Esch2022: D'Sam Tanson huet déi franséisch, griichesch a litauesch Kulturministere bei enger Visitt empfaangen

Op Invitatioun vun der Kulturministesch Sam Tanson hu verschidden Delegatiounen, déi fir d'Sëtzung vum Conseil de l'Union européenne des ministres de la Culture zu Lëtzebuerg waren, d'Geleeënheet genotzt, fir am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 Esch-Belval ze besichen.

©MCULT Photo de groupe
Photo de groupe

Nodeems d'Sam Tanson besonnesch d'Kulturministeren aus Frankräich, Roselyne Bachelot-Narquin, Griichenland, Lina Mendoni, a Litauen, Simonas Kairys, begréisst hat, hunn d'Gäscht Geleeënheet gehat, wärend enger Presentatioun méi iwwert d'Idee an dat allgemengt Konzept vum "Remix" vun Esch2022 gewuer ze ginn. Duerno hu si sech un enger Féierung duerch déi aktuell Ausstellungen an der Möllerei an an der Massenoire bedeelegt, déi sech mat eminente kulturellen Theme ronderëm d'Konstruktioun, d'Dekonstruktioun an d'Rekonstruktioun vun Identitéiten an Europa an am Minett beschäftegen. 

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert