Informatiounsversammlung iwwert dat neit Gesetz iwwert d'Kulturierwen

Am Kader vum Vott vum neie Gesetz iwwert d'Kulturierwen huet d'Kulturministesch Sam Tanson de Pleséier, all interesséiert Persoun z'invitéieren, un enger vun de véier Informatiounsreuniounen iwwert déi nei Paradigmen déi an Zukunft de Schutz an d'Valorisatioun vun eisem Kulturierwe bestëmme wäerten anzelueden.

Dës Reunioune fanne statt:

  • Fir d'Regioun Süden: 2. Mäerz 2022 ëm 19 Auer am Artikuss zu Zolwer
  • Fir d'Regioun Osten: am 14. Mäerz 2022 ëm 19 Auer am Festsaal vum Maacher Lycée zu Gréiwemaacher.
  • Fir d'Regioun Norden: am 15. Mäerz 2022 ëm 19 Auer am Centre des Arts Pluriels (CAPE) zu Ettelbréck
  • Fir d'Regioun Zentrum: am 22. Mäerz 2022 ëm 19 Auer an der Abtei Neimënster an der Stad.

Bei dëse Reunioune ginn déi verschidden Aspekter vum neie Gesetz iwwert d'Kulturierwe virgestallt an de Public kritt d'Méiglechkeet, de presenten Expert/inne Froen ze stellen.

D'Reunioune fannen et dem CovidCheck 3G Regime statt. Wann Dir un enger vun de Reunioune wëllt deelhuelen, mellt Iech w.e.g. op der Adresse pr@mc.etat.lu un a gitt d'Zuel an d'Nimm vun de Leit un souwéi den Datum an d'Plaz vun der Reunioun un där Dir wëllt deelhuelen.

D'Reunioune fannen op lëtzebuergesch statt, eng simultan Iwwersetzung op franséisch ass disponibel.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert