Prezisioun zur 3G-Kontroll op der Aarbechtsplaz

Et sief drop higewisen, dass de Salarié säi gültegen 3G-Certificat just musst virweise wann en op der Aarbechtsplaz ukënnt.

Aus organisatoreschen a praktesche Grënn, ass den Employeur just verflicht de Certificat 1 Mol den Dag pro Salarié op der Aarbechtsplaz ze kontrolléieren.

Communiqué vum Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft

Aktualiséiert