-
Gemengewale vum 11. Juni 2023 - Avis iwwert den Depot vun de Wielerlëschte fir eng Consultatioun duerch d'Ëffentlechkeet
Am Hibléck op d'Gemengewale vum 11. Juni 2023 ginn déi Wielerlëschten, déi vum Buergermeeschter- a Schäfferot virleefeg festgeluecht goufen, vum 18. bis de 24. Abrëll 2023 inclus, fir eng Consultatioun duerch d'Ëffentlechkeet hannerluecht. Op dëser Lëscht sinn an der Annex déi Persounen opgeféiert, déi tëschent dem 17. Abrëll 2023 an dem 11. Juni 2023 inclus 18 Joer al ginn.
-
Accord iwwer Airside Operatiounen um Fluchhafe Lëtzebuerg
D'Ënnerschreiwe vum neie Kooperatiounsofkommes dës Woch ass e wichtege Step Schratt fir béid Partner a fir de Fluchhafen.
-
Gratis Impfung géint Gürtelrous fir Persounen iwwer 65 Joer a Persoune mat enger Immunodefizienz
Laut Recommandatioune vum Ieweschte Rot fir Infektiounskrankheeten (Conseil supérieur des maladies infectieuses - CSMI) gëtt den Impfstoff "Shingrix", deen d'Heefegkeet vun der Gürtelrous reduzéiere soll, ab Abrëll 2023 gratis vun der Gesondheetsdirektioun zur Verfügung gestallt.
-
Besser Loft fir méi Liewensqualitéit: Resultater vun der Stéckstoffdioxid (NO2)-Miesscampagne vun 2022
D'Ëmweltverwaltung huet, an Zesummenaarbecht mat de Gemengen an der Klima-Agence, déi 5. NO2-Miesscampagne am Kader vum Klimapakt duerchgefouert. Insgesamt ass de Schuedstoff op 112 Plazen an 33 Gemenge gemooss ginn.
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 27. Mäerz bis 2. Abrëll 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech ee vereinfachten Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
Widderruff vun der Marchészouloossung vu Planzeschutzmëttel mam Wierkstoff Glyphosat: d'Verwaltungsgeriicht huet den Appell vum Staat verworf
Den 30. Mäerz 2023 huet d'Cour administrative d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht confirméiert, mat deem d'Decisioun iwwer de Widderruff vun der Zouloossung vun aacht Planzeschutzmëttelen, déi de Wierkstoff Glyphosat enthalen, opgehuewe gouf. Dës Decisioun bréngt mat sech, datt d'Zouloossunge fir déi betraffe Planzeschutzmëttel ab dem Datum vun der Urteelsverkënnegung erëm gülteg sinn.
-
LU-Alert: Poursuite vun den Tester vum Warnsystem an Ëmfro bannent der Bevëlkerung
D'Regierung wäert de Méindeg, den 3. Abrëll 2023, d'Ëmsetzung vun hirer Strategie fir den Test vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Bevëlkerung weiderféieren, andeems si een 2. landeswäiten Test iwwer follgend Kommunikatiounskanäl duerchféiert: Sireenen, SMS, GouvAlert (Handy-App).
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis 26. Mäerz 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza).
-
"Seveso": Wourëms geet et? Wat ass d'Roll vun de "Seveso"-Betriber a vun den Autoritéiten? A wéi reagéieren am Noutfall?
Den Numm "Seveso" kënnt vun enger Stad am Norde vun Italien, an der Lombardei, déi d'Konsequenze vun engem industriellen Accident, am Joer 1976, an der Chimiesfabrik Icmesa an der Gemeng vu Meda ze spiere krut.
-
Verhütungsmëttel ginn ab dem 1. Abrëll zu 100% an ouni Altersbegrenzung rembourséiert
Déi verschidde juristesch Instrumenter am Zesummenhang mat Verhütungsmëttel, déi d'Ëmsetzung vum Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang erméiglechen, wäerten ab dem 1. Abrëll 2023 a Kraaft trieden.
-
2023 ASB meeting zu Amsterdam
Den 21. Mäerz hunn d'FABEC ANSP Chefdirekter an hir militäresch Kollegen am LVNL Sëtz zu Amsterdam getraff.
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 13. bis 19. Mäerz 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
Weltwaasserdag: All Drëps zielt!
Ënnert dem Motto "De Wiessel beschleunegen" ass dësen 22. Mäerz fir déi 30. Kéier de Weltwaasserdag gefeiert ginn. Dësen Dag gouf 1993 vun de Vereenten Natiounen an d'Liewe geruff, fir d'Bewosstsi vun der Bedeitung vun der Ressource Waasser ze schäerfen an där hir nohalteg Gestioun fir zukünfteg Generatiounen ze fërderen. Awer bis dohin, hu mir nach e wäite Wee virun eis.
-
Eng nei Sektioun P – Sciences cognitives et sciences humaines am Enseignement secondaire classique
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Claude Meisch, huet de 17. Mäerz 2023 eng nei Sektioun virgestallt, déi vun der Rentrée 2023/2024 un am Enseignement secondaire classique ugebuede gëtt.
-
Elektronesch Facturatioun: mir wäerten Iech och nom 18. Mäerz 2023 weiderhi begleeden!
Ab dem 18. Mäerz 2023 fält all Wirtschaftsakteur, dee Rechnungen un eng Institutioun aus dem Lëtzebuerger ëffentleche Secteur ausstellt, ënnert d'Legislatioun iwwer d'elektronesch Rechnung, esou wéi dat laut Gesetz vum 13. Dezember 2021 virgesinn ass.
- Éischt Säit
- ...
- 11
- 12
- 13
- 14
- 15
- ...
- Lescht Säit