-
D'Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Gemenge Groussbus a Wal aktiv an hire Fusiounsbestriewungen
Eppes méi wéi 3 Woche virum Referendum vum 27. Juni waren en Dënschden den Owend zu Gréiwels an en Donneschden den Owend zu Groussbus déi zwou lescht grouss Informatiounsversammlungen zur geplangter Fusioun vu Groussbus a Wal.
-
Start vun der Impfaktioun fir Sans-abrien
Den 1. an 2. Juni 2021, gouf an de Raimlechkeete vun der Wanteraktioun eng Impfaktioun fir Sans-abrien organiséiert.
-
Austausch tëscht dem Paulette Lenert an dem Didier Reynders, EU Justiz Commissaire
Zur Occasioun vum 30-järege Bestoe vum CEC Lëtzebuerg hunn d'Ministesch fir Konsumenteschutz, Paulette Lenert, an den EU Justiz Commissaire, Didier Reynders, sech iwwer aktuell Froe vum Konsumenteschutz ausgetosch.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 24. bis den 30. Mee
An der Woch vum 24. bis den 30. Mee, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 495 op 354 (-28,5%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 1.757 op 1.298 Kontakter erofgaangen ass (-40,6%).
-
Designatioun vum Organismen, deen den europäesche Verbrauchzenter zu Lëtzebuerg dierf hébergéieren
En date du 31 mai 2021 et conformément au règlement européen établissant notamment un programme en faveur du Marché intérieur, le ministère de la Protection des consommateurs a désigné le Centre Européen des consommateurs GIE comme organisme éligible à soumettre la demande de...
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
COVID-19-Tester fir Evenementer mat méi wéi 150 Persounen, déi vun der Gesondheetsdirektioun zougelooss sinn
De Gesondheetsministère an d'Gesondheetsdirektioun gi Prezisiounen eraus zu den Informatiounen, déi am Kontext vun den zougeloossenen Tester fir Evenementer mat wéi wéi 150 Persounen an de soziale Medien an an der Press diffuséiert goufen.
-
Publicatioun vum Réglement grand-ducal zur Notzung um Nutri-Score zu Lëtzebuerg
Den 25. Mee 2021 gouf de Réglement grand-ducal vum 7. Mee zu Notzung vum Nutri-Score publizéiert. Lëtzebuerger Entreprisen kënnen also de Nutri-Score-Logo op hire Produite notzen, déi heifir a Fro kommen, dëst am Respekt vun de virgesinne Reegelen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 17. bis den 23. Mee
An der Woch vum 17. bis den 23. Mee, a fir déi 4. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 728 op 495 (-35,0%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 1.757 op 1.298 Kontakter erofgaangen ass (-26,1%).
-
Consultation publique am Kontext vun der EU Strategie fir nohalteg Textilien
La Commission européenne lance une consultation publique dans le contexte de sa stratégie pour des textiles durables. Cette consultation s’adresse à toutes les parties prenantes de la chaîne de valeur du textile, aux pouvoirs publics, consommateurs, citoyens, centres de recherche...
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 10. bis de 16. Mee
An der Woch vum 10. bis de 16. Mee, a fir déi 3. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 936 op 759 (-19,0%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 2.423 op 1.757 Kontakter erofgaangen ass (-27,5%).
-
Déi nei COVID-19-Teststrategie: ee weidere Schratt a Richtung Normalitéit
Nieft de PCR-Tester, déi op Ordonnance a medezineschen Laboratoiren oder am Kader vum Large Scale Testing gemaach ginn, an den Antigènë-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert ginn, gesäit d'Regierung am Kader vu senger Teststrategie nach zousätzlech eng breet Verdeelung vun Antigène-Selbsttester vir.
-
Wéi entsuergt een e gebrauchten Antigène-Schnelltest richteg?
Gebrauchte Schnelltester kënnen net recycelt ginn. Se mussen an déi normal gro Poubelle entsuergt ginn.
-
Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mat Destinatioun Lëtzebuerg
Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère iwwert déi nei sanitär Mesurë fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis den 9. Mee
An der Woch vum 3. bis den 9. Mee, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.119 op 936 (-16,4%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 2.967 op 2.423 Kontakter erofgaangen ass (-18,4%).
- Éischt Säit
- ...
- 46
- 47
- 48
- 49
- 50
- ...
- Lescht Säit