COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Februar 2022

An der Woch vum 14. bis den 20. Februar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 5.871 op 3.648 erofgaangen (-38%).

Vun den 3.648 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 661 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 540 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 18 vun den 42 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (24 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 6 vun de 9 Patienten net geimpft.

Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (iwwer 5 Joer) mat engem kompletten Impfschema läit bei 5,29 op der Normalfleeg a bei 1,32 op der Intensivfleeg. Den Inzidenztaux op 100.000 hospitaliséiert Persounen (iwwer 5 Joer) déi net geimpft si läit bei 12,18 op der Normalfleeg a bei 2,03 op der Intensivfleeg.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 14. bis den 20. Februar duerchgefouert goufen, ass vu 24.343 op 15.271 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 50 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 65 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.024. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 20. Februar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 9.738 erofgaangen, am Verglach zu 17.135 den 13. Februar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 156.746 op 167.784 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 35,3 Joer.

An der Woch vum 14. bis den 20. Februar, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 85 Joer.

An de Spideeler goufen et 42 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 64 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 10 op 9 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift bei 56 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,84 géintiwwer 0,55 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 23,89%, géintiwwer 24,12% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 575 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 924 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppe erofgaangen. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vun 0-14 Joer (-64%). ET sief drop higewisen dass an der Woch vum 07.02-13.02 ronn 21% vun de positiven Tester bei Kanner tëschent 0-14 Joer Antigène-Tester waren, déi an der Schoul duerchgefouert goufen, woubäi an der Woch vum 14.02-20.02 wéinst der Schoulvakanz keng Antigène-Tester an der Schoul realiséiert goufen. An den Altersgruppen tëschent 15 an 59 Joer ass eng Baisse tëschent 26% a 36% ze verzeechnen. D'Baisse bei den Altersgruppe 60-64 Joer (-18%) a 75+ (-17%) Joer ass manner staark ausgefall. Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 353 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 892 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 14. bis den 20. Februar ware 15.240 Persounen an Isolatioun (-41%) an 559 a Quarantän (-82%).

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 37,4% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (5,5%), Reesen an d'Ausland (4,9%), Fräizäitaktivitéiten (4,7%) an d'Aarbecht (3,8%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (39,2%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 14. bis den 20. Februar goufen am Ganzen 6.594 Dosissen aginn. 931 Persoune kruten eng 1. Dosis, 1.585 kruten déi 2. Dosis a 3.423 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 655 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 21. Februar op 1.260.842.

467.347 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vu 77,7% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

COVID-19 a Spideeler: Erofschrauwen op d'Phas 2 vum Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler

Opgrond vun der positiver Entwécklung bei der Hospitalisatioun vu COVID-19-Patienten, souwuel op der Intensivstatioun, wéi och an der Normalfleeg, huet den nationale Krisestab, zesumme mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Spideeler (FHL), decidéiert de Plang zur Auslaaschtung vun de Spideeler op d'Phas 2 erofzeschrauwen.

Patienten, déi aus anere Grënn hospitaliséiert musse ginn a COVID-19-positiv sinn, stellen allerdéngs weiderhin eng grouss Erausfuerderung fir déi intern Organisatioun vun de Spideeler duer. Dës Entwécklunge wäerten och an den nächste Woche weiderhin opmierksam suivéiert ginn.

Den Zenter Luxexpo The Box mécht seng Dieren zou an den Zenter Hall Victor Hugo geet rëm op

De provisoreschen Impzenter Luxexpo The Box (Kierchbierg) mécht de 5. Mäerz 2022 definitiv seng Dieren zou. E gëtt duerch den Impfzenter Hall Victor Hugo um Lampertsbierg ersat, deen den 8. Mäerz 2022 nees opgeet.

Fir eng Impfung am Impfzenter, muss ee säi Rendez-vous iwwer Guichet.lu ufroen.

D'Ëffnungszäite vun allen Impfplaze fannt dir op www.covidvaccination.lu.

Opgrond vum Start vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022, mécht den Impfzenter Esch-Belval de Samschdeg 26. Februar 2022 schonn um 12 Auer zou (aplaz 13 Auer).

Schléissung Méindes vun allen Impfplazen

Ab dem 28. Februar (inclus), sinn déi 3 Impfzenteren an d'Pop Up Impfstatiounen an de Akafszenteren an op der Stater Gare Méindes zou.

D'Lëscht vun all den temporären Impf-Plaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 7. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. D'Baisse vun de SARS-CoV-2-Stréim, déi an de leschten zwou Wochen ugefaangen huet, gëtt och dës Woch confirméiert, och wann de SARS-CoV-2-Niveau nach ëmmer héich bleift. Dës Baisse ass weiderhin an allen analyséierte Kläranlage festzestellen.

D'Resultater vun den nächste Wochen si wichteg fir des Tendenz ze bestätegen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST

Aktualiséiert