Éischt Resultater vun der Evaluatioun vun der Effektivitéit vun der COVID-19-Impfung zu Lëtzebuerg, vum 28. Dezember 2020 bis de 15. Juni 2021, mat Fokus op Persounen iwwer 70 Joer

D'Pandemie ass ee groussen Defi fir déi ëffentlech Gesondheet. D'Impfung géint de SARS-CoV-2 ass ee Schlësselelement am Kampf géint de COVID-19. D'Zil vun der nationaler Impfstrategie war et, säit dem Ufank vun der Impfcampagne, fir Krankheets- an Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19 ze limitéieren an d'Capacitéite vum Gesondheetssystem z'erhalen. Säit dem 28. Dezember 2020 sinn e puer Impfstoffer zu Lëtzebuerg am Asaz. Dat sinn d'Impfstoffer Comirnaty® (BioNtech/Pfizer), Spikevax® (Moderna), Vaxzevria® (AstraZeneca) a COVID-19 Vaccine Janssen® (Johnson & Johnson).

Den Impfstoff Comirnaty® gëtt am meeschte benotzt

Tëschent dem Ufank vun der Impfcampagne an dem 15. Juni 2021 goufen insgesamt 452.575 Dosissen aginn: 273.097 (60%) Éischtdosissen an 179.478 Zweetdosissen. Den Impfstoff Comirnaty® (BioNtech/Pfizer) gouf am meeschte benotzt, dono kënnt Vaxzevria® (AstraZeneca), Spikevax® (Moderna) an zum Schluss COVID-19 Vaccine Janssen® (Johnson & Johnson).

Allgemeng sinn an där Period 73% vun de Leit hirer Invitatioun fir d'Impfung nokommen, bei de Fraen a bei de Männer.

Den Impftaux entsprécht der Proportioun vun der Bevëlkerung, déi geimpft ass. Dëse geet konstant erop an der Bevëlkerung iwwer 16 Joer déi zu Lëtzebuerg wunnt. De 15. Juni krut knapp d'Hallschent vun dëser Bevëlkerung op d'mannst 1 Dosis an een Drëttel krut schonn eng 2. Dosis.

Ee méi héijen Impftaux bei deenen eelere Leit

Persounen iwwer 70 Joer, besonnesch déi an engem Alters- oder Fleegeheem, hunn den héchsten Impftaux, nämlech 80% (fir Persounen iwwer 70 Joer) a 84% (fir Persounen an Alters- oder Fleegeheemer), am Veglach zu 37% bei der jonker Bevëlkerung.

Ee gudden Impfschutz ass ab dem 28. Dag no engem kompletten Impfschema nogewisen

Déi Impfstoffer, déi an den Asaz kommen, bidden ee gudde Schutz, besonnesch bei Leit iwwer 70 Joer déi komplett geimpft sinn. Hei goufen 85% manner Infektiounen, 99% manner Hospitalisatiounen an 92% manner Doudesfäll am Zesummenhang mam SARS-CoV-2 festgestallt. Dat bedeit dass bei komplett geimpfte Leit iwwer 70 Joer den Infektiounsrisiko bal 9 mol manner héich ass an den Hospitalisatiounsrisiko wéinst COVID-19 bal 10 mol manner héich ass.

Een änleche Schutz konnt bei de Persounen, déi an Alters- oder Fleegeheemer wunnen an hir 2. Dosis kruten, festgestallt ginn, mat enger Reduzéierung vun den Infektiounen ëm 90%, bei den Hospitalisatiounen ëm 98%, a bei de Stierffäll ëm 96%.

Dee komplette Rapport kënnt Dir op folgender Säit erofluaden: https://covid19.public.lu/lb/impfung/infovaxx.html.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert