-
Ried vum Lydia Mutsch um éischte Spuetestéch fir den zukënftegen therapeuteschen Zentrum fir Jonker zu Pëtschent
Ried vum Lydia Mutsch, Gesondheetsministesch, um éischte Spuetestéch fir den zukënftegen therapeuteschen Zentrum fir Jonker zu Pëtschent.
-
Sproocheronn.lu: méi wéi 100 Propose vun de Bierger fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen
Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär an der Kultur, Guy Arendt, hunn den 10. Juli 2018 de Bilan vun der Initiativ Sproocheronn.lu presentéiert, déi Deel ass vun den Efforte fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.
-
Usprooch vum Lydia Mutsch am Kader vum 15. Anniversaire vum Spidol um Kierchbierg
Den 9. Juli huet d'Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, am Kader vum 15. Annniversaire vun dem Spidol um Kierchbierg eng Ried gehal.
-
Generalinspektioun vun der Police: Externt Kontrollorgan vun der Police a Service um Bierger!
Am Kader vun hirer Emissioun De Magazin weist RTL en exklusiven Abléck an d'Generalinspektioun vun der Police.
-
Vote vum Gesetzesprojet 7044 iwwert d'Generalinspektioun vun der Police (IGP)
An der Chambersessioun vum 3. Juli 2018 hunn d'Deputéierten de Gesetzesprojet 7044 iwwert d'IGP gestëmmt. Fir d'éischt huet de Rapporter, den Här Alex Bodry, déi verschidde Facettë vum Projet presentéiert. Dono hunn d'Spriecher vun de verschiddene politesche Fraktiounen d'Wuert ergraff fir hier Meenung auszedrécken ier et zum Vote koum.
-
Discours de Lydia Mutsch pour l'accréditation Joint Commission International du Centre hospitalier de Luxembourg
"Mär kommen haut hei zesummen fir d’Akkréditatioun vum éischte lëtzebuerger Spidol dat de Normen vun der Joint Commission International (JCI) entsprécht, ze feieren."
-
GRECO - Evaluatiounsrapport vun der Fënnefter Ronn iwwert Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass e Grënnungsland vum "Groupe d’États contre la corruption" (GRECO) vum "Conseil de l’Europe", deen 1999 an d'Liewe geruff ginn ass. De Grand-Duché huet bei der Eischter (Juni 2001), Zweeter
-
Nationalfeierdag 2018
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
De Claude Turmes trëtt an d'Regierung an
Nom Doud vum Camille Gira trëtt, den 20. Juni 2018, de Claude Turmes an d’Regierung an. Hie gëtt zum Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur ernannt.
-
Offiziell Feldbegehung a Virstellung vum Projet "LeguTec“ zu Manternach um Betrib Mehlen
D‘IBLA a seng Partner hunn op déi offiziell Feldbegehung a Virstellung vum Projet "LeguTec", am Bäisinn vun der Ierfgroussherzogin, dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an dem President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, dem Här Pierre Bley, agelueden.
-
TNS-Ilres-Enquête: D’Lëtzebuergescht ass déi gemeinsam Sprooch vun dräi Véierel vun der Populatioun a vu 94 % vun deene Jonken
Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, hunn en Donneschdeg, 7. Juni d’Resultater vun der Enquête iwwer d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft presentéiert.
-
Discours du Premier ministre, Xavier Bettel, à l'occasion de la cérémonie officielle à la mémoire de Camille Gira, secrétaire d’État
Discours du Premier ministre, Xavier Bettel
-
"Haut ass di psychiatresch Prise en Charge bei Wäitem eng aner wéi nach virun 30 Joer, an dat ass gutt esou!"
Ried vun der Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, zum 30. Gebuertsdag vum Réseau PSY – Psychesch Hëllef dobaussen.
-
D’Regierung huet déi traureg Flicht den Dout vum Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, dem Camille Gira, matzedeelen
An déifster Trauer deelt d’Regierung mat, dass ee vu senge Memberen, de Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur Camille Gira, verstuerwen ass. Den Doud ass stënterlech an onerwaart am Owend vum 16. Mee 2018 agetrueden.
-
Nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom
De Litty 7: Lëtzebuerger Fräiheetslidder – Geschicht a Politik am Lidd, déi nei Publikatioun aus der Serie Les Carnets didactiques du Cedom ass dem Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, an Avant-première presentéiert ginn.
- Éischt Säit
- ...
- 72
- 73
- 74
- 75
- 76
- Lescht Säit