Verbuet vun Dronenaktivitéiten den 16. an 17. Oktober 2019

Am Kader vun der Staatsvisitt vum belsche Kinnek an der belscher Kinnigin zu Lëtzebuerg huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Dronenaktivitéiten a verschiddene Loftraim tëscht dem 15. an dem 17. Oktober 2019 ze verbidden:

  • "Stad Lëtzebuerg": vum 15. Oktober 2019 vun 10 Auer bis de 17. Oktober 2019 um 18 Auer;
  • "Gare": de 15. Oktober vun 10 bis 12 Auer an de 17. Oktober vun 16 bis 18 Auer;
  • "Härebierg": de 16. Oktober 2019 vun 8 bis 12 Auer;
  • "Belval": de 16. Oktober 2019 vun 9 bis 13 Auer;
  • "Betzder": de 16. Oktober 2019 vun 10 bis 13 Auer;
  • "Bourglënster": de 16. Oktober 2019 vun 11 bis 15 Auer;
  • "Chambre de commerce": de 17. Oktober 2019 vun 8 bis 12 Auer;
  • "Musel": de 17. Oktober 2019 vun 10 bis 17 Auer.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert