COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 17. bis den 23. Mee

An der Woch vum 17. bis den 23. Mee, a fir déi 4. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 728 op 495 (-35,0%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 1.757 op 1.298 Kontakter erofgaangen ass (-26,1%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 17. bis den 23. Mee duerchgefouert goufen, ass vun 49.715 op 72.118 allerdéngs staark geklommen.

206 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 23. Mee war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 1.283 nees erofgaangen (am Verglach zu 1.727 de 16.05.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 66.547 op 67.483 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen ass mat 31,1 Joer éischter stabel bliwwen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll bleift déi nämmlecht, mat 3 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass op 78 Joer erofgaangen.

An de Spideeler ass nees ee Réckgang festzestellen, mat 28 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 43 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better kloer vun 29 op 19 zeréckgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 59 op 58 Joer zeréckgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) erofgaangen, vun 0,85 op 0,81, an de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) ass och zeréckgaangen, vun 1,46% op 0,69% (Wochenduerchschnëtt). Déi selwecht Tendenz gëtt et och beim Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, deen elo bei 1,45% läit, géintiwwer 3,36% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet an allen Altersgruppe weider erof a läit op 7 Deeg bei 78 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 115 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 10. Mee. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 60-74 Joer (-53%) an der Alterstranche vu 75+ Joer (-44%).

D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 12 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 28 Fäll pro 100.000 Awunner. D'Alterstranche vu 15-29 Joer weist deen héchsten Inzidenz-Taux op, mat 120 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 0-14 Joer, mat 104 Fäll pro 100.000 Awunner. Den Inzidenz-Taux vun den Alterstranchë vu 60-74 a vu 75+ Joer, déi d'Haaptzil vun der Impfcampagne waren, ass 5 bis 10 mol méi niddereg, wéi dee vun den 0-14 a 15-29 Joer, déi momentan nach net geimpft sinn.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 17. bis den 23. Mee, waren 1.662 Persounen an Isolatioun (-18,9%) an 1.898 a Quarantän (-29,7% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 495 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 40,5% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Fräizäitaktivitéiten (6,7%), d'Educatioun (5,6%) an d'Aarbecht (3,5%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 39,5% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 17. bis den 23. Mee, goufen am Ganze 34.967 Dosissen aginn. 21.430 Persoune kruten eng 1. Dosis an 13.537 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 25. Mee op 322.751 (1. an 2. Dosis). 112.791 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 10. bis den 16. Mee, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 67,5%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi 630 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 19/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7.) representéiert 79% vun de Fäll
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 5,7% vun de Fäll, am Verglach zu 7,1% an der Woch 18
  • déi indesch Variant (B.1.617) representéiert 3,9% vun de Fäll, am Verglach zu 0,74% an der Woch 18
  • déi brasilianesch Variant (P.1) representéiert 3,7% vun de Fäll, am Verglach zu 4,3% an der Woch 18

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 17. bis den 23. Mee ënnersicht goufen, weist eng konstant Tendenz no ënnen an deene leschte Wochen. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.


Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert