-
Communiqué a Relatioun mat der Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer aus dem Vereenegte Kinnekräich mat Destinatioun Lëtzebuerg
Wéinst der Zirkulatioun vu mutéierte Stämm vum SARS-CoV-2 Virus, déi anscheinend méi ustiechend sinn, a besonnesch am Hibléck op d'Verbreedung vun der Delta-Variant (B.1.617.2.), sinn déi zousätzlech sanitär Mesurë fir Deplacementer aus dem Vereenegte Kinnekräich mat Destinatioun Lëtzebuerg bis de 15. Juli 2021 mat abegraff verlängert ginn.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. Juni
An der Woch vum 21. bis de 27. Juni, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 90 op 107 (+19%) liicht geklommen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 396 op 353 Kontakter weider erofgaangen ass (-11.1%).
-
Start vun den Invitatioune fir d'COVID-19-Impfung fir Jonker am Alter vun 12 bis 17 Joer, mat Prioritéit fir déi Vulnerabelst
Dës Woch ginn déi éischt Invitatioune fir d'Impfung géint de Coronavirus u Jonker am Alter tëschent 12 a 17 Joer verschéckt, ugefaange mat deenen Eelsten.
-
Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung
Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass Lëtzebuerg der Recommandatioun vum Conseil vum 18. Juni 2021, déi d'Recommandatioun (UE) 2020/912 vum Conseil zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, nokomm ass.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. Juni
An der Woch vum 14. bis den 20. Juni, a fir déi 12. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 189 op 90 (-52,3%) weider erofgaangen.
-
Impfung mat enger Kombinatioun aus zwee verschiddene COVID-19-Impfstoffer
Eng Rei Memberstaate vun der EU wenden eng Impfstrategie un, an där bei der éischter an zweeter Dosis verschidde COVID-19-Impfstoffer agi ginn. Zum Beispill kënne verschidden EU-Bierger eng éischt Dosis vu Vaxzevria an eng zweet Dosis vu Comirnaty kréien. An dësem Fall schwätzt ee vun enger heterologescher Impfung (och heiansdo als "mix and match" bezeechent).
-
Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vum Nationalfeierdag 2021
Ried vum Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel.
-
Nationalfeierdag 2021
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, huet den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel stattfonnt.
-
Wuertschatz.lu: Typesch lëtzebuergesch Spréch sammelen an opliewe loossen
Du gëss der Welt Stéiss! Mir si vir bäi an hanne widder! Ech brauch eppes fir hanner d'Knäpp! Dëst sinn typesch Lëtzebuerger Spréch, déi, mat villen aneren zesummen, an den nächste Wochen eng flott Visibilitéit am ëffentleche Raum kréien.
-
Nei Demarche fir e Rendez-vous am Kader vum Large Scale Testing ze huelen
Nei Demarche fir e Rendez-vous am Kader vum Large Scale Testing ze huelen Ab Sonndeg dem 20. Juni, wäert all Persoun ab 6 Joer, déi eng Matricule huet
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. Juni
An der Woch vum 7. bis den 13. Juni, a fir déi 11. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 324 op 189 (-41,6%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 908 op 742 Kontakter erofgaangen ass (-18,2%).
-
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premierminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
-
Presentatioun vum digitale CovidCheck-Certificat (EU DCC) an der CovidCheck.lu App
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den delegéierte Minister fir Digitaliséierung Marc Hansen presentéieren op der Pressekonferenz d'Modalitéiten, wéi een den digitalen EU-COVID-Certificat kritt a wéi een e benotzt. De Livestream fänkt géint 16 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni
An der Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni a fir déi 10. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 354 op 324 (-8,5%) weider liicht erofgaangen, woubäi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vu 766 op 908 Kontakter geklommen ass (+18,5%).
-
World Food Safety Day 2021 – Huelt um Quiz vum Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet deel
Den internationalen Dag fir Liewensmëttelsécherheet (World Food Safety Day) fënnt traditionell de 7. Juni statt.
- Éischt Säit
- ...
- 45
- 46
- 47
- 48
- 49
- ...
- Lescht Säit