COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 1. bis de 7. November

An der Woch vum 1. bis de 7. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.120 op 1.211 liicht geklommen (+8%)

Vun den 1.211 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 283,05 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 139,62 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 17 vun den 29 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (12 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 10 vun den 13 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 1. bis de 7. November duerchgefouert goufen, ass vun 20.653 op 17.316 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 26 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 21 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 418. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 1. bis den 7. November). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 7. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.281 geklommen (am Verglach zu 2.043 den 31.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 79.194 op 80.162 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vu 35,2 Joer op 36,1 Joer eropgaangen.

An der Woch vum 1. bis de 7. November, gouf et 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 79 Joer.

An de Spideeler goufen et 29 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 24 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 10 op 13 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 59 op 57 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,12 géintiwwer 1,06 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass och geklommen, mat 6,99% géintiwwer 5,42% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 191 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 176 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen. Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (+47%) a vu 60-74 Joer (+18%). Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 298 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 60-74 Joer.

Quarantän an Isolatioun

Aus technesche Grënn konnten d'Daten zur Unzuel u Kontakter, zu de Quarantänen an zu den Isolatiounen net rechtzäiteg fir d'Publikatioun vun dësem Wocheréckbléck zesummegestallt ginn.

Kontaminatiounen

Aus technesche Grënn konnten d'Daten zur Unzuel u Kontakter, zu de Quarantänen an zu den Isolatiounen net rechtzäiteg fir d'Publikatioun vun dësem Wocheréckbléck zesummegestallt ginn.

Primärschoul Millermoaler zu Iechternach

An der Millermoaler Primärschoul goufen tëscht dem 25. Oktober an dem 8. November 2021 29 positiv Fäll identifizéiert. 14 vun 29 Klasse ware betraff. Duerch d'Allerhellegevakanz, hat d'Majoritéit vun de positive Fäll keng Auswierkungen op d'Organisatioun vun de Schoulklassen.

Wéinst der héijer Unzuel u Fäll, hat de Comité "COVID & Education" allerdéngs bis den 12. November inklusiv zousätzlech Moossname recommandéiert. een deeglechen Antigen-Test (amplaz vun zweemol an der Woch) fir d'Schüler an d'Personal, an eng permanent Maskeflicht fir d'Schüler ab dem Cycle 2 an d'Schoul- an Erzéiungspersonal vun de betraffe Klassen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 1. bis de 7. November, goufen am Ganzen 13.806 Dosissen aginn. 3.729 Persoune kruten eng 1. Dosis, 1.589 kruten déi 2. Dosis an 8.488 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 10. November op 850.173. 419.166 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 75,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Fir méi Informatiounen: https://www.vdl.lu/de/die-stadt/coronavirus-covid-19/mobiles-impfzentrum-impf-bus

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 1. bis de 7. November ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Déi nogewise Wäerte vum viralen RNA sinn änlech héich wéi an de viregte Wochen, mat enger liichter Tendez no ënnen. Wann een d'Donnéeë vum leschte Méint kuckt, ass eng progressiv Hausse z'erkennen. Um regionale Niveau ass eng ganz änlech Tendenz z'erkennen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert