Lancement vun der Ausschreiwung fir Kompositiounsopträg

Am Kader vu sengem Programm fir ëffentlech Opträg, lancéiert de Kulturministère säin Appel fir Kompositiounsopträg fir siwen Orchesteren oder Ensemblen, en vue vun der Saison 2022/2023.

Esou gi siwe Kompositiounsopträg vun de Projetspartner u Komponisten a Komponistinnen déi d'lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, oder zu Lëtzebuerg wunne verginn:

  • Kammerata Luxembourg
  • Musique militaire grand-ducale
  • Orchestre de chambre du Luxembourg
  • Orchestre national de jazz
  • Orchestre philharmonique du Luxembourg
  • Solistes européens Luxembourg
  • United Instruments of Lucilin

Interesséiert Komponisten a Komponistinne si gebieden hir Kandidatur bis den 13. Mäerz 2022 un de Kulturministère z'adresséieren, an dobäi den/déi Ensemble(n) unzeginn, fir deen/déi se eng Kompositioun realiséiere wëllen. D'Kandidature ginn de concernéierten Orchestren ënnerbreet, déi hire Choix ënnert den agereechten Dossiere maachen.

Den Dispositif vun den Aidë fir d'Kompositioun vun originalen an neie Musekswierker ass eng vun den Haaptachse vun der ëffentlecher Ënnerstëtzungspolitik fir di zäitgenësseg Kreatioun, a verfollegt dräi Ziler:

  • d'Schafe vun enger grousser Unzuel u Museksprojeten unzereegen, an esou zur Erneierung vum Repertoire bäizedroen;
  • d'Aarbecht vu Komponisten a Komponistinnen z'ënnerstëtzen;
  • D'Pluralitéit vun der Offer ze garantéieren, andeems Museksstrukturen (Orchesteren, Ensemblen asw.) encouragéiert ginn, Wierker vun zäitgenëssege lëtzebuerger Komponisten a Komponistinnen ze programméieren.

Den Dispositif representéiert eng staatlech Unerkennung fir d'Aarbecht vun de Komponist/innen an ënnerstëtzt d'Kreatiouns- an Diffusiounsstrukturen, déi d'Wierker dem Publikum presentéieren.

D'Konditiounen a Krittäre vum Appel kënnen um Internetsite vum Kulturministère nogelies ginn.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert