Wanteraktioun ëm dräi Deeg verlängert

Opgrond vun der Keelt an de Minustemperaturen, déi déi nächst Deeg z’erwaarde sinn, huet d’Ministesch fir Famill an Integratioun Corinne Cahen annoncéiert, dass d’Wanteraktioun (WAK) viraussiichtlech bis en Dënschdeg, de 5. Abrëll 2022, verlängert gëtt.

D’Dräieck asbl, déi fir d’Gestioun vun der Urgence-Struktur um Findel zoustänneg ass, mécht an dësem Kontext de Batiment B op, an deem Sans-abrien ënnerbruecht kënne ginn.

Déi lokal zoustänneg Servicer wäerten déi betraffe Persounen un de WAK verweisen.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun

Aktualiséiert