Ännerung vun der Kodéierung vun den Impfcertificate fir de Janssen-Impfstoff géint COVID-19

De Gesondheetsministère wëll weider Prezisiounen iwwert déi rezent Ännerunge bei der Kodéierung vun den Impfcertificate fir de Janssen-Impfstoff (Johnson&Johnson) ginn, déi dozou gefouert hunn, dass eng Rei Persounen nei rektifizéiert Certificaten zougestallt kruten.

Lëtzebuerg huet sech nämlech un eng rezent europäesch Recommandatioun ugepasst, déi virgesäit, eng éischt Impfdosis mam Janssen-Impfstoff als 1/1 ze kodéieren (éischt Dosis vun engem initialen Eenzeldosis-Impfschema), an dono een eventuellen Impf-Rappel mat enger zweeter Dosis Janssen oder engem mRNA-Impfstoff ("Mix&Match"-Impfung) als 2/1 ze kodéieren. Et ass wichteg ze verstoen, dass déi mat 2/1 kodéiert Certificate vun der CovidCheck-App zu Lëtzebuerg genau d'selwecht gelies gi wéi déi al 3/3-Certificaten, an dass d'2/1-Dosis also aktuell als Impf-Rappel oder Booster gëllt.

Dëst gëllt och fir Reese bannent der EU an an Drëttlänner, déi den Digitale COVID-Certificat vun der EU unerkennen. Et ass awer méiglech, dass verschidde Staaten nach Retard hu bei der Ëmsetzung vun der neier Kodéierungsreegel an deemno d'2/1-Kodéierung nach net richteg erkennen. An där Hisiicht ass et wichteg ze beuechten, dass déi al 3/3-Certificaten hir Validitéit behalen an an dëse Situatioune weiderhi benotzt kënne ginn. Dofir gëtt ugeroden, bei Reesen an d'Ausland och deen ale Certificat matzehuelen.

Ofschléissend ass et wichteg unzemierken, dass dës reng administrativ Ännerungen net mat der Decisioun vun der däitscher Bundesregierung ze verwiessele sinn, fir ab dem 15. Januar 2022 op hirem Territoire eng Impfung mat 3 Dosisse bei deene Persounen ze verlaangen, déi initial mat dem Janssen-Impfstoff immuniséiert goufen. Däitschland ass nämlech, op Grondlag vun engem Avis vun der Ständigen Impfkommission (STIKO), der Meenung, dass den Impfschutz, deen duerch eng Impfung mat enger éischter Dosis Janssen an engem einfachen Impf-Rappel opgebaut gëtt, net deem Schutzniveau entsprécht, deen duerch aner Impfunge mat dräi Injektiounen an engem Booster erreecht gëtt.

Aner europäesch Länner, dorënner och Lëtzebuerg mat sengem Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), maache grad änlech Iwwerleeungen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert