COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. Februar 2022

An der Woch vum 7. bis den 13. Februar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 11.003 op 5.871 erofgaangen (-53%).

Vun de 5.871 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 1.368 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 749 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 24 vun de 64 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (40 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 4 vun de 10 Patienten net geimpft.

Et sief drun erënnert, dass fir d'Period vum 1. Oktober 2021 bis de 26. Januar 2022 den Inzidenztaux fir Persoune mat komplettem Impfschema bei 56,5 an der Normalfleeg a bei 12,4 an der Intensivfleeg läit. Den Inzidenztaux fir Persounen, déi nei net geimpft sinn, läit bei 112 an der Normalfleeg a bei 34,5 an der Intensivfleeg. 

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 7. bis den 13. Februar duerchgefouert goufen, ass vun 32.227 op 24.341 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 65 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 151 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 1.974. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 13. Februar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 17.119 erofgaangen, am Verglach zu 26.222 de 6. Februar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 141.802 op 156.761 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 31,3 Joer.

An der Woch vum 7. bis den 13. Februar, goufen et 12 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 80 Joer.

An de Spideeler goufen et 64 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 73 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 11 op 10 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift bei 58 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,54 géintiwwer 0,72 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 24,12%, géintiwwer 34,14% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 924 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 1.733 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Géintiwwer der Woch virdru geet den Inzidenztaux an allen Alterstranchen erof (tëschent -34% a -53%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 462 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 2.036 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 7. bis den 13. Februar ware 25.788 Persounen an Isolatioun (-27%) an 3.073 a Quarantän (-50%).

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 40,8% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (5,4%), de Fleegesecteur (3,4%), Reesen an d'Ausland (3,3%) a Fräizäitaktivitéiten (3,1%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (37,6%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

An der Woch vum 7. bis den 13. Februar war eng Klass vun enger Grondschoul vun engem Zenario 4 (mat méi wéi 5 positiv Fäll an enger Klass) betraff a gouf a Quarantän versat.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 7. bis den 13. Februar goufen am Ganzen 11.720 Dosissen aginn. 889 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3.053 kruten déi 2. Dosis a 6.713 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 16. Februar op 1.256.487.

466.145 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 77,6% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Neit COVID-19-Gesetz: Lockerung vu verschiddene Mesuren

Nom Vott vum neie COVID-19-Gesetz duerch d'Chamber den 11. Februar, gouf dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie adaptéiert.

Déi nei sanitär Mesuren zum COVID-19 bleife bis den 30. Abrëll 2022 inclus a Kraaft.

Méi Informatiounen iwwert déi aktuell Mesurë fannt Dir op www.covid19.lu

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all den temporären Impf-Plaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 6. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau.

D'Baisse vun de SARS-CoV-2-Stréim, déi d'lescht Woch ugefaangen huet, gëtt och dës Woch confirméiert, och wann de SARS-CoV-2-Niveau nach ëmmer héich bleift. Dës Baisse ass och bei allen analyséierten Anlagen z'erkennen a confirméiert. D'Resultater vun den nächste Wochen si wichteg fir dës Tendenz no ënnen ze confirméieren.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST

Aktualiséiert