerzeechnung vun enger Absichtserklärung tëschent der hollännescher a Lëtzebuerger Regierung de 6. Februar 2019 zu Den Haag, hunn d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten an d'Birgitta Tazelaar, stellvertriedend Generaldirectrice fir d'international Entwécklungszesummenaarbecht vun Holland, en Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen.

  3. De 7. an 8. November 2019 huet den Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) e Stand op der 33. Studentefoire an de Raimlechkeete vun der Luxexpo (Entrée Sud) um Kierchbierg.

  4. 2018/2019 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi zéngte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

  5. Am Kader vun der Staatsvisitt vum belsche Kinnek an der belscher Kinnigin zu Lëtzebuerg huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Dronenaktivitéiten a verschiddene Loftraim tëscht dem 15. an dem 17. Oktober 2019 ze verbidden.

  6. Den Institut national des langues (INL) organiséiert den 23. Oktober 2019 um 19 Auer a senge Raimlechkeeten (21, bd de la Foire; L-1528 Luxembourg) am Kader vu sengem 10. Anniversaire eng literaresch Table ronde mat 4 Gewënner vum Servais-Präis.

  7. De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel huet de 8. Oktober 2019 virun der Chamber d'Ried zur Lag vun der Natioun 2019 gehalen.

  8. E Samschdeg, den 21. September 2019 organiséiert de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale zesumme mat der Amicale Hinzert wéi all Joer eng Commemoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert. Dëst Joer sinn et 75 Joer hir, dass de 25. Februar 1944 d’Cheffe vun der Lëtzebuerger Resistenz am Bësch zu Hinzert ermuert goufen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 69
  4. 70
  5. 71
  6. 72
  7. 73
  8. ...
  9. Lescht Säit