Offiziell Feldbegehung a Virstellung vum Projet "LeguTec“ zu Manternach um Betrib Mehlen

D‘IBLA a seng Partner hunn op déi offiziell Feldbegehung a Virstellung vum Projet "LeguTec", am Bäisinn vun der Ierfgroussherzogin, dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an dem President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, dem Här Pierre Bley, agelueden.

 

Dësen innovative Projet huet als Ziel, eng ressourcëschounend Eewäissproduktioun opzebauen, wat eng vun den agrarpolitische Prioritéiten duerstellt.

D‘Ofhängekeet vun den Importer vun Eewäiss muss zeréckgeschrauft ginn. Dofir huet de Fernand Etgen virun engem Joer zesumme mat 12 aneren EU-Memberstaaten eng Deklaratioun ënnerschriwwen, déi d’Promotioun vun der nohalteger an OGM-fräier Produktioun vun Eewäissplanzen an der EU fuerdert. Doropshin ass de Projet LeguTec mat der IBLA entstanen, deen op den nohaltegen Ubau vu Sojaplanzen ausgeluecht ass. De Soja ass eng vun de wichtegsten Eewäissquellen an der Déierenernierung hei zu Lëtzebuerg.

De Projet gëtt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, vum Landwirtschaftsministère a vun der Firma Wolff-Weyland finanziell ënnerstëtzt. 

Regierungsmember

ETGEN Fernand

Organisatioun

Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Konsumenteschutz

Event Datum

08.06.2018