COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll 2022

An der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 9.550 op 8.110 erofgaangen (-15%).

Vun den 8.110 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 1.111,0 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.340,5 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 5 vun de 24 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (19 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 2 vun den 3 Patienten net geimpft.

Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) mat engem kompletten Impfschema läit bei 4,14 an der Normalfleeg a bei 0,22 an der Intensivfleeg. Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (5+ Joer) ouni kompletten Impfschema läit bei 3,50 an der Normalfleeg a bei 1,40 an der Intensivfleeg.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll duerchgefouert goufen, ass vu 24.609 op 22.273 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 86 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 95 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.478. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 3. Abrëll ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 18.113 eropgaangen, am Verglach zu 17.545 de 27. Mäerz, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 192.702 op 200.236 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 37,7 Joer.

An der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll, goufen et 8 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer.

An de Spideeler goufen et 24 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 32 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 4 op 3 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 55 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,77 géintiwwer 1,20 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 36,41%, géintiwwer 38,81% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 1.278 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 1.505 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppen eropgaangen.

Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vun 0-14 Joer (-22%) a vu 15-29 Joer (-21%). An der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll maachen déi certifiéiert Antigène-Tester an der Schoul 31% vun de Fäll bei Persounen tëschent 0-14 Joer an 11% bei Persounen tëschent 15-29 Joer aus.

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 900 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 1.958 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der weiderhin héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Et gouf dofir decidéiert d'Altersgrupp 50+ an déi Persounen, déi net geimpft waren, ze prioriséieren.

Schüler an Enseignantë, déi e positiivt Resultat no engem Schnelltest an der Schoul haten, goufen net ugeruff. Dat selwecht gëllt fir Persounen, déi e positiivt Resultat no engem Schnelltest, deen Doheem gemaach gouf, haten an eng Ordonnance fir e PCR-Test gefrot hunn. Vun den 9.810 Fäll déi an der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll enregistréiert goufen, konnten d'Donnéeë vun 1.742 Fäll, déi ugeruff goufen, iwwerpréift an d'Quell identifizéiert ginn.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 31,1% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (7,9%), d'Reesen an d'Ausland (5,2%), d'Educatioun (4,9%) an d'Aarbecht (2,9%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (30,3%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll, goufen am Ganzen 1.664 Dosissen aginn. 97 Persoune kruten eng 1. Dosis, 431 kruten déi 2. Dosis, 935 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 201 kruten  eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 5. Abrëll op 1.276.078.

472.346 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,6% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Popup" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, bitt d'Regierung temporär Impf-Plazen ("Popup" Impfstatiounen) un, fir esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 13. Woch 2022 ënnersicht goufen, nach ëmmer eng ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'SARS-CoV-2-Stréim, déi an dëser Woch gemooss goufen, si méi héich wéi nach déi Woch virdrun. Änlech Tendenze goufen an allen analyséierte Kläranlage gemooss, wou eng bedeitend Erhéijung vun de SARS-CoV-2-Stréim an de Kläranlagen zu Beggen, Schëffleng, Péiteng, Miersch an Ëlwen festgestallt konnt ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert