All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1113 Resultater
  1. 2018/2019 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi zéngte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

  2. Am Kader vun der Staatsvisitt vum belsche Kinnek an der belscher Kinnigin zu Lëtzebuerg huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Dronenaktivitéiten a verschiddene Loftraim tëscht dem 15. an dem 17. Oktober 2019 ze verbidden.

  3. Den Institut national des langues (INL) organiséiert den 23. Oktober 2019 um 19 Auer a senge Raimlechkeeten (21, bd de la Foire; L-1528 Luxembourg) am Kader vu sengem 10. Anniversaire eng literaresch Table ronde mat 4 Gewënner vum Servais-Präis.

  4. De Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel huet de 8. Oktober 2019 virun der Chamber d'Ried zur Lag vun der Natioun 2019 gehalen.

  5. E Samschdeg, den 21. September 2019 organiséiert de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale zesumme mat der Amicale Hinzert wéi all Joer eng Commemoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert. Dëst Joer sinn et 75 Joer hir, dass de 25. Februar 1944 d’Cheffe vun der Lëtzebuerger Resistenz am Bësch zu Hinzert ermuert goufen.

  6. De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dee mam Gesetz vum 27. Juni 2018 geschaf gouf. Hien ass de Moie vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, vereedegt ginn an iwwerhëlt seng nei Fonctioun den 1. Juli.

  7. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  8. Am Kader vun de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Dronenaktivitéiten iwwer der Stad Lëtzebuerg esou wéi och an de spezifesch fir d’Fliigere vun der Militärparad virgesinnen Loftraim den 22. Juni (vun 14 bis 24 Auer) an 23. Juni (vun 0 bis 24 Auer) ze verbidden.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 67
  4. 68
  5. 69
  6. 70
  7. 71
  8. ...
  9. Lescht Säit