-
Alternativen Impfschema bei enger initialer Injektioun mam Janssen-Impfstoff an enger uschléissender Zousazimpfung mat engem mRNA-Impfstoff an engem zousätzleche Booster mat engem mRNA-Impfstoff
Fir besonnesch de Besoine vu Persoune gerecht ze ginn, déi an europäesch Länner reesen, wou elo en Impfschema mat 3 Impfdosisse verlaangt gëtt, huet d'Regierung decidéiert, dësen alternativen Impfschema als Optioun ze proposéieren.
-
Lancement vun der Ausschreiwung fir Kompositiounsopträg
Am Kader vu sengem Programm fir ëffentlech Opträg, lancéiert de Kulturministère säin Appel fir Kompositiounsopträg fir siwen Orchesteren oder Ensemblen, en vue vun der Saison 2022/2023.
-
Ännerung vun der Kodéierung vun den Impfcertificate fir de Janssen-Impfstoff géint COVID-19
De Gesondheetsministère wëll weider Prezisiounen iwwert déi rezent Ännerunge bei der Kodéierung vun den Impfcertificate fir de Janssen-Impfstoff (Johnson&Johnson) ginn, déi dozou gefouert hunn, dass eng Rei Persounen nei rektifizéiert Certificaten zougestallt kruten.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis de 16. Januar
An der Woch vum 10. bis de 16. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 10.680 op 11.728 geklommen (+8%).
-
Stäerkung vum Naturschutzgesetz a Vereinfachung vun de Prozeduren am Interessi vun de Bierger
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet haut an der Chamber d'Aarbechte ronderëm d'Modifikatiounen um Naturschutzgesetz ofgeschloss, déi op d'Stäerkung vum Gesetz, op méi Rechtssécherheet fir d'Bierger an op d'Vereinfachung vun de Prozeduren ofziilt.
-
Lancement vum Appel à projets - "Accès à la culture - Kultur am Prisong"
De Kultur- an de Justizministère si frou, an Zesummenaarbecht mat der Prisongsverwaltung den Appel à rojets "Accès à la culture – Kultur am Prisong" kënnen ze lancéieren. Dës Ausschreiwung riicht sech un Associatiounen aus dem Kultursecteur a soll zum Developpement vu kulturelle Projete bäidroen.
-
Prezisioun zur 3G-Kontroll op der Aarbechtsplaz
Et sief drop higewisen, dass de Salarié säi gültegen 3G-Certificat just musst virweise wann en op der Aarbechtsplaz ukënnt.
-
Aktioun SuperDrecksKëscht: Carole Dieschbourg presentéiert neit Finanzéierungsgesetz a lueft juristesch Aarbecht vun der Chamber
No der Publikatioun vum Avis juridique vun der Cellule scientifique vun der Chamber huet d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, reagéiert an haut an der gemeinsamer Sëtzung vun der Ëmweltkommissioun a vun der budgetärer Kontrollkommissioun de Memberen matgedeelt, dass d'Regierung en neie Finanzéierungsgesetzesprojet ugeholl huet.
-
D'Taina Bofferding bei der Initiativ "Resilient Gemengen" am Kader vun der Reductioun vu Katastroferisiken
Enn 2020 huet den Inneministère eng national Plattform fir d'Reductioun vu Katastroferisiken op d'Bee gestallt, déi sech an de Sendai-Aktiounskader (Vereenten Natiounen) aschreift, deen d'Reductioun vun de Katastroferisiken an den Opbau vun enger méi widderstandsfäeger Gesellschaft zum Zil huet.
-
Aféierung vum 3G-System op der Aarbechtsplaz: Bestëmmungen am Beräich vun der Sozialversécherung
Säit dem 15. Januar 2022 gëllt op der Aarbechtsplaz déi legal Flicht e COVID-19-Impfcertificat, e Geheelt-Certificat oder en negativen Test-Certificat virzeweisen.
-
COVID-19: Presentatioun vum Avis vum Experterot iwwert d'Impfflicht
De 14. Januar 2022 presentéiert den Experterot säin Avis iwwert d'Aféierung vun enger Impfflicht géint COVID-19. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis de 9. Januar 2022
An der Woch vum 3. bis den 9. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 5.643 op 10.680 geklommen (+89%).
-
Upassung vun der CovidCheck.lu-App un déi nei Reegelen vum 2G+-System
Nodeems d'Chamber déi nei Reegelen am Kader vum 2G+-System ugeholl huet, si Persounen, déi ee kompletten Impfschutz vu manner wéi 180 Deeg hunn, Persounen, déi hiren Impf-Rappel kruten, a Persounen mat engem Geheelt-Certificat an Zukunft vun der Testflicht ënnert dem CovidCheck 2G+ befreit.
-
Stellungnam vum Ëmweltministère zum Avis juridique vun der Chamber am Zesummenhang mat der Aktioun SuperDrecksKëscht
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weist dorop hin, dass bis elo de Finanzement an d'Exekutioun vun der Aktioun SuperDrecksKëscht iwwert d'Gesetz vum 25. Mäerz 2005 "relative au fonctionnement et au financement de l'action SuperDrecksKëscht" exekutéiert gouf.
-
Upassung vum COVID-Gesetz
Nom Vott vum Gesetzesprojet N°7943, ass dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’Pandemie COVID-19 op folgende Punkten ugpeasst ginn.
- Éischt Säit
- ...
- 35
- 36
- 37
- 38
- 39
- ...
- Lescht Säit