Presentatioun vun der neier Publikatioun "XX" vum nationalen Institut fir dat architektonescht Ierwen

Ënnert anerem als Zeie fir de Changement vu sengem Numm huet de Service des sites et monuments nationaux, elo Institut national pour le patrimoine architectural – INPA oder Nationaalt Institut fir dat architektonescht Ierwen, e Buch verëffentlecht, wat 20 Restauratiounsprojete vu Gebaier vum ruralen an urbane Patrimoine dokumentéiert. 

©MCULT Patrick Sanavia, directeur de l'Institut national pour le patrimoine architectural ; Sam Tanson, ministre de la Culture
Patrick Sanavia, directeur de l'Institut national pour le patrimoine architectural ; Sam Tanson, ministre de la Culture

Esou ënnersträicht dëst Kulturinstitut seng éischten Aufgab, nämlech d'Duerchféierung an d'Begleedung vun Aarbechten, déi d'Erhalung an d'Opwäertung vun eisem architektoneschen Ierwen als Zil hunn. An dësem Fall weist dës Publikatioun, wéi dëst Ierwe beim Wunnen, Schaffen a souguer fir aner Funktioune kann nëtzlech sinn.

D'Kulturministesch Sam Tanson betount, wéi wichteg d'Bedeelegung vun de Bierger beim Inventaire an dem Klassement vu Gebailechkeeten ass. "Dat neit Gesetz iwwert de Patrimoine culturel vum 25. Februar 2022 soll och d'Zesummenaarbecht an d'Bedeelegung vun de Bierger fërderen, fir all Acteuren an der Erhalung vun eisem kulturellen Ierwen anzebezéien."

D'Presentatioun vum éischten INPA-Buch gouf an der Maison forestière um Stafelter ofgehalen, d'Restauratioun vun dësem Gebai gouf vum SSMN duerchgefouert an ass och an der neier Publikatioun XX dokumentéiert.

Opgrond vum Erfolleg vum Buch XII, dat zwielef ofgeschlosse Projeten zum feudalen a befestegten Ierwen enthält, gouf d'Publikatioun vun 2020 nei opgeluecht.

Communiqué vum Kulturministère an dem Nationalem Institut fir dat architektonescht Ierwen

Aktualiséiert