Interview vum Taina Bofferding am FGFCmag

"Reform vum Gemengegesetz: Keng Plaz fir Parteipolitik!"

Interview: FGFCmag

FGFCmag: Bonjour Madame, Dir sidd Inneministesch a Ministesch fir d'Gläichstellung tëschent Fraen a Männer zënter Dezember 2018. Ass et elo eriwwer mat ärem Privatliewen ?

Taina Bofferding: Nieft dem stressegen Alldag vun der Politik, ass et wichteg nach e Privatliewen ze hunn. Doriwwer eraus hunn ech d'Chance souwuel am Intérieur ewéi och am MEGA zwou Équipen ze hunn, déi ganz motivéiert an engagéiert sinn.
D'Zesummenaarbecht ass gutt, virun allem wëll ech gewinnt sinn am Team ze schaffen an een och nëmmen esou no fir kënnt.
Wéi all Mënsch brauch och ech meng Famill, meng Kollegen a Frënn fir d'Liewen ze genéissen. Nëmmen esou fannen ech och mäin Equiliber.

FGFCmag: Wann ee wéi Dir, en Diplom als Éducatrice huet an duerno en Universitéitsofschloss an der Sociologie, wat hëlleft dat an der Politik?

Taina Bofferding: Ech hu mech viru Joren dofir décidéiert Sociologie ze studéieren, well ech mech ëmmer dofir intresséiert hunn, wat ronderëm mech geschitt. Ech wollt de Fonctionnement an déi divers intern Phenomener vun eiser Gesellschaft kennen a verstoe léieren.
Ech weess also an der Theorie wéi eis Gesellschaft opgebaut ass, wéi Mënsche matenee funktionéieren. Virun allem de sozialen Aspekt doranner ass mär wichteg an zitt sech ewéi e roude Fuedem duerch mäin Engagement, mäi Studium bis elo eran an d'Politik. Esou passt meng Ausbildung eigentlech ganz gutt bei dat wat ech elo a menger aktueller Funktioun maachen.

FGFCmag: Gëllt et fir lech duerch Rhetorik, är Aktioun oder duerch är Perséinlechkeet ze iwwerzeegen ?

Taina Bofferding: Ouni Aktioun keng Gestaltung ergo keng Verännerung. Rhetorik, also Kommunikatioun, ass wichteg fir datt d'Leit versti firwat déi eng oder aner Décisioun geholl ginn ass. Hei sollt een dorops oppassen, datt een och déi Sproch schwätzt déi d'Leit schwätzen, fir mech heescht dat virun allem op Aenhéicht ze kommunizéieren D'Perséinlechkeet ass och wichteg.
Ouni perséinlech Motivatioun an deem dorauser resultéierendem Engagement, kënnt een am politeschen Ëmfeld net mat der néideger Kraaft no vir.

FGFCmag: Äre schéinste Feeler an är schlëmmste Qualitéit?

Taina Bofferding: Et ass mënschlech Feeler ze maachen. Dat Wichtegst ass, datt een aus sengen eegene Feeler léiert, Konsequenzen zitt fir et dann an Zukunft anescht ze maachen. Feeler sinn also per se net ëmmer negativ, wann een eppes dorauser léiert.
Meng Mataarbechterinnen a Mataarbechter soe mär oft ech wier ongedëlleg.
Ech wëll datt mer viru kommen. Dobäi wëll ech meng Leit uspornen. Zesummenaarbecht am Team ass mär wichteg, do ass meng Ongedold awer och villäicht wichteg fir deen néidegen Drive ze assuréieren.

FGFCmag: Eng Welt ouni Männer, wéi wier dat fir lech ?

Taina Bofferding: Mixitéit ass hei d'Schlagwuert, also géigesäiteg Ergänzung. Däst ass wichteg an dozou stinn ech.

FGFCmag : Dir sidd zu 5 Fraen an 12 Männer an der Regierung. Hei muss awer nach nogegendert ginn, oder?

Taina Bofferding : Wann ech elo d'LSAP, also meng Partei, kucken, fannen ech, datt mär eis en deem Sënn ganz konsequent ware, well direkt zwou Frae proposéiert goufe fir mat an d'Regierung ze goen. D'LSAP baut och weiderhin Fraen op an ass schonns eng Zäit am Gang méi Fraen a méi Jonker opzebauen an dat och duerchzezéien.

FGFCmag : Ass et net ze einfach déi respektiv Qualitéite vu Männer a Fraen op d'Unzuel vun hire respektive Vertrieder an de privaten an ëffentleche Féierungsstrukturen ze reduzéieren ? Firwat d'lmpositioun vu Quoten ? Ass et net déi natierlech Flicht vun de Männer iech Fraen un der Muecht deelhuelen ze loossen ?

Taina Bofferding : Fir d'éischt emol well ech festhalen, datt eng Geschlechterquote nëmmen an d'Spill kënnt, wann d'Qualifikatioun vun de concernéierte Persounen, op Mann oder Fra, déi selwecht ass. Duerno gëtt eréischt gekuckt, op e Geschlecht ënnerrepresentéiert ass. Eréischt da spillt d'Quote.
D'Iddi vun der Quote ass also net eng Persoun ob z.B. e Verantwortungsposten ze bréngen, nëmme well se dat oder dat Geschlecht huet. Et geet mär dorëms nom Constat vun der Qualifikatioun, eng gewësse Mixitéit vun de Geschlechter unzestriewen.
Gëtt et zum Beispill e Secteur wou d'Männer ënnerrepresentéiert sinn, spillt d'Geschlechterquote, an Décisioun fält dann ob de männleche Bewerber, wann dësen dem Profil, der Qualifikatioun entsprécht.
D'Regierung huet jo eng Geschlechterquote bei de staatlechen a parastaatleche Verwaltungsréit agefouert. Dëst funktionéiert bis elo ganz gutt a weist och Resultater. De Punkt ass, datt déi konstatéiert Entwécklung a Richtung Mixitéit extrem laang dauert. Oft feelt et einfach u gesellschaftlechem Bewosstsinn, fir d'Equitéit tëschent de Geschlechter. Dofir brauche mär ënnert anerem d'Geschlechterquote.
Et geet jo schlussendlech dorëms, datt Fraen a Männer zesummen op Aenhéicht eis als Kollektiv no vir bréngen. Vill Etüden aus dem Privatsecteur beweisen z.B. ganz kloer, datt do wou d'Mixitéit Realitéit ass, d'Produktivitéit an d'Luucht geet.
Loosst eis et also zesummen upaken.
Ideal wier natierlech, datt mär enges Daags guer keen Instrument wéi d'Geschlechterquote méi bräichten. Mär striewen also eng gesellschaftlech Selbstverständlechkeet un, dëst och z.B. bei de Beruffsbiller, e gewëssen Equiliber.
Dofir musse mär um gesellschaftleche Bewosstsinn zu dësem Thema schaffen.
War fréier z.B. d'Vereenbarkeet vu Famill a Beruff e rengt Fraenthema, esou ass dest Thema mëttlerweil an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm a betrëfft och ëmmer méi Männer. Mär kommen also zesummen an dësem Thema no vir.

FGFCmag : Wat ass fir lech d'Definitioun vum Terme „politesch Responsabilitéit“?

Taina Bofferding : Ganz einfach: Décisioun huelen an dofir riicht stoen!
An der Konsequenz heescht dat, datt e(ng) Politiker/in net soll zécken Décisiounen ze huelen an deemno seng Meenung ze vertrieden an ze verdeedegen. Fir d'Konsequenze vun eisen Décisioune muss een ergo da perséinlech riicht stoen

FGFCmag
: Zu de Gemengen: Misst den Inneministère als ieweschten Déngschthär, a Punkto interner Organisatioun an internem Fonctionnement fir d'Gemengen net e Virbild sinn ?


Taina Bofferding : Gemengen an de Ministère si per Definitioun aner Entitéiten a funktionéieren deementspriechend och anescht. Wann déi eng um lokale Plang autonom sinn, sinn déi aner eng Staatsverwaltung vun der Regierung.
Den Inneministère gesinn ech net als iwwergeuerdent Entitéit, déi de Gemenge soll diktéiere wéi se funktionéiere sollen. Dat kann a well den Intérieur guer net leeschten, net zulescht wéinst der Gemengenautonomie, an dat ass gutt esou. Doriwwer eraus iwwerhuelen d'Gemengen eng grouss Responsabilitéit innerhalb vun eiser Gesellschaftsstruktur.
Mär ass et wichteg, datt den Intérieur e staarke Partner un der Säit vun de Gemenge gëtt. Ech wëll also ewech vum Bild vum strenge Kontrolleur a Sanctionneur, méi a Richtung vum Beroder, deen de Gemengen zur S.it steet. Begleedung an Ënnerstëtzung sinn hei d'Schlagwierder. Zil heivunner ass, d'Gemengen nach méi an hirer Autonomie ze stäerken, si kréien also nach méi Responsabilitéit.
Wat d'Organisatioun vum Intérieur selwer betrëfft, si mär an der Foulée vun der Reform vum Gemengegesetz aktuell schonns dobäi eis anescht ze organiséieren. Mär sinn dobäi eis intern Aarbechtsprozesser ze iwwerschaffen an ze digitaliséieren, eppes wat no baussen net direkt siichtbar ass. Wa mir wëllen e staarke Partner vun de Gemenge ginn, musse mär dat natierlech och hei am Intérieur kënnen assuméieren.

FGFCmag : Viru kuerzem hutt Dir d'Campagne „mateneen fir eng modern Gemeng“ lancéiert. Loosst eis zesummen äre Slogan deklinéieren: „Mateneen" wat heescht dat fir lech ?

Taina Bofferding : Mateneen heescht fir mech, datt mär wëllen eng Reform fir d'Gemengen awer och mat de Gemengen en Place setzen.
Weiderhin heescht et, datt mar d'Reform esouwuel mat de politesch Responsabelen, wéi och zesumme mam Gemengepersonal wëllen ugoen an ëmsetzen. Matenee bedeit also en aktive Partizipatiounsprozess.
Zentral Froe sinn hei: Wat kënne mär verbesseren? Wat sinn haut Missiounen vun enger Gemeng? Wat d’Erausfuerderunge? Hu si genuch Moyen fir hir Aarbechte wouerzehuelen?
An dësem Prozess sollen sech all Interesséiert kënnen zu Wuert mellen, net zulescht d'Biergerinnen an d'Bierger selwer. Wa mär z.B. géifen hei am ' Intérieur eleng un enger Reform vum Gemengegesetz schaffen, deen dem effektive Besoin um Terrain net géif gerecht ginn, hätte mär näischt geschafft.

FGFCmag : Ass et net illusoresch ze mengen, datt är politesch Géigner, déi a ville Schäfferéit setzen, lech hëllefe wäerten dës dréngend noutwenneg Reform mat Succès op en ze bréngen ?

Taina Bofferding : Beim Kick-off vum Prozess “mateneen fir eng modern Gemeng" zu Nidderaanwen hunn ech vill Gemengepolitiker/innen aus deene verschiddene politesche Parteie begéint, déi mär gesot hunn, datt se frou sinn, datt d'Gemengegesetz endlech op de Leescht geholl gëtt.
Ech mengen, datt ganz vill Leit verstanen hunn datt et ëm si geet a mär dat am Beschten zesummen uginn. Hir Reflektiounen, hir Erfahrunge si wichteg.
Ech sinn also zouversiichtlech, datt erkannt gëtt, datt parteipolitescht Gespills eis an dësem Dossier net weiderbréngt. Meng Offer steet an ass eescht gemengt. Dofir loosst eis dat zesummen ugoen.

FGFCmag : Wat ass dann är Visioun vu „moderne Gemengen“?

Taina Bofferding : Wichteg ass virun allem, datt d'Gemengen hire Biergerinnen a Bierger eng héich Liewensqualitéit kënne garantéieren.
Hei geet et ëm héichwäerteg Strukturen a Servicer. Och ass wichteg, datt si net nëmmen als Client vun der Gemeng considéréiert ginn, mee als wichteg Ressource bei der Gestaltung vum Liewen an der Gemeng wouer geholl ginn. Den Input vun de Leit soll och an d'Kommunalpolitik mat afléissen, hei geet et ëm gelieften Demokratie.
Net zulescht an dësem Kontext ass den aktuellen Impakt vun der globaler Digitaliséierung eng Chance fir d'Leit nach méi direkt un den Entscheedungsprozesser innerhalb vun der Gemeng deelhuelen ze loossen.

FGFCmag : Am selwechte Kontext gesitt Dir elo no der Rentrée regional Fore vir. Äert Konzept geet awer méi wäit, oder?

Taina Bofferding : Jo et geet vill méi wäit. Als Intérieur hu mir wëlles d'concernéiert Leit iwwert eng länger Zäitspan partizipéieren ze loossen, also net just en eemolege Brainstormig z'organiséieren. D'Foren déi elo an enger éischter Phase queesch duerch d'Land no der Rentrée organiséiert ginn, sinn en éischte Schratt d'Themen ze abordéieren, ze analyséieren an zesummenzefaassen.
Dobäi kennt dann eng online Biergerconsultatioun, suivéiert vun engem Biergersymposium.
An enger zweeter Phase sollen déi Themen déi de Gemengen am meeschten ënnert de Neel brennen, an engem weidere Colloque méi am Detail diskutéiert ginn. Mär ginn eis also Zäit dat Ganzt och am Detail kennen ze kucken. Et geet net nëmmen ëm d'Sammele vun Iddien, mee ech schwätze vun engem regelrechte Participatiounsprozess, deen de Numm och verdéngt.
An enger drëtter Phase wann den éischten Text fir en neit Gemengegesetz um Dësch läit, kucke mär zesummen op den Text deem dann och elo gerecht gëtt, wat mär innerhalb vun de Foren a Colloque wollten no vir bréngen. Et geet also ëm eng ëmmer weider Verdéiwung vun den Diskussiounen.

Aktualiséiert