All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1147 Resultater
  1. Sou wéi den 19. November vum Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, ugekënnegt, goufen um Informatiounsportal Guichet.lu déi éischt Texter online op einfacher Sprooch verëffentlecht. Dës Sprooch adresséiert sech an éischter Linn u Persoune mat enger geeschteger Behënnerung a Persoune mat enger Lies- oder Schreifschwächt.

  2. Am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz, huet d'Inneministesch Taina Bofferding am Juli 2019 en Participatiounsprozess an d'Liewe geruff. An enger éischter Phas, hunn d'RepresentantInnen aus dem Gemengesecteur u 6 Regionalforen deelgeholl déi am ganze Land stattfonnt hunn,

  3. De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.

  4. Den 19. November 2019 huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, d'Inauguratiounsried vun der 4. Editioun vum BIMLUX gehalen, déi am European Conventioun Center stattfonnt huet. Dëst ass ee järlechen Evenement iwwert déi digital Transformatioun am Bausecteur zu Lëtzebuerg.

  5. Den 20. November 2019 feiert d'international Kannerrechts-Konventioun (CIDE) hiert 30-järegt Bestoen. D'Konventioun gouf den 20. November 1989 vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen ugeholl.

  6. De 15. November 2019 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, eng kohärent Offer fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, zesumme mam Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, an der Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 68
  4. 69
  5. 70
  6. 71
  7. 72
  8. ...
  9. Lescht Säit