Mesuren déi vum Koordinatiounscomité Tripartite am Logements-Beräich festgehale gi sinn

Fir der Präisdeierecht an dem Drock op d'Kafkraaft vun de vulnerabelste Stéit entgéint ze wierken, gesäit den Accord, deen tëschent der Regierung, der Union des entreprises luxembourgeoises (UEL) an de Syndikater CGFP an LCGB ënnerschriwwe gouf, dräi grouss Mesurë vir, déi souwuel Locatairë wéi och Proprietairen ënnerstëtze sollen.

1. Virzäiteg Aféierung an Upassung vun der Subventioun un de Loyeren

D'Subventioun un de Loyere gëtt op den 1. August 2022 esou ugepasst, dass all Locatairë mat engem Akommes vu bis zum Dezil 5, d.h. dem mediane Liewensstandard, Urecht dorop hunn. Doriwwer eraus, gëtt d'Subventioun um Loyer fir all d'Beneficiairë pro Mount am Schnëtt ëm 50% am Verglach zur aktueller Situatioun erhéicht. Esou kënne grouss Stéit am Mount bis zu 400 Euro Zouschoss fir de Loyer kréien.

D'Upassung vun dëser Hëllef gëtt automatesch virgeholl fir all d'Stéit déi zurzäit d'Subventioun um Loyer kréien, a gëllt selbstverständlech och fir all zukünfteg Ufro.

2. Aféierung vun engem Afréiere vun de Loyere bis zum 31. Dezember 2022

Fir ze vermeiden, dass d'Upassung vun der Subventioun um Loyer duerch eng Erhéijung vun de Loyeren – och nëmmen deelweis – verbraucht kéint ginn, gëtt bis Enn 2022 en Afréiere vun de Loyeren agefouert.

3. Upassung vum "PRIMe house" Hëllefspak an Aféierung vun engem "Sozialen Topup 100%" an dësem Hëllefssystem

Den Hëllefspak "PRIMe House", deen an den nächsten Deeg a réckwierkend op den 1. Januar 2022 a Kraaft triede wäert, gëtt duerch en "Sozialen Topup" ergänzt.

Doduerch brauchen d'Primme fir Heizsystemer, déi op erneierbaren Energie berouen, net méi vun de Beneficiairë virfinanzéiert ze ginn. Déi staatlech Subventioun gëtt dann direkt vum Staat un de Betrib iwwerwisen, deen d'Aarbechte virgeholl huet.

Doriwwer eraus, kënnen d'Beneficiairë vun de PRIMe House-Hëllefe beim Guichet unique des aides au logement en "Sozialen Topup 100%" ufroen, deen d'PRIMe House Subventioun zum Deel verduebele kann, jee no Akommes vum Stot vum Beneficiaire. Dës zousätzlech Hëllef soll fir déi betraffe Stéit de Risiko vun enger Energie-Aarmut vermeiden.

Dës zousätzlech Hëllef gëtt mat der aktueller Reform vun den individuellen Hëllefe fir den Zougank zum Logement ze vereinfachen agefouert, a wäert Ufank 2023 a Kraaft trieden. Allerdéngs wäert dës Hëllef réckwierkend fir all Ufroen vun der "PRIMe House" gëllen, fir déi de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung säit dem 1. Januar 2022 den Accord ginn huet.

Duerch dës dräi Mesuren, kënne Locatairen um Privatmarché a Stéit mat engem méi niddregem Akommes, eng méi cibléiert a spezifesch Hëllef kréien, déi un hir reell Besoinen ugepasst ass.

Communiqué vum Wunnengsbauministère

 

Aktualiséiert