Start vun der Impfaktioun fir Sans-abrien

Den 1. an 2. Juni 2021, gouf an de Raimlechkeete vun der Wanteraktioun eng Impfaktioun fir Sans-abrien organiséiert.

  1. ©MIFA

    Wanteraktioun/Findel
  2. ©MIFA

    Wanteraktioun/Findel

Dës Impfaktioun gouf vum Gesondheetsministère, besonnesch vun de mobillen Impfekippe vun der Gesondheetsdirektioun, an dem Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an enker Zesummenaarbecht mat den Associatiounen, déi am Beräich vun de Sans-abrien aktiv sinn, organiséiert.

Sou goufe wärend dësen 2 Deeg vun den 98 ugemellte Persounen 63 Persoune geimpft. Dovunner kruten der 57 den "One Shot"-Impfstoff vu Janssen (Johnson&Johnson). 6 Persounen ënnert 30 Joer kruten eng 1. Dosis vum BionTech/Pfizer-Impfstoff.

All mobil Ekipp huet aus engem Dokter als Ekippechef an engem administrativen a logisteschen Assistent vun der Lëtzebuerger Arméi, dem CGDIS oder der Douane bestanen. D'Virbereedung an d'Koordinatioun tëscht de verschiddenen Associatioune goufe vun der ASBL Dräieck assuréiert.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun an dem Gesondheetsministère

Aktualiséiert