De 12 November 2019, huet den Henri Kox, delegéierte Minister fir Verdeedegung, um Conseil "Aussepolitik" an der Zesummesetzung vun de EU-Verdeedegungsminister zu Bréissel deelgeholl. Déi zoustänneg Ministeren hunn iwwert Sécherheets- a Verdeedegungsfroe mat besonneschem Schwéierpunkt op der Pesco (Permanent Structured Cooperation) an der Kohärenz tëschent den EU-Verdeedegungsinitiativen debattéiert.
Den Henri Kox huet betount, wéi wichteg et wier, d'Debatt iwwert d'aussergewéinlech Bedeelegung vun Drëttstaaten u Pesco-Projekter (Permanent Structured Cooperation) ofzeschléissen an d'EU-Nato-Prozesser no dem Prinzip vun de "single set of forces" ze harmoniséieren. Den delegéierte Minister huet dës Weideren erkläert, datt d'Joer 2020 ee wichtegt Joer fir d'Weiderentwécklung an d'Festege vun der europäescher Verdeedegung wäert sinn. Déi strategesch Iwwerpréiwung vun der Pesco ass ee gudde Moment fir d'Weiche fir déi nächst Joren ze stellen. Déi europäesch Approche muss sech op konkret Resultater konzentréieren an sech un eis Capacitéiten an operativ Besoinen orientéieren. Den Henri Kox huet ausserdeem seng Ënnerstëtzung fir d'Iddi vun engem strategesche Kompass zum Ausdrock bruecht, deen eis Ambitiounen a politesch Prioritéiten erëmspigelt.
Doriwwer eraus hunn d'Verdeedegungsministeren e Meenungsaustausch iwwert d'Missiounen an Operatiounen am Kader vun der gemeinsamer Sécherheets- a Verdeedegungspolitik gefouert ("politique de sécurité et de défense commune", PSDC). An dësem Zesummenhang huet den Henri Kox dorun erënnert, datt d'Verschlechterung vun der Sécherheetslag an der Sahelzon een integréierten a laangfristegen Usaz erfuerdert, deen déi verschidde Facteuren an d'Ursaache fir d'Instabilitéit berécksiichtegt. Et ass vun der Hand ze weisen, datt sech de Klimawandel negativ op déi natierlech Ressourcë vun der Regioun auswierkt an de Konflikt verschäerft. De Klimawandel ass ee Multiplikator vu Risiken a Menacen, deen an Zukunft besser gehandhaabt muss ginn, wann déi Europäesch Unioun nohalteg géint d'Ursaache vun den Onsécherheeten an der Sahelzone virgoe wëll.
Bei engem Mëttegiesse mam stellvertriedenden Nato-Generalsekretär Mircea Geoană hunn d'Ministeren de Fortschrëtt vun de Relatiounen tëschent der EU an der Nato bewäert.
Communiqué vun der Direktioun fir Verdeedegung