Gemengewale vum 11. Juni 2023 - Avis iwwert den Depot vun de Wielerlëschte fir eng Consultatioun duerch d'Ëffentlechkeet

Am Hibléck op d'Gemengewale vum 11. Juni 2023 ginn déi Wielerlëschten, déi vum Buergermeeschter- a Schäfferot virleefeg festgeluecht goufen, vum 18. bis de 24. Abrëll 2023 inclus, fir eng Consultatioun duerch d'Ëffentlechkeet hannerluecht. Op dëser Lëscht sinn an der Annex déi Persounen opgeféiert, déi tëschent dem 17. Abrëll 2023 an dem 11. Juni 2023 inclus 18 Joer al ginn.

D'Ëffentlechkeet gëtt iwwer dësen Depot an iwwer déi praktesch Modalitéiten dozou duerch een Avis informéiert, deen den 18. Abrëll 2023 op der Gemeng, grad esou wéi op den übleche Plazen an all Wallokalitéit publizéiert gëtt.

All Bierger ka bis de 25. Abrëll 2023, dem Buergermeeschter- a Schäfferot, getrennt fir all Wieler, eventuell Reklamatiounen zoukomme loossen, déi hien a Bezuch zu de Wielerlëschten huet.

All Bierger ka bis den 25. Abrëll 2023 géint Recepissé, den Titel vun deene Persoune virleeën, déi d'Recht hunn op den aktuelle Wielerlëschten ze stoen, do awer net opgefouert sinn.

Fir vum Verwaltungsgeriichtshaff akzeptéiert ze ginn, muss all Reklamatioun zu der Aschreiwung vun engem Wieler, zesumme mat sämtleche Beleeger, virdrun dem Buergermeeschter- a Schäfferot virgeluecht ginn. 

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert