Lancement vum Appel à projets - "Accès à la culture - Kultur am Prisong"

De Kultur- an de Justizministère si frou, an Zesummenaarbecht mat der Prisongsverwaltung den Appel à rojets "Accès à la culture – Kultur am Prisong" kënnen ze lancéieren. Dës Ausschreiwung riicht sech un Associatiounen aus dem Kultursecteur a soll zum Developpement vu kulturelle Projete bäidroen, déi mat de Prisonnéier am Centre pénitentiaire de Luxembourg an am Centre pénitentiaire de Givenich realiséiert solle ginn.

Am Hibléck op d'Insertioun a mat de partizipativen oder kontemplative kulturellen Aktivitéiten, déi vun den Associatiounen déi postuléiere proposéiert ginn, sollen d' Prisonnéier vun den uewe genannte Prisongen iwwert dësen Appell d'Méiglechkeet kréien, erëm mat engem Deel vun der Gesellschaft unzeknëppen, nei Ausdrocksformen z'entdecken oder nei opliewen ze loossen, a gläichzäiteg hir Talenter oder Passiounen z'entwéckelen.

Kultur am Prisong ass Deel vun enger integrativer Kulturpolitik, déi ënnert anerem mat der Ausschreiwungsserie "Accès à la culture" ëmgesat gëtt. Doriwwer eraus dréit dëse Projet zur Ëmsetzung vun de Recommandatioune 49 "Spezifesch an integrativ Mesuren entwéckelen” an 51 "Aktiv Participatioun a kulturell Biergerschaft enwéckelen” vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 bei.

D'Konditiounen a Krittäre kënnt dir op dem Internetsite vum Kulturministère noliesen.

Communiqué vum Kulturministère, Justizministère an der Prisongsverwaltung

Aktualiséiert