Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass Lëtzebuerg der Recommandatioun (UE) 2021/1782 vum Conseil vum 8. Oktober 2021, déi d'Recommandatioun (UE) 2020/912 vum Conseil zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, nokomm ass. 

D'Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger net méi vun temporäre Restriktiounen op de Baussegrenze fir net essentiell Reesen an de Groussherzogtum betraff sinn, gëtt deemno aktualiséiert. Ab dem 12. Juli 2021, kommen de Bahrain an déi Vereenegt Arabesch Emirater mat op d'Lëscht. 

Ab dësem Datum, dierfe Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi hire Wunnsëtz am Bahrain oder de Vereenegten Arabeschen Emirater hunn, nees och fir net essentiell Deplacementer erëm op Lëtzebuerg reesen.

Déi betraffe Staatsbierger aus Drëttstaaten mussen an deem Fall hire Wunnsëtz noweise kënnen.

Déi aktualiséiert Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Awunner och fir net essentiell Reesen erëm op Lëtzebuerg dierfen, ass elo folgendermoossen: 

  • Staaten
    • Australien
    • Bahrain
    • Chile
    • China (ënner Virbehalt vu Géigesäitegkeet op EU-Niveau)
    • Jordanien 
    • Kanada
    • Katar
    • Kuwait
    • Neuseeland
    • Ruanda 
    • Saudiarabien 
    • Singapur
    • Südkorea
    • Ukrain
    • Uruguay
    • Vereenegt Arabesch Emirater
  • Sonderverwaltungszone vun der Volleksrepublik China
    • Hongkong SAR 
    • Macao SAR 
  • Territorial Entitéiten an Autoritéiten, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt ginn
    • Taiwan 

Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi net op der uewe genannter Lëscht stinn, dierfen net an de Grand-Duché areesen, ausser d'Staatsbierger aus Drëttstaate mat engem Impf-Certificat deen ee kompletten Impf-Schema attestéiert an zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg gëllt.

Aktuell gëllt dëst fir: en Impf-Certificat, dee vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengenraum ausgestallt gouf, oder een Impf-Certificat, dee vun engem Drëttstaat ausgestallt gouf an deen als gläichwäerteg gëllt, op Basis vun enger bilateraler Unerkennung duerch Lëtzebuerg oder duerch en Exekutiouns-Akt vun der Europäescher Kommissioun. 

No der Decisioun vun der Europäescher Kommissioun vun haut, gi Certificaten, déi vun den Autoritéiten aus Armenien oder dem Vereenegte Kinnekräich ausgestallt ginn, ab dem 29. Oktober 2021 als gläichwäerteg unerkannt.

Esou dierfen Awunner aus Drëttstaaten, déi een Impf-Certificat hunn, deen ee kompletten Impf-Schema noweist a vun den Autoritéiten aus Armenien oder dem Vereenegte Kinnekräich ausgestallt gouf, ab deem genannten Datum nees op Lëtzebuerg areesen, och fir net essentiell Reesen. 

D'Lëscht vun de Certificaten, déi ee kompletten Impf-Schema noweisen a vun engem Drëttstaat ausgestallt gi sinn an zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ginn, ass déi folgend:  

  • Albanien
  • Andorra
  • Armenien
  • Färöer Inselen
  • Israel 
  • Marokko
  • Monaco
  • Panama
  • Republik Nordmazedonien
  • San Marino
  • Schwäiz
  • Tierkei
  • Ukrain
  • Vatikan
  • Vereenegt Kinnekräich

Weider dierfen och Staatsbierger aus Drëttstaaten op Lëtzebuerg reesen, wann hir Rees als essentiell gëllt. Dofir muss eng speziell Demande per E-Mail (service.visas@mae.etat.lu) un de Bureau des passeports, visas et légalisations geschéckt ginn, fir dass eng speziell Attestatioun ausgestallt ka ginn.

Et sief nach eng Kéier dorun erënnert, dass fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg zousätzlech sanitär Mesurë gëllen. Jiddwereen deen 12 Joer an 2 Méint oder méi al ass, a mam Fliger op Lëtzebuerg fléie wëll, muss virum Boarding Folgendes virweisen:

  • entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema géint COVID-19 virweist an deen entspriechend dem Artikel 3bis vum geännerte Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19 erstallt gouf. Also een Impf-Certificat dee vu Lëtzebuerg, engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengenraum ausgestallt gouf. Och Certificaten, déi vu verschiddenen Drëttstaaten ausgestallt goufen, ginn akzeptéiert (d'Lëscht vun de concernéierten Drëttstaate steet weider uewen);
  • ee Geheelt-Certificat, deen entspriechend den Dispositioune vum Règlement (EU) 2021/953 erstallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn;
  • oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden [2]), dee maximal 72 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 [3], dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch virleien.

Detailer zu deene verschiddene Reegelen, inklusiv enger Definitioun vun essentielle Reesen an deene verschiddenen Exceptiounen, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fann Dir ënnert folgendem Link:

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

 

[1] a) Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. b) Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

[2] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[3] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11. September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Event Datum

28.10.2021